Corinne Cahen au sujet des allocations familiales

Sascha Georges: Fir unzefänken e Rechenbeispill. Den Ament gesinn d’Familljenzoulagen 185,60 Euro fir ee Kand pro Mount fir. 440,72 fir zwee an 802,74 fir 3 Kanner. Wann een elo pro Kand dee selwechten Montant kritt, an et huet een der 3, sinn et 3 mol 185,60 Euro, wat dann am Ganzen 556,8 Euro sinn. Da géif eng Famill mat 3 Kanner zum Beispill 245,94 Euro verléieren am Verglach mam System vun elo. Dat heescht, wann een dee géif bäibehalen, respektiv de Basismontant géif bäibehalen. Är Propose war jo, datt am Fong geholl pro Kand elo dee nämmlechte Montant ausbezuelt gëtt, fir et anescht auszedrécken. Do verléieren d’Leit jo dann?

Corinne Cahen: Neen. Also, d’Propose, dat éischt wat mir wichteg erschéngt ass wierklech datt een de Leit net eppes ewech hëllt wou se à moyen an à long terme domat rechnen. Et muss ee wëssen - dat hunn ech gemierkt - elo effektiv, déi Montanten, déi Dir gesot hutt, stëmmen. Fir 4 Kanner kritt een schonn iwwer 1100 Euro de Mount, fir 5 Kanner sinn et iwwer 1500 Euro a mat 6 Kanner kritt een iwwer 1800 Euro de Mount. Dat si ganz vill Suen an dat sinn och Suen, déi, wou d’Leit domat rechnen. Ech hu mir zum Beispill soe gelooss, datt d’Banquieren automatesch wann Dir e Prêt maacht, wann Dir Kanner hutt, automatesch och froen, wéivill Kannergeld datt Dir kritt an datt dat do mat era fléisst fir e Prêt ze maachen. A bon, wann ee weess, datt Prêten awer dacks iwwer ganz vill Joere ginn, kann een jo awer ganz schwéier de Leit 500 oder 600 Euro einfach esou de Mount ewech huelen. Domat géinge mir méi zum Onwee maachen wéi mir gutt géinge maachen. An ech géing dat och wierklech net fair fannen, fir de Leit esou vill Suen ewech ze huelen, ob déi se wierklech awer mëttel- a laangfristeg zielen. Dofir sinn d’Rechnungen am Fong anerer. An d’Ideeën, déi ech lancéiert hunn si ganz anerer.

Mir mussen méi een, een System maachen, dee méi einfach ass. Deen hei System ass ze komplizéiert. Mir bezuelen quasi, also haut bezuele mir quasi d’Halschent vun den Allocations familliales an d’Ausland. Et gëtt net een Ausland, et gi lauter Länner. An do ginn et natierlech an éischter Hisiicht d’Fransousen, d’Belsch an déi Däitsch. Wou d’Montanten och ganz anerer scho sinn vun den Allocatiounen, wéi zu Lëtzebuerg. Wann dann een Elterendeel hei zu Lëtzebuerg schafft, da kritt en de Complément bezuelt. Dat sinn da schonn fir déi 3 Länner verschidden Rechnungen. An da ginn et awer och nach méi exotesch Länner soen ech emol, Länner, déi méi wäit ewech sinn. Dat heescht, et ass wierklech komplizéiert fir ze rechnen wéi, wéivill dierf, soll, kënne, kréien an esou weider.

Sascha Georges: Mee dat muss jo awer iergendwann eng kéier kommen, déi Rechnung. Iergendwann eng kéier muss jo gesot ginn, sou, mat deem neie System, deen ab dem, 2015 soll gëllen, muss jo am Fong geholl dann awer e Montant stoen, hei esou vill pro Mount gëtt et, an dat ass jo ëmmer deen nämmlechten, an dee muss jo da méi héich sinn wéi elo déi ablécklech 185,60 fir datt d’Leit effektiv wéi Dir sot näischt verléieren.

Corinne Cahen: Also, ee Kand wat elo nach net ënnerwee ass, dat heescht, eent wat nom 1. Januar 2015 op d’Welt kënnt, dat verléiert jo mol näischt, well et gëtt d’Kand jo mol nach net. Et verléiert ee jo just eppes wat ee schonn huet. An do ass eben jo wierklech mäin éischt Bedenken dat, datt ech eben net wëll, datt mir ons iwwerleeën, wéi kéinte mir de System maachen - et gi wierklech verschidde Méiglechkeeten - mee wéi kéinte mir de System maachen, datt déi Leit, déi elo d’Kannergeld kréien, net verléieren? An do war eng vun den Ideeën, déi ech effektiv e Méindeg an engem Interview gesot hunn, déi, datt een kéint zum Beispill driwwer nodenken, fir ze soen, ma ab dem 1. Januar 2015 kritt all Kand wat op d’Welt kënnt e Montant X. Well wat ech nach net gesot hunn, wat och wierklech hei matspillt, dat ass, virun 30 Joer wou déi, dat Kannergeld agefouert ginn ass, du war déi klassesch Famill wierklech nach e Papp, eng Mamm an zwee Kanner. Et ass awer esou, datt dat ëmmer manner esou ass. Där Familljen ginn et natierlech nach, mee et ass awer ëmmer méi datt et immens komplizéiert ass. Datt eng Koppel zwee Kanner huet an de Mann, dee geet dann, deen verléift sech an eng aner Fra, déi huet schonn e Kand an hien kritt nach ee Kand mat hier, an d’Fra, déi geet, déi ass mat engem Mann zesummen, deen huet schonn 2 Kanner mat enger Fra an e Kand mat enger zweeter Fra, an esou weider, an et ass immens komplizéiert, de Grupp ze rechnen. Wien ass dat 3. oder dat 5. Kand?

Sascha Georges: Egal wéi, fir e bësse méi konkret ze bleiwen. D’Leit maachen sech jo effektiv elo Gedanken, wann ech elo, soe mir mol dann och 2015 réischt e Kand kréien, hunn ech da manner wéi déi Leit, déi bis elo eent kruten?

Corinne Cahen: Dat kéint eventuell eng Pist sinn. Dat kéint effektiv [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Dann hunn ech jo eng zwou Klasse Gesellschaft.

Corinne Cahen: Neen, well, wéi gesot, et hëlt ee jo kengem eppes ewech, deen et net schonn huet. Eppes ewech huelen kann een just engem deen et schonn huet. An ech wëll awer wierklech kengem och ënnerstellen datt e Kanner mécht wéinst dem Kannergeld. Also, dat mengen ech awer wierklech net. An dofir wier et fair datt all Kand dat selwecht kritt. Eben wéi gesot, och well dat immens komplizéiert ass. Well ass en herno dat éischt Kand oder ass een dat drëtt Kand, well der schonn zwee awer vun engem Partner do sinn, an esou weider. Dat sinn immens komplizéiert Rechnungen. Dat ass immens komplizéiert och iwwerhaapt do ze uerteelen.

Sascha Georges: Mee schwieft Iech iergend eng Kompensatioun fir? Oder gëtt wierklech gesot, OK, ab 2015 gëtt et manner fir déi Leit, déi da Kanner kréien?

Corinne Cahen: Et gëtt elo am Moment nach guer näischt gesot. Et gi just Ideeën an de Raum gesat. An ech sinn och immens frou, ech krut ganz vill Messagen a Mailen a Facebook Messagen déi lescht Deeg. An do ware wierklech och gutt Ideeën derbäi. Et geet jo drëms de System ze vereinfachen an et geet och drëms, mir hunn awer bei Wäitem dat héchsten Kannergeld an Europa. Also bei ganz Wäitem hu mir dat héchsten Kannergeld an Europa. Dat heescht, do wäert sech och net ganz vill drun änneren, datt mir bei deem héchsten Kannergeld an Europa bleiwen.

Sascha Georges: Mee et gëtt manner.

Corinne Cahen: De Chiffer vu wéivill dann pro Kand soll ausbezuelt ginn ass nach net definéiert. Mir sinn am gaangen eben verschidden Rechnungen ze maachen. Mee et soll eben, de System soll méi einfach ginn. Ech hunn zum Beispill [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: A méi spuersam awer. Also manner.

Corinne Cahen: Ah jo, wann en an Zukunft méi einfach gëtt, dann ass en natierlech och fir de Staat natierlech méi spuersam, schonn eleng an de Frais d’administration. Well op der Kannergeldkeess, do schloe se wierklech d’Rad. Well, wéi gesot, bon, hei zu Lëtzebuerg, wann Dir e Kand kritt, da kritt Dir Kannergeld. An dat geet automatesch. Ech hunn a mengem Liewen nach ni op d’Kannergeldkeess ugeruff, éier datt ech, also vun deem Moment un wou ech Kanner hat. Mee et ass awer esou, datt déi déi de Complément kréien, eben d’Frontalieren, och  déi déi vu méi wäit kommen, jo déi, do geet et awer heiansdo ëm 5 Euro méi oder manner oder, wat gehéiert zu den Allocatiounen an hirem Land a wat gehéiert net dozou. An dat ass esou komplizéiert, dat heescht, do misst ee wierklech de System vereinfachen. A wann een ee Montant pro Kand huet, egal wéi e Montant dat elo ass, well ech wëll elo keen an de Raum setzen, well et gëtt nach keen [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Wéini kënnt deen dann? Dat ass jo dat wat d’Leit wierklech interesséiert.

Corinne Cahen: Jo mee am Moment si mir wéi gesot am gaangen ze rechnen wat, och wat ee kann zesumme leeën vun den Allocatiounen an esou weider, fir iwwerhaapt mol ze, fir de Leit effektiv net zevill ewech ze huelen, fir e System ze maachen, deen déi nächst Joerzéngten och gutt ass an einfach ze géréieren.

Sascha Georges: An déi 2 Systemer, Dir sot et, einfach géréieren, lafen jo elo mol parallel am Ufank? Ass dat net awer och e groussen administrative Opwand?

Corinne Cahen: Si lafen nach net parallel. Et war just emol eng Idee. Eng aner Idee, ech kann nach eng aner Idee lancéieren. Eng aner Idee wier déi fir ze soen, majo, fir 2 Kanner gëtt et, also fir dat éischt Kand an dat zweet Kand gëtt et dat nämmlecht a fir dat drëtt, well d’Leit argumentéieren jo dann e bëssen materialistesch zu Lëtzebuerg, dass een do e neien Auto muss kafen, wann een en drëtt Kand kritt. Do, ech weess net, et ginn aner Méiglechkeeten. Et gi vill Méiglechkeeten. Mee dat war elo eng Méiglechkeet, déi ech effektiv an de Raum gesat hunn. Well et eben effektiv eng Méiglechkeet wier, déi relativ einfach wier an déi kengem eppes géing ewech huelen.

Sascha Georges: Mee Dir baséiert Iech drop, datt d’Kand, also een zweet Kand net méi deier gëtt wéi een éischt Kand. Am Géigesaz zu deene Regierunge virdrun.

Corinne Cahen: Jo, neen. Dat, ech mengen virun 30 Joer gouf ganz gewollt eng natalistesch Politik gemaacht. A mir maachen awer gewollt keng natalistesch Politik. Dat huet och net, weder zu Lëtzebuerg, nach soss an Europa déi Resultater bruecht. Frankräich huet nach ëmmer eng natalistesch Politik, mee dofir maachen d’Leit awer net onbedéngt méi Kanner. Wéi gesot, ech hunn dat schonn gesot, ech mengen net datt iergendeen e Kand mécht wéinst dem Kannergeld. An dat ass eben d’Erkenntnis awer [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Mee et ass awer net schlecht wann een et sech leeschte kann, well soss mécht een och keent. Léift eleng geet leider net duer.

Corinne Cahen: Léift eleng geet net duer, dat stëmmt honnertprozenteg. Mee ech mengen och, wann Dir 185 Euro kritt fir e Kand, mengen ech net datt Dir d’Wëndelen, d’Poussette an all d’Kannerkutsch an ech weess net wat alles kënnt kafen. Mat 185 Euro de Mount, also. Dofir mengen ech och datt een, et ass jo net de Staat, de Staat bezilt jo net e Kand. De Staat, deen bezilt dem Kand eppes fir eben ze hëllefen. Mee awer net, dass de Staat deen iwwerhëlt jo net d’Fraisen vun engem Kand. Well, wann een d’Étudë kuckt wéivill e Kand am Laf vu sengem Liewe kascht, also, déi huet ee besser déi kuckt een dann net.

Sascha Georges: Vläicht ofschléissend ganz séier, wier et net och eng Méiglechkeet ze soen, einfach d’Kannergeld e bëssen ze staffelen am Sënn no de berühmten breede Schëlleren. Dat heescht, déi Leit déi et méi néideg hunn kréie méi, déi Leit déi net esou vill Suen brauche vum Staat, Ënnerstëtzung brauchen, kréie manner.

Corinne Cahen: Dat ass zum Beispill och eng ganz gutt Iwwerleeung, déi mir och féieren, effektiv. Fir eben ze kucken, och elo mam Kannergeld, wéi et aktuell gëtt, effektiv ze soen, majo, dat sinn Iwwerleeungen. Mir hate gëschter e Brainstorming vun iwwer zwou Stonnen op der Kannergeldkeess, do war dat zum Beispill och ugeschwat ginn. Wéi gesot, et muss een d’Machbarkeet ëmmer dovun kucken. An dann dierf een awer net vergiessen, datt d’Suen jo, et ass jo Kannergeld, et ass jo fir Kanner. An d’Kanner solle jo awer all gläich sinn. Dat heescht och do ass et awer schwiereg ze soen, ma dat do Kand ass méi gläich wéi dat do, oder dat do ass e räicht Kand oder en aarmt Kand. Da si mir an där Discussioun wéi mat de Studiebäihëllefen. Dat ass, dat ass net gesond. E Kannergeld ass e Kannergeld fir d’Kanner  [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Mee et ass nach näischt ausgeschloss?

Corinne Cahen: Nee, et ass iwwerhaapt näischt ausgeschloss. Mee wéi gesot, fir mech ass et wichteg datt een de Leit net Suen ewech hëllt ob déi se zielen a mat deenen se wierklech net nëmmen iwwer een Joer, mee iwwer méi Joeren rechnen. An dofir si mir eben am gaangen z’iwwerleeën, wéi mir dee ganze System och, et gëtt jo net nëmmen Kannergeld, et gëtt och d’allocation de rentrée scolaire, d’majoration d’âge, et gëtt d’allocation d’éducation, et gëtt d’allocation de naissance, de maternité, de congé parental, dat ass jo immens vill, also. Et ass jo awer trotzdem e grousse Batz. An da probéiere mir, wéi mir dat, am Fong geet et net ëm Spueren, mee et geet drëm, eng besser Politik ze maachen. Politik ze moderniséieren, d’Aart a Weis wéi mir fueren ze moderniséieren. Op d’Welt vun haut an op d’Aart a Weis wéi d’Leit haut liewen.

Sascha Georges: An der Rei. Loossen mir eis déi konkret Virschléi da mol ofwaarden, nach. Villmools Merci fir elo Corinne Cahen.

Corinne Cahen: Villmools Merci och.

Dernière mise à jour