Internationalen Dag vu Leit mat enger Behënnerung – Inclusioun: Wat kann ech dozou bäidroen? (03.12.2015)

"Den 3. Dezember ass säit 1992 den internationalen Dag vu Leit mat enger Behënnerung. Elo kann ee sech froen:"Firwat brauche Leit mat enger Behënnerung hiren eegenen Dag"? Jo, natierlech hu behënnert Leit déi nämlecht Rechter wéi Leit ouni Behënnerung, mee déi nämlecht Rechter hunn, heescht net ëmmer déi nämlecht Chancen a Méiglechkeeten hunn. Wann ech dierf wiele goen, awer net liese kann, kann ech mäi Wahlrecht net ausüben. Wann ech iwwerall eran dierf, awer mat mengem Rollstull néierens era kommen well z.B. Trapen do sinn, bréngt mir mäin theoretescht Recht näischt. Wann ech erakommen, awer kee mech matmaache léisst well ech z.B. méi lues sinn ewéi all déi aner, sinn ech ausgeschloss.

Geschate 15 % vun de Leit liewe mat enger Behënnerung. D’Regierung wäert an deenen nächste Méint, am Kader vun der Ëmsetzung vun der UN-Behënnerterechtskonventioun, verschidde Gesetzprojeten op den Instanzewee ginn, déi zum Zil hu fir d’Liewe vu Mënsche mat enger Behënnerung ze vereinfachen. Gesetzer sinn oft onëmgänglech fir d’Basiskonditiounen ze schafe fir dass aus theoretesche Rechter, konkret Rechter ginn. Dëst geet awer net duer. Ouni de Wëllen, an ouni d’Bereetschaft vun eis all fir d’Servicer un d’Besoine vu jidderengem unzepassen, trëppele mir op der Plaz, an d’Inclusioun vu Leit mat enger Behënnerung an eiser Gesellschaft bleift eng Illusioun. Wat ass dat fir eng traureg Gesellschaft an där nëmmen déi Leit eng Plaz fannen, déi an Topform sinn. Jidderengem steet seng Plaz an der Gesellschaft zou a kee ka sech sécher sinn, dass en net iergendwann – altersbedéngt oder duerch en Accident – op d’Hëllef vun aner Leit ugewise wäert si fir, dass ee säi Liewen esou wäit ewéi méiglech weiderliewe kann ewéi bis elo.

Kommt mir huelen den Dag vum 3. Dezember als Ulass fir eis Gedanken ze maache wat jidderee vun eis kann zu enger gelongener Inclusioun vu Mënsche mat enger Behënnerung bäidroen. Dëst kann zum Beispill eng méi grouss Kabinn am Geschäft si fir d’Gezei och am Rollstull kënnen unzemoossen. Oder ee Schoulsportdag deen esou organiséiert gëtt, datt jidderee ka matmaachen an op deem och Sportaarte fir Leit mat enger Behënnerung virgestallt gi bei deenen och net behënnert Kanner kënnen hire Furri hunn. Oder en ëmgebaute Vëlo fir dass och dat behënnert Kand kann, ewéi all déi aner Kanner, um Vëlosausfluch deelhuelen. Oder d’Theaterstéck an dat och eng Roll mat manner Text agebaut gëtt fir, dass dat theaterbegeeschtert Meedchen, dat net esou gutt auswenneg léiere kann, ka matspillen.

Inclusioun: Jidderee kann eppes dozou bäidroen!"

Corinne Cahen, Minister fir Famill an Integratioun

Communiqué par le ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Region

Dernière mise à jour