Corinne Cahen au sujet de la politique des réfugiés

"De Problem ass, mengen ech, einfach virun allem, datt et eng Angscht virun Onbekanntem ass"

Interview vum François Aulner (Radio 100komma7):

Weltwäit waren Enn 2013 méi wéi 50 Millioune Mënsche gezwongen hiert Doheem ze verloossen; 50 Milliounen intern oder extern Deplacéierter also. D'Zuel vun de Flüchtlingen an den Drock op d'Pays d'accueil wiisst.

Ass Lëtzebuerg gutt preparéiert fir Flüchtlingen opzehuelen? Ginn d'Flüchtlingen hei am Land gutt empfaang an integréiert? Wéi ka Lëtzebuerg hëllefen, fir datt net méi sou vill Mënschen iwwerhaapt musse flüchten? Dat si just e puer vun de Froen op déi mir probéieren an der nächster Stonn anzegoen. Am Studio bei mir si wéi gesot d'Corinne Cahen, Famillen- an Integratiounsministesch, an de Serge Kollwelter, fréiere President vun der ASTI. Iech zwee Merci, datt Dir hei sidd an e gudde Mëtteg.

Corinne Cahen: Gudde Mëtteg.

Serge Kollwelter: Gudde Mëtteg.

François Aulner: Madame Cahen, ier mir op de Sujet Flüchtlingspolitik aginn, wollt ech Iech awer nach als éischt natierlech dat hei froen: gëschter huet d'Press gemellt, datt d'Regierung plangt, d'Allocation d'éducation an d'Allocation de maternité vum nächste Joer un ze sträichen. Datt d'Allocation d'éducation ofgeschaf gëtt, dat hat Dir awer schonn am Januar an der zoustänneger Chamberkommissioun erwänt.

Corinne Cahen: Wou et och dorëms geet virun allem ass ëm d'Kanner, ëm d'Familljen. Et geet ons dorëms fir besser Zukunftschancen ze hu fir d'Kanner. Mir maachen de Constat, datt ganz vill Monoparentaux, 86% vun de Monoparentaux si Fraen. Mir maachen och de Constat, datt vun deenen der ganz vill am RMG sinn. Mir maachen och de Constat, datt ee Mariage vun zwee, méi wéi ee Mariage vun zwee, gescheet gëtt, dat si nun emol d'Realitéite wéi se haut um Terrain sinn.

An do musse mir natierlech alles maache fir déi finanziell Onofhängegkeet vun all Partner an enger Partnerschaft ze garantéieren. An natierlech dann och d'Welt sou ze gestalten, datt jiddweree ka Beruff a Famill ënnert een Hutt kréien; datt mir ebe wëllen, datt jiddwereen onofhängeg ass. Mir hunn awer och, wëll ech soen, de Congé parental natierlech. Et ass net esou, datt d'Kanner direkt mussen an eng Institutioun goen. De Congé parental, deen ass am Moment 6 Méint fir béid Partner. Wann Dir da mat den 3 Méint Congé de maternité, déi der no der Gebuert hutt, rechent, dann ass d'Land 15 Méint al dee Moment.

Mir sinn der Meenung, datt jiddweree muss e fräie Choix hunn, mä mir sinn awer och der Meenung, datt d'Politik do ass fir e Kader ze setzen an datt d'Politik och en sorte muss maache fir do u muer ze denken. Mir däerfen net nëmmen un haut denken, mir mussen och u muer denken, mir mussen un d'Kanner vu muer denken.

Mir maache wéi gesot nach aner Constaten, zum Beispill datt ganz vill Kanner en Echec scolaire hunn. All zéngten huet iwwerhaapt keen Diplom wann en aus der Schoul kënnt. 70% vun deenen déi eng 1e oder eng 13e maache sinn eng Kéier duerchgefall. Dat ass enorm, dat gëtt et soss néierens. A wa mir dat dann alles constatéieren, da soe mir, da musse mir de Kanner besser Zukunftschancë ginn, mir mussen hinnen déi richteg Outile mat op de Wee ginn, spréch se Sprooche léieren, schonn éier si vläicht an d'Schoul kommen, se mat de Sproochen a Verbindung setzen. An dann awer och virun allem d'Fraen encouragéieren fir eegestänneg ze sinn, fir de Fall wou se eng Kéier misste fir sech selwer suergen, datt si dann dat och kënnen.

François Aulner: Dat heescht, d'Allocation d'éducation gëtt, also dat gëtt dann dës Woch annoncéiert, datt déi tatsächlech ofgeschaf gëtt?

Corinne Cahen: Wéi gesot, ons geet et dorëms eng global Politik ze maachen, et geet ons dorëms de Leit och e bësselchen d'Aen opzemaachen, d'Mentalitéiten e bësselchen ze changéieren. An et geet ons dorëms, fir wéi gesot, déi finanziell Onofhängegkeet vun all de Partner an enger Partnerschaft och z'ënnerstëtzen an an déi Richtung ze goen.

Et geet ons net dorëms fir iergendwéi engem e Choix ewechzehuelen. Ganz au contraire, mir sinn der Meenung, datt jiddwereen de Choix muss hunn, mä et muss een natierlech och säi Choix assuméieren.

Ech wëll Iech nach eng Kéier soen, mam Congé parental do ass ee weider sozialverséchert et huet ee sécher seng Carrièresméiglechkeet weider, well een duerno nees an de Betrib kënnt, wat alles mat der Allocation d'éducation net ass. An dat musse mir jo evitéieren. Mir mussen evitéieren, datt d'Fraen net méi op de Marché de l'emploi kommen, mä datt se eben awer iergendwéi e Fouss dobannen halen, fir ebe finanziell onofhängeg ze sinn.

François Aulner: A wéi ass et mat Stéit déi awer wierklech op déi Hëllef ugewise sinn? An et gouf jo awer och scho staark Kritik, eben datt dat Sozialofbau wär, soten déi Lénk zum Beispill?

Corinne Cahen: Dat ass iwwerhaapt kee Sozialofbau, just de Contraire ass de Fall. Mir wëllen evitéiere wéi gesot, datt Leit an den RMG falen. Mir wëllen iwweregens och an enger nächster Etapp déi Leit déi am RMG sinn encouragéieren nees schaffen ze goen, méi schaffen ze goen.

An et ass ebe just de Contraire wat mir maachen, well dat kann een nëmme soe wann ee ganz kuerzsiichteg denkt. Wann een awer bësse méi mëttel- oder laangsiichteg denkt, da gesäit een awer, wéi gesot, et ass e Fakt, datt ee Mariage op zwee gescheet gëtt, also kann et jo och fir déi Lénk a fir all déi aner nëmme vu Virdeel sinn, wa jiddweree finanziell onofhängeg ass, well soss fale mir an d'Précaritéit, an dat wëlle mir jo awer wierklech net.

François Aulner: A wéi reagéiert Dir dann op d'Kritik lo vun der CSV, vum Här Spautz?

Corinne Cahen: Wéi eng mengt Dir?

François Aulner: Ma, datt et och eben net de richtege Choix ass dee Wee ze goen, an datt si am Fong geholl an der Chamberkommissioun awer souze wéi am Januar Dir schonn dee Punkt erwänt hat.

Corinne Cahen: Do kann ech jo souwisou nëmme staunen, well do hu si effektiv näischt gesot gehat.

Bon, ech weess net wat si elo gemaach hätten an der Familljepolitik. Ech weess wat si déi lescht 30 Joer an der Familljepolitik gemaach hunn. An ech weess awer och wat den Här Spautz d'lescht Joer net gemaach huet, nämlech am Fong geholl huet en alles net gemaach, dat heescht, en huet näischt gemaach. Et louch näischt do, weder an den Allocations familiales. Et war näischt virgerechent, et ware guer keng Pisten do.

Also, et ass ëmmer einfach ze kritiséieren, et muss een awer och maachen. Wéi gesot, mir sinn ugetruede fir d'Land ze moderniséieren. Virun 30 Joer war d'Welt eng aner wéi haut. An ech si sécher an 30 Joer ass d'Welt nees eng aner wéi haut. Mä mir sinn do fir d'Politik a fir d'Rahmenbedingungen, d'Gesetzer esou unzepassen, datt d'Leit haut sech kënne fräi doranner beweegen.

François Aulner: Zanter engem Joer steet awer dann och lo eng eventuell Reform vum Kannergeld am Raum. Ass vum nächste Joer un dann och mat Ännerungen do ze rechnen?

Corinne Cahen: Also net direkt, mä mir schaffen effektiv dorunner. Mir waarden nach op e puer juristesch Äntwerten, éier datt mir domat elo wëllen un de Grand public goen. Mir musse kucke wéini déi kommen.

Mä och do ass et d'selwecht, genau dat wat mir ugekënnegt hunn, dat wat d'Regierung gesot huet wat si wéilt maachen: mir wëllen all Kand d'selwecht behandelen. Mir wëllen, datt ee Kand sou ass wéi dat anert. An op där anerer Säit si mir ons bewosst, datt déi Montante vum Kannergeld immens héich sinn, a mir sinn ons bewosst, datt d'Leit domat rechnen, an datt mir déi net kënnen einfach esou kierzen.

An dofir siche mir eben eng Solutioun fir d'Zukunft wou déi zwee Systemer do, wou déi zwou Saachen do compatibel matenee sinn. Wéi gesot, datt déi eng déi scho Kannergeld kréien näischt verléieren, an datt vläicht en neie System agefouert gëtt. Wéi gesot, mir wëllen op méi Sachleeschtunge goen a manner Geldleeschtungen. Et ass bewisen, datt Geldleeschtungen d'Kanner net direkt aus der Aarmut eraushuelen, datt dat Geld, boert Geld wat ee bezilt net onbedéngt direkt fir d'Kanner ass. An ech mengen, dat ass onst Zil, fir wierklech, onst declaréiert Zil ass et, fir datt d'Kanner déi nämmlecht Chancen alleguerten hunn, datt si de soziale Lift kënnen huelen, an datt si net an d'Aarmut kommen.

François Aulner: Also dat Ganzt, e Gesamtpak deen och zum Deel awer och an den Annoncë vun dëser Woch an der Ried vum Här Bettel wäerten afléissen?

Corinne Cahen: Absolut. Do wäert d'Gesamtpolitik vun der ganzer Regierung natierlech duergeluecht ginn. An do hu mir och effektiv Choixe gemaach zu deene mir alleguer stinn, zu deenen d'ganz Regierung steet a wou wierklech awer och dat Normaalst vun der Welt ass, wéi gesot, wann een no 30 Joer net ka mol eng Kéier Saachen iwwert de Leescht zéien a soen, wéi ass d'Welt haut, da brauch een och keng Politiker méi.

François Aulner: D'accord, komme mir also elo bei den eigentleche Sujet vun der Emissioun: d'Flüchtlingspolitik. Här Kollwelter, Merci fir Är Gedold. Virop fir e Bild ze ginn hei um Radio proposéieren ech e kuerzen Extrait vun engem Témoignage. Ech hu virgëschter um Bord vum EU-Conseil vun den Immigratiounsministeren hei um Kierchbierg den Alami getraff, e Réfugié aus Eritrea, deen zanter 4 Joer hei am Land ass. Hien ass iwwer Libyen a Malta an Europa geflücht a gehéiert zu de Glécklechen déi d'Traversée iwwert d'Mëttelmier gepackt hunn. Ech hunn e gefrot, wéi hie seng Rees ëmfonnt huet.

Zeien (Iwwersetzung): Et ass ganz schlecht, well vill Mënsche stierwe wa si probéieren iwwert d'Mëttelmier ze kommen. A wa si bis an Europa sinn, da musse si kucke fräi kënnen ze liewen, eng Aarbecht ze fannen an ee gutt Liewen ze féieren. A si musse kucke wat mat der Famill geschitt. Vill Mënsche wéi ech aus Eritrea, mä och soss aus Afrika, hu grouss Problemer. Et ass wierklech haart.

François Aulner: Schlecht, Problemer, haart – dat sinn dem Alami seng Wierder fir seng Rees ze beschreiwen. Madame Cahen, ass et schwéier sech virzestelle wéi et ass e Flüchtling ze sinn, wann een net selwer een ass?

Corinne Cahen: Et wëll ee sech et guer net virstellen. Déi Fro betrëfft mech nu wierklech ganz besonnesch well ech a menger Famill ganz vill Flüchtlingen hat an der Vergaangenheet. Et brauch ee just u viru 70 Joer ze denken. An sou en Témoignage geet mir wierklech ganz no.

François Aulner: Här Kollwelter, Dir waart a sidd och dacks a Kontakt mat Leit wéi den Alami. Wéi géingt Dir dat beschreiwen, wéi déi Leit sech fillen, wat déi Leit eigentlech duerchmaachen?

Serge Kollwelter: Ech hu lo net dee Passé familial wéi d'Madame Cahen, mä et huet een ëmmer sou d'Gefill, wéi wann ee vun den Zuelen ecraséiert gëtt. En fait sinn et awer am Fong geholl lauter eenzel Schicksaler déi dat ausmaachen. An d'Zuelen déi féiere méi zu enger Anonymitéit, oder och dozou, datt ee seet, zu enger Hëlleflosegkeet gewëssermoossen, well dat si jo, Dir hutt d'Zuele genannt, dat si jo Problemer déi net esou einfach an de Grëff ze kréie sinn. An da si sou eenzel Schicksaler wéi deen deen Dir lo gespillt hutt, natierlech ganz heavy.

Ech verstinn och net, wann da gesot gëtt, mir musse lo oppassen, datt net Leit kommen déi iwwert deen dote Wee, Jihadisten déi wëllen erakommen. Also en Jihadist geet vun Eritrea net iwwert dee Wee wéi den Alami, mat ech weess net wat fir enger Camionnette, an dee setzt sech och net zu Tripolis an e Boot wou d'Chancë grouss sinn, datt en ënnergeet. Ech mengen, déi hunn aner Weeër ze goen.

Dat heescht, dat ass och nees de Risiko, datt mir Saache matenee vermëschen. Ech wëll kengesweegs déi Gefor vun de Jihadisten erofspillen, ech mengen, et muss een och där Fro an d'Ae kucken. Awer et ass einfach de Risiko, datt dann nees eng Kéier no den Zuelen och nach d'Vermëschung vun de Situatioune kënnt.

François Aulner: Ech proposéieren dann hei, datt ech  ebe virspille wat den Här Asselborn gesot huet. Lëtzebuerg huet sech engagéiert, 20 zousätzlech Réfugiéen all Joer opzehuelen. Mä Lëtzebuerg huet och schonn, wéi gesot, ufanks vum Joer sech engagéiert 60 syresch Flüchtlingen opzehuelen – 28 si schonn hei, 32 solle lo sou séier wéi méiglech iwwert d'Tierkei op Lëtzebuerg kommen. An de Jean Asselborn, den Ausseminister, sot en Donneschden, Dir waart dobäi, Här Kollwelter, datt ee sech net däerf aschränke loossen aus Angscht, et kéinte Jihadiste sech ënnert de Réfugiéë mëschen. Hei ass en Extrait aus sengem Statement.

Jean Asselborn (O-Toun): Dat ass eng Affaire déi menger Meenung no, awer och wann ee se gutt ugeet, kontrollabel ass. Selbstverständlech muss een dat maache mat den Déngschter, mam SREL och zu Lëtzebuerg, a mat deenen Déngschter déi dovunner eppes kennen. Ma refuséiere fir op e Wee ze goe fir elo Réfugiéen opzehuelen, well et kéinten eventuell déi Mouvementer vun de Jihadiste sech kéinten doranner infiltréieren, dat wier deene Recht ginn. An dat wëlle mir jo net. Ech mengen, déi mënschlech Approche déi mir haten zu Lëtzebuerg wëlle mir och weiderféieren.

François Aulner: Also Här Kollwelter, ech huelen un, Dir begréisst déi Approche vum Här Asselborn. Mä riskéiert et net awer eng Gefor ze ginn, trotzdem?

Serge Kollwelter: D'Liewen ass voll Gefor. A fir deen dee sech an e Boot setzt, dee setzt säi Liewe gewëssermoossen op d'Spill. Net aus Abenteuerloscht. An dat sinn der dauernd an dauernd.

Ech mengen, den Här Alami, deen hat nach d'Chance, datt e viru Malta vun der maltesescher Flott récupéréiert ginn ass. Si waren zu 167 op deem Boot. A wéi de Stuerm bis komm ass, konnt dat net méi fueren. Ech mengen, do sinn d'Geforen.

Wéi gesot, da bleift nach déi Fro vun de Leit déi sech géifen aschläichen. Mä ech mengen dat misst awer op enger anerer Plaz gecheckt gi wéi wann d'Leit hei zu Lëtzebuerg sinn. Bis op Weideres hu mir jo nach keng Mëttelmierküst hei, also gi se mol nach anzwousch aneschters doduerch. An ech mengen, de SREL hätt gutt fir sech mol selwer nees frësch opzestellen an da géife mir gesinn, ob en och an deem dote Gebitt Kompetenzen huet. Dat ass awer just eng perséinlech Meenung.

François Aulner: Madame Cahen, wéi gesitt Dir dat?

Corinne Cahen: Dat ass een europäesche Problem an dee muss och europäesch geléist ginn. Effektiv hu mir keng Mëttelmiergrenzen hei zu Lëtzebuerg, wéi den Här Kollwelter gesot huet. An ech mengen ,dat ass wierklech eppes wat op Europaniveau muss gekläert ginn. Et däerf een awer och net Leit net hëllefen aus Angscht, et kéint mol e Béisen dobäi sinn. Et sinn iwwerall Gudder a Béiser souwisou. An ech menge wierklech, datt mir do ons mussen op europäeschem Niveau zesummendoen, fir ze kucke wéi mir déi vläicht kënnen interceptéieren. Mä do ass Lëtzebuerg jo just e ganz klenge Fësch.

François Aulner: Mir hu lo virdrun e bësse vum Schicksal vun deene Leit geschwat, ma trotzdem, Madame Cahen, Här Kollwelter, et ginn ëmmer erëm Leit déi sech géint d'Ophuele vu Flüchtlingen ausdrécken, net nëmme lo wéinst der Angscht vu Jihadisten, mä et si Gott säi Dank kloer déi Wéinegst déi sech sou ausdrécken. An et gouf awer lo zum Beispill am Ufank vum Joer, wéi de Jean Asselborn annoncéiert hat, datt Syrer géingen op Lëtzebuerg kommen, also opgeholl ginn, gouf et um Internet ënnert anerem Commentairë wéi „mir hu genuch Problemer hei am Land“. An et ass jo och esou, datt Onlinemedie scho keng Commentairë generell méi erlaben, wann Artikelen iwwert d'Ophuele vu Flüchtlinge publizéiert ginn.

Här Kollwelter wat ass Är Erfahrung mat Leit déi sech esou ausdrécken a géint d'Ophuele vu Flüchtlinge sinn? A wat äntwert Dir deene Leit?

Serge Kollwelter: Ech menge, wann déi Leit Befierchtungen ausdrécken, da muss een dat sérieux huelen.

Ech weess lo net wien déi sinn. Et ass jo leider esou, datt déi sech ganz oft an der Anonymitéit verstoppen. Mä dat huet jo net all Wäert vun deem wat si soen. Mä wann dat Leit sinn déi et och am Liewe schwéier hunn, da kann ee verstoen, datt si sech schwéier di fir dee Fait, datt mir eise Verflichtungen nokommen, mir hu wéi dee meeschte Länner op der Welt déi Genfer Konventioun ënnerschriwwen, an déi eis einfach verflicht, datt een dee bei eis un d'Dier klappt an dee seet, ech brauch Schutz well ech verfollegt sinn – domat huet en nach net d'Recht hei definitiv ze bleiwen, mä en huet d'Recht drop, datt mir kucken, sinn déi Ursaachen déi en uféiert, sinn déi berechtegt, datt mir him Schutz ginn.

A während där Zäit ass et effektiv, d'Gemeinschaft, dat heescht, de Steierzueler, via d'Regierung, déi fir déi Leit opzekommen huet.

Datt dat vun engem dee selwer an enger schlechter Situatioun ass vläicht op Onverständnis stéisst, dat verstinn ech. Mä n'empêche, mir sinn nach bis op Weideres net bei deenen äermste Länner op der Welt an de Fait fir eise Verflichtungen och do, duerch dat wat et kascht, entgéint ze kommen. Ech mengen, dat ass eppes wat fir eis Valeure wichteg ass.

Mir sinn e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun a mir wëssen, ëm wat datt et do geet. Et geet net nëmmen dorëm, datt mir vun där Unioun selbstverständlech och wirtschaftlechen Erfolleg hunn, mä et geet och dorëm, datt mir déi Wäerter déi mir jo deenen anere gewëssermoossen ofschwätzen, mä da musse mir, wann et ëm eis geet, och zu hinne stoen. A wéi ee sou schéi seet, dat kascht eppes. Dat kascht iwwerwannen, dat kascht entgéintkommen an et kascht och Suen.

François Aulner: Madame Cahen, hutt Dir och Erfahrung gemaach mat sou Leit? Dir sidd lo ee Joer Familljen- an Integratiounsministesch, Dir hutt d'Syrer och emfaangen um Findel. Hutt Dir och scho Leit begéint déi am Fong méi e radikalen Discours hunn, oder déi eigentlech, och wann een dat lo kann novollzéien, dogéint sinn, datt ee sech ëm déi Leit finanziell esou vill këmmert, wann et och Leit ginn déi hei déi Hëllef bréichten.

Corinne Cahen: Also, ech krut ganz vill Réckmeldunge wou ech d'Syrer op de Fluchhafe siche war. Ech krut vill Mailen, ech krut vill Facebook-Messagen. A bon, d'Leit hu mech da vernannt, mir mussen hei ënnert der Bréck schlofen an déi kréien da lo en Haus, an esou.

Bon, de Problem ass, mengen ech, einfach virun allem, datt et eng Angscht virun Onbekanntem ass. Et ass Angscht virun engem aneren deen ech net kennen, virun deem senger Kultur déi ech net kennen. Et ass Angscht virun, wat geschitt da lo wann deem seng Kanner bei meng Kanner an d'Klass kommen an esou. A mir maachen awer d'Erfahrung, datt déi Leit déi da Flüchtlingen zum Beispill bei sech am Duerf wunnen hunn, oder am Quartier wunnen hunn, déi sinn am Fong ganz aneschters, déi schwätzen net esou. Déi si vill méi hëllefsbereet och.

Wësst dir, et ass ganz einfach, et geet keen de gaieté de coeur doheem fort. Wann ech an en anert Land lo schaffe ginn, well ech net méi hei op der Bank schaffen mä anzwousch aneschters, dat ass eng Saach. Mä et geet awer keen, et léisst keen alles, seng Famill, seng Frënn a säi Liewen hannert sech, wéi mir lo grad héieren hunn, fir op engem Boot zu 167 säi Liewen ze riskéieren, just aus gaieté de coeur, well dat deem elo sou an de Krom passt. Dat ass net de Fall.

Déi Leit déi heihinner kommen, ob dat Syrer sinn oder anerer, deene kann ee jo net reprochéieren, datt déi op der Sich no enger besserer Zukunft si fir sech a fir hir Kanner. Ob si lo kënne bleiwen oder net, dat hänkt jo dacks dovunner of, ob si wierklech a Gefor si vun do wou se kommen oder net. Mä en attendant ass et awer un ons, also et ass op jiddwer Fall, ech mengen, et ass awer un ons fir ze probéieren se z'integréieren, et ass un ons fir se opzehuelen. Wa mir muer an enger schlëmmer Situatioun hei sinn, da si mir och frou wa mir mat oppenen Äerm emfaange ginn, an net wa mir mussen ëmmer nees weider reese well keen ons wëll.

Serge Kollwelter: Ech géif gären nach eppes dobäi soen, d'Madame Cahen hat dat, mengen ech, virdru kuerz gesträift, wann ech dat richteg tëscht den Zeile geliest hat, dat ass, an eiser Geschicht, wéi d'Nazitruppen an d'Land agefall sinn, do si 50.000 Lëtzebuerger evakuéiert ginn a Frankräich. Dat war och e gewëssenen Typ vu Réfugiéen. 50.000, dat muss ee sech mol virstellen. Gutt, de Verglach dee soll een net lo 1:1 maachen, dat wär net korrekt. Déi meeschte Leit, no e puer Méint konnte si nees zeréckkommen op Lëtzebuerg, mä n'empêche.

Sou Situatioune si mir net an eiser Geschicht net dogéint gefeit, grad sou wéi mir och net d'Tendenz hunn ze vergiessen, datt am 19. Jorhonnert, iwwert e puer Jorzéngten, een Drëttel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ausgewandert ass, well d'Land sou aarm war.

Mir mussen dat eent an dat anert mat erabréngen. A wa mir haut an enger vill besserer Situatioun sinn, dann ass dat super, da freet jiddweree sech doriwwer. Mä dat geet awer net duer, datt mir dann pour autant einfach d'Aen zoumaachen an dat alles vergiessen, an de Misère just nach op der Tëlee kucken. Mir musse mat deenen, heiansdo schwierege Situatiounen och e bësselche vun eis ginn.

François Aulner: Permanent komme lo Leit eben op Lëtzebuerg fir Schutz unzefroen. Si sinn, Dir hutt et gesot, op der Flucht viru Konflikter, viru Menacen, awer och 2011 an 2012, wéi d'Zuel vu Flüchtlingen aus dem Balkan zimlech rasant geklommen ass, gouf awer och sou e Phänomen genannt vun Asyldemandeuren deenen hir Demanden offensichtlech illegitim waren. An do gouf souguer och vu faux Demandeurs d'asile geschwat.

Madame Cahen, de fréieren Immigratiounsminister Nicolas Schmit war souguer extra a Serbien gereest fir mat den Autoritéiten ze kucke wéi een dat kéint verhënneren, datt Leit an d'EU an op Lëtzebuerg kommen, just fir finanziell Hëllef ze kréien, gouf vermutt. Et ass mir och zu Ouere komm, aus dem Immigratiounsministère, datt Leit sech hei gemellt hunn a regelrecht iwwer hir Origine gelunn hunn. Ass dat en Abus? Ginn et tatsächlech sou Abusen?

Corinne Cahen: Et ginn ëmmer Leit déi probéiere wahrscheinlech. Ech sinn net Immigratiounsminister, dofir kann ech Iech do net ganz vill Präzisioune ginn. Allerdéngs ass et effektiv esou, datt mir am Moment op jiddwer Fall nach ëmmer déi meeschten déi  kommen an déi Demandeurs de protection internationale sinn, si kommen aus ekonomesche Grënn. Si kommen aus dem Balkan. De Balkan ass awer lo net méi als Krisegebitt ugesinn. An déi meescht ginn och deboutéiert, dat heescht, déi meescht däerfen och net bleiwen. Si mussen nees Heem goen. Dat sinn awer 95%.

Mir probéieren awer och natierlech iwwert deen anere Wee mat deene Länner ze schwätzen, an ze probéieren och op der Plaz ze hëllefen, an och déi Politiker do ze encouragéiere fir deene Leit vläicht d'Liewe besser ze maachen oder hinne Strukturen ze gi fir hinnen e Liewen opzebauen, och wirtschaftlech gesinn.

Mir haten zum Beispill de Premier aus dem Montenegro dee zu Lëtzebuerg war. Sou wäit ech weess geet de Premier och eng Kéier lo dohinner. Deen huet sech engagéiert fir säin Norden vum Land ze developpéieren, de Süden ass développéiert, den Norden ass awer nach ganz aarm. An deen huet sech engagéiert, dee weess och wou de Problem ass. An ech mengen, et ass och do, un de Leit op der Plaz fir elo de Bewunner Perspektiven ze schafen an de Kanner Perspektiven ze  schafen. Mir hunn am Ufank vun Zukunftschancë geschwat – all Eltere wëlle Chancë fir hir Kanner. Dat kann ee kengem verdenken.

Mir musse just kucken, datt déi Kanner do wou si sinn, op der Plaz, do brauche si och Main d'oeuvre, do brauche se och Dokteren, do brauche si och vun allem, do mussen d'Leit och bleiwen, do solle si och an d'Schoul goen an do solle si dann herno och déi Wirtschaft eben opbauen an dann hir eege Kanner kréien an esou weider.

Ech mengen, dat ass awer sou wéi et soll lafen. Mir sollen am Fong geholl se encouragéiere bei sech selwer eben, a mir sollen hinnen och hëllefen mat Outilen, mat gudde Rotschléi a vläicht eben och mat Suen heiansdo, fir datt si selwer kënnen op d'Féiss kommen, an datt d'Leit net méi fortlafen. Dat ass jo awer d'Zil vun engem Land, datt d'Leit net fortlafen, mä datt se gären do si wou se sinn.

François Aulner: Här Kollwelter?

Serge Kollwelter: Jo, et ass sécher, datt de Balkan, kommt, mir soe mol dat fréiert Jugoslawien, et ass wéi d'Madame Ministesch gesot huet, do sinn der ganz vill déi nach heihinner kommen, well sech schonn d'politesch Situatioun e Stéck berouegt huet, selbstverständlech, an dat ass jo och gutt esou, mä déi ekonomesch Situatioun bleift awer nach ëmmer ganz, ganz désastréis.

An et ass nu mol sou, datt doduercher datt ee kee Visa méi brauch fir vun zum Beispill Serbien op Lëtzebuerg ze kommen, mä da geet een op Belgrad an dann huet ee mat, ech soe mol, mat 100 Euro huet een en Ticket fir mam Bus.

All Woch sinn, säit Joren, normal Linnebussen, wou all Woch der 3-4 Lëtzebuerg-Belgrad-Pristina a seou weider fueren. Also, et ass net méi an deem Mooss fir vum Balkan ze kommen, dee Risiko, och net méi dee finanziellen. Virdrunner huet een nach misste Passeure bezuele fir iwwert d'Grenz ze kommen.

Ech hunn de Moie geliest, datt de Conseil d'Etat a Frankräich, also dat iewescht Verwaltungsgeriicht, déclaréiert huet, datt de Kosovo net méi als séchert Land ze betruechte wär. Dat heescht, zumindest muss ee sech och nach kënne Froe stellen.

An Dir hutt vum Här Schmit geschwat, deen hat dee famouse Sproch do, dat wären “Asyltouristen”. Notamment d'Roma. Also d'Roma ass en Typ vu Bevëlkerung wou mir eis Fantasien an eis Phobien an esou weider ganz gäre lassginn. Op déi Ausso vum Här Schmit hi ware mir mat enger Tëleeséquipe a Roma-Campen a Serbien. Also, ech hunn eng aner Vue wat Tourismus ass, ne. Ech mengen, Leit déi op a vun engem Dreckstipp, op a vun engem Dreckstipp liewen, datt déi versichen, ouni datt se lo extra verfollegt wären, mä als Roma versichen zu Lëtzebuerg vläicht ënnerdaach ze kommen, si sinn dann net direkt politesch verfollegt, mä et ass awer och dee Souci, deen ass scho gesot gi vun eis zwee, mengen ech, deen an de Mënschen ass, fir ze kucken hir Situatioun ze verbesseren.

Déi Leit déi si ganz oft nostalgesch vun der Zäit vum Tito, well do konnten hir Kanner mol nach an d'Schoul goen. Haut musse si scho fir an d'Schoul ze goe bezuelen. Also, ech mengen, dat sinn och Situatioune wou mir net gefuerdert sinn hei zu Lëtzebuerg fir do alles dat lo an d'Rei ze bréngen, selbstverständlech net. Mä datt mir awer och esou Situatiounen, ech soe lo mol geliwwert kréien, ënner Gänseféisercher, jo, dat ass eng Realitéit.

Vun deem Moment u wou een an deem Europa liicht hin an hir ka wanderen, sinn och déi Leit déi déi Situatioun benotzen. An dann ass den Abus, dee gëtt et och. Dat ass ganz kloer, mir maachen eis och näischt do vir. Dee geet sou wäit, datt d'Leit eng aner Identitéit uginn, oder awer, datt si sech d'Fangeren, also datt ee keng Fangerofdréck ka maachen, datt si sech dat ewech brennen. Also dat sinn alles Situatioune wou d'Leit zu esou Mëttele gräifen.

Ech fannen dat och net dee gudde Wee, mä dat si Realitéiten. Ech mengen, dat ass grad sou wéi Dir virdrunner d'Situatioun beschriwwen hutt: mir sinn net méi eis Gesellschaft zu Lëtzebuerg wéi virun 30 Joer. Mä eben. Mir sinn och lo net méi an der Situatioun wou mir kënnen eis einfach sou ofschotten.

Et huet nach néierens fonctionnéiert mat Grenzen, mat Maueren. Et huet nach néierens fonctionnéier.,Ddat huet als Haaptkonsequenz, datt d'Tariffer vun de Passeuren eropginn. Well wat et méi geféierlech ass, d'Leit probéiere pour autant, da kasséieren d'Passeuren nach méi a si fannen ëmmer, Dir gesitt dat am Laf vun der Zäit, da sinn d'Routen, déi si lo net méi gebraucht, mä wann ee sech erënnert, virun enger halwer Dose Jore sinn d'Leit zu Dakar an e Boot geklommen, fir bis op d'Kanaresch Inselen. Elo fueren déi selwecht vläicht, iergendwéi kucke si och nach einfach mat engem Fliger fir an d'Tierkei ze kommen an dann do iwwert d'Landesgrenz ze goen.

Dat heescht, mir kënne maache wat mir wëllen. Wa mir net op d'Ursaachen an d'Ministesch huet dat scho gesot, versichen op déi Ursaachen anzewierken, da bleiwen déi Fluxe vun deene Leit déi dat Uleies hu fir sech a fir hir Familljen ee bessert Liewen, déi bleiwe bestoen.

Ech wëll nach just ee Saz dobäi soen: dat sinn net onbedéngt déi Äermsten, well den Alami, deen Dir erwänt hutt, deen huet eppes, am ganzen 2.000 Dollar bezuelt fir vun Eritrea bis op Malta. Dat war iwweregens virun enger halwer Dose Joeren, déi Tariffer sinn an der Tëschenzäit schonn e gutt Stéck eropgaangen. Dat heescht, do si scho Leit déi sech verschëlden, wou d'Leit sech zesummendoen a si soen, hei mir baue lo op deen, datt deen ukënnt, an datt deen dann dohannen en Job kritt an eis engersäits dat kann zeréckbezuelen, an anerersäits selwer kann e Liewe maachen, wou mir och e Stéck dovu kréien.

Also ech mengen, mir sinn an engem Kontext deen ass net einfach, dee steet eis net un, fir en alleng ze regelen, mä mir mussen als Europa eng aner Äntwert gi wéi nëmmen déi fir ze soen, mir maachen d'Grenzen dicht. Dat klappt net.

François Aulner: Mä trotzdem ginn et awer Ënnerscheeder dann tëscht de verschiddenen Demandeuren. Et ginn der déi wierklech op der Flucht virun enger Menace sinn, an da ginn et déi déi komme well awer si, ech soe mol, e puer Honnert Euro kënnen erausschloen. Ruinéieren dann net déi manner legitim Asyldemandeuren de Ruff vun deenen aneren? Maachen déi net, ech denken un déi Schlaangen déi een nieft dem Aldringen gesinn huet beim Service immigration, da waarden do 100 Leit an do sinn der dobäi déi duerno, si wësse schonn am Viraus, datt si déboutéiert ginn. An dann huet een der dobäi, déi mussen dann d'Schlaang maachen, mä dat si richteg Leit, déi wierklech op der Flucht si viru Menacë bei sech, also well si eng Minoritéit sinn. Wéi kann een dat da besser regelen, oder op d’mannst och deene Leit soen, Dir ruinéiert et fir déi aner?

Serge Kollwelter: Wa si bis de Wee fonnt hunn op Lëtzebuerg dann hu si jo eng Hoffnung a si hunn alles op déi Hoffnung gesat. Elo kann ee soen, vläicht ass dat eng egoistesch Hoffnung, mä ass dat en Egoismus wann ee wëllt iwwerliewen? Datt si dann an der Rei sti mat aneren, déi vläicht effektiv, wéi d’Genfer Konventioun, politesch, reliéis an esou weider verfollegt sinn, ech mengen net, datt si déi domatter wëllen zerécksetzen oder deene schueden. Et ass jo och net esou evident, datt een den Ënnerscheed mécht tëscht engem dee sech net dierf fräi ausdrécken, wéi dat bei eis d'Regel ass, an engem deen näischt huet fir z'iessen. Wat ass do méi schlëmm? Ech géif net woen dat op eng Wo ze leeën.

François Aulner: Komme mir lo bei d'Zuelen. Laut de leschten Zuele vum UNO Flüchtlingskommissariat gehéiert Lëtzebuerg zu de wéinege Länner ënner 44 industrialiséierten Natiounen, déi d'lescht Joer e Réckgang vun der Zuel vun Asyldemandeuren enregistréiert huet. An den éischte 6 Méint vun dësem Joer ass d'Zuel an de 44 Länner awer par rapport zur selwechter Period d'Joer virdrun ëm ee Véierel gewuess. Den neitsten Zuele vum Immigratiounsminister no hu méi Mënschen och am September lo eng Demande gemaach fir Asyl ze kréie wéi déi Méint virdrun. Madame Cahen, wéi wäert d'Situatioun sech zu Lëtzebuerg an Ären Aen elo entwéckelen? Kann een dat viraussoen?

Corinne Cahen: Neen, éischtens kann ech et net viraussoen an zweetens ass et och net u mir fir kucken ze goe wien da lo alles kënnt.

Dat Eenzegt wat ech dozou ka soen, dat ass, datt ech natierlech hoffen, datt et kee Krich gëtt, an datt d'Leit all a Fridde kënne liewen, an datt iwwerhaapt kee méi brauch ze kommen.

Fir de Rescht, mir vum Familljen- an Integratiounsministère, mä virun allem vum OLAI, sinn do wann déi Leit do si fir se ze hebergéieren, fir ze kucken, datt se genuch z'iessen an ze drénken hunn, datt se Kleeder hunn, datt d'Kanner an d'Schoul ginn, datt déi och Schoulmaterial hunn. Mir sinn do fir den Encadrement, fir de Suivi social och. Bon, do komme jo Leit aus Gebidder, wou si wierklech traumatiséiert sinn, et gi Leit déi hu ganz schlëmm Saachen erlieft. Mir sinn och do fir dee Suivi ze maachen. Mir proposéieren hinne psychologesch Hëllef, psychiatresch Hëllef, wann et muss sinn. Mir hunn Traducteuren an esou weider.

Dat heescht, mir huelen d'Leit en Charge wa si hei sinn. Mir gi se weder sichen, nach empfänke mir se an deem Sënn, dach, mir empfänke se well si an eis Strukturen da komme soubal si an d'Land kommen. Wat awer lo d'Chifferen ugeet, muss ech soen, datt et relativ stabel nach ass hei zu Lëtzebuerg an et kann ee sech natierlech nëmme wënschen, datt iwwerall Fridden ass op der Welt an datt d'Leit net musse kommen.

François Aulner: Här Kollwelter, wéi gesitt Dir d'Evolutioun?

Serge Kollwelter: Ech gesinn dat och esou. Ech géif awer och do wëlle soen, ech fannen et gutt, datt lo, ënnert der neier Regierung, dach awer versicht gëtt déi Saach, och wat d'Susceptibilitéit vu Leit an engem Quartier wou Dir wëllt en Haus oder e Foyer installéieren, datt do awer e bësse méi proaktiv d'Leit informéiert ginn. Well et ka jo awer net sou si wéi dat war – ech wëlle keng Nimm nennen, Passé ass lo passé – mä där gouf et där Situatiounen, wou op eng Kéier decidéiert ginn ass, hei lo sëtze mir hei nach Flüchtlingen eran, an de Buergermeeschter vun der Gemeng dee wousst et mol net, deen ass et aus der Press gewuer ginn, respektiv wéi se dohinner komm sinn, dohinner bruecht gi sinn. Ech mengen, do ass e Changement.

Et ass wichteg, datt d'Leit wësse wourëms et geet, datt do en Encadrement ass.

Ech géif zwar do och mol déi Iddi bréngen, ouni wëlle Vergläicher ze maache mat deem wat zu Burbach an Däitschland geschitt ass, mä wou déi Sécherheetsleit d'Leit maltraitéiert hunn, dat ass nach ganz fein formuléiert. Mä et wär vläicht och interessant awer lo eng kleng Analys ze maachen. Ech wëll kee Verglach maachen, ech ënnerstellen deene Leit lo guer näischt, mä mir maachen e ganz groussen Effort wat d'Bewaachung an de Gardiennage ubelaangt, dat kascht och ganz vill. An de Suivi social, deen ass op enger ganzer Rei vu Plazen tipptopp, ech denken zum Beispill un d'Weilerbaach, mä deen ass op anere Plaze bal inexistent, wou dann awer deene Gardienen eng Roll zoufält déi am Fong hir net ass.

An och do fënnt ee Leit bei deene Gardienen déi ganz hëllefsbereet sinn a ganz op. Ech wëll lo wierklech guer näischt Globales kengem ënnerstellen, mä ech mengen et wär awer och vläicht de Moment fir do, ech hunn lo net gesot en Audit ze maachen, mä vläicht eng Analys, och wat d'Formatioun vun deene Leit ubelaangt. Ech mengen, dat kascht net onbedéngt ganz vill, mä domatter gëtt een och deene Leit nei Outile fir mat dem Typ vu Bevëlkerung wou si et ze dinn hunn, si sinn net do fir Geldtransporter ze bewaachen, si sinn do mat Leit, Dir hutt et gesot, déi heiansdo aus schwierege Situatioune kommen an dat ass net esou einfach. Bon, ech mengen, dee Souci dee kéint ee vläicht nach e bësselche weiderdreiwen an nächster Zäit.

François Aulner: Madame Cahen?

Corinne Cahen: Beim Suivi social ass et ganz kloer, datt mir net extrem vill Leit hunn, oder net genuch, fir all déi Leit déi mir betreien. D'Problemer ginn och natierlech ëmmer méi grouss, och bei där Bevëlkerung vun den Demandeurs de protection internationale, respektiv bei deenen déi och scho vläicht hir Pabeieren hunn.

Fir de Rescht, wéi gesot, um Terrain, mir schaffe ganz gutt mat Associatiounen zesummen, ënnert anerem natierlech mat der ASTI. Mir schaffen awer och ganz gutt mat der Caritas, mat der Croix Rouge, déi och ebe responsabel si fir verschidde Foyeren. An ech mengen, dat ass och de Wee deen ee muss goen. Mir mussen Hand an Hand schaffen, ee mat deem aneren a mir mussen och wierklech ons Associatiounen alleguer kënne mat abezéien. Si kennen den Terrain a si kënnen eng Aarbecht maachen, déi de Staat selwer net ka maachen, wou de Staat awer natierlech dofir bezuele kann an och bezuele muss, fir se ebe gemaach ze kréien, well de Staat dat eben net selwer ka maachen.

An ech mengen do ass et awer och en Hiewel deen unzesetzen ass an deen awer och scho ganz gutt leeft. Wéi gesot, d'Kollaboratioun tëschent dem Associativ, tëscht den Organisatiounen, ech hu se lo grad genannt, an eben all den Associatiounen. Well wéi gesot, do komme jo och Leit aus ganz verschiddene Länner an déi hunn och ganz verschidde Backgrounden, déi hunn eng ganz aner Kultur, verschidde Kulturen. Da muss een natierlech och kucken, datt een der net zwee, déi sech bekricht hu gëschter, an zwou Kummere leet, déi eng nieft där anerer sinn zum Beispill. Ech mengen, do ass awer och, mir sinn alleguer do gefuerdert fir Hand an Hand do zesummen ze schaffen, fir déi Leit ze suivéieren.

An effektiv, all déi Leit déi do op deene Site schaffen mussen och déi néideg Experienz respektiv Mënschlechkeet matbréngen, fir mat deene Leit eens ze ginn.

Serge Kollwelter: Ech mengen och do, datt do en neie Wand ass, ech mengen, et ass méi eng Ecoute op Säite vum Familljeministère. Virdrunner hutt Dir esouguer, dat gouf et jo leider och, mä passé est passé, gewëssen Abusen. Wann een déi ugemellt huet, dann ass iwwerhaapt näischt erfollegt.

Mir si jo als Associatiounen, mir sinn net besser wéi déi aner. Mir gesinn et just e bësselche vun enger anerer Perspektiv. An dat soll sech ergänzen. An dofir ass et wichteg, datt, et gëtt jo och do ënnerschiddlech Responsabilitéiten. Ech mengen, dat lescht Wuert huet ëmmer d'Politik. An do ass iwwerhaapt net doriwwer ze diskutéieren. Mä et muss een awer d'Gefill hunn, datt, wann een eppes erabréngt, well ee sech och vläicht e bësselche Gedanken doriwwer gemaach huet, datt een zumindest eng Ecoute kritt an da gëtt eng Decisioun geholl. Datt déi dann net ëmmer déi ass déi ee sech erwaart huet, domatter ass absolut ze liewen.

Wann dat awer sou, bon ok, passé ass passé, kommt mir halen op.

François Aulner: Datt beim OLAI Problemer waren, lo ginn ech awer an de Passé, do gouf et deen Audit jo rezent vun Ernst and Young, deen op eng ganz Rei Dysfonctionnementer higewisen huet, schlecht Koordinatioun, och héijen Absenteissem, kee Suivi vu Projeten déi finanzéiert ginn. Här Kollwelter, Dir hat do och Kritik ausgedréckt, zum Beispill och beim Ënnerbrénge vu Leit, beim Zesummeschaffe mat de Gemengen, dat hu mir och lo schonn ernimmt. Ass elo mat deem Audit alles gemaach?

Serge Kollwelter: Dat misst Dir d'Madame Cahen froen. Neen, ech mengen, do si jo eng Rei vu Saachen offekundeg ginn, an et gesäit ee jo schonn, datt Konsequenzen doraus gezu gi sinn. A mir mengen, datt deen Audit net gemaach ginn ass fir an d'Bibliothéik ze stelle bei anerer, mä et gesäit ee jo schonn, datt dorauser versicht gëtt Conclusiounen ze zéien.

François Aulner: Madame Cahen?

Corinne Cahen: Jo, also et ass ganz kloer, datt mir dru schaffen, datt een net an enger Nuecht alles mécht, mä datt mir ganz aktiv dru schaffen, och mat den Associatiounen alleguer, déi mir schonn all e puer Mol gesinn hunn, wou mir och am Gaange sinn d'Konventiounen nei opzestellen, fir datt net e Copy-Paste gemaach gëtt, mä datt do konkret och gesot gëtt wie wat mécht, mat wéi enge Suen, mat wéi enge Moyenen, mat wéi engem Manpower an esou weider.

Ech mengen, do si mir a ganz enkem Kontakt mam ganzen Terrain. Mir sinn awer och a ganz enkem Kontakt ma Syvicol zum Beispill. Mir hu lo vill vu Flüchtlinge geschwat. Ech wëll awer just drun erënneren, datt mir 46% vun der Populatioun hunn déi net Lëtzebuerger sinn. Do schwätze mir da vun Integratioun, souwuel an der Flüchtlingsproblematik, wéi awer och virun allem an der Integratioun. Well e Flüchtling deen dann och wierklech däerf bleiwen, dee kënnt jo dann an déi nächst Etapp, wou en da muss integréiert ginn, oder soll integréiert ginn. Do musse mir och ganz aktiv mat de Gemengen zesumme schaffen.

Dat ass hire Rôle. Déi Leit déi kommen do un, si empfänken se direkt. Dat heescht, si mussen natierlech och déi Outilen hu fir déi Leit ze emfänken, fir hinnen och kënne ze soe wou si kënnen higoen, wat si kënne maachen, wéi eng Veräiner ginn et? Iwwert de Bénévolat kann ee vill Leit – ech mengen, et geet awer dorëms, déi 46% mat deenen anere 54%, soen ech mol, ze verschmëlzen, iwwert d'Clubliewen, iwwert alles. An do ass awer jiddweree gefuerdert, souwuel d'Associatioune wéi och de Staat, awer ganz, ganz sécher och d'Gemengen.

Mir hunn de Syvicol och scho gesinn, mir haten och scho flott Gespréicher mat hinnen. An ech mengen, do ass et wichteg, ech wëll just ee klengt Beispill ginn, e best practice Beispill, wou ech wierklech immens gutt fannen, dat ass d'Gemeng Jonglënster, déi hu sou en Ambassadeur-Projet. Dat heescht, jiddwereen dee sech do umelle kënnt dee kritt ee Bichelchen, do si lauter Ambassadeuren dran, do steet dann de Ben Schmit, deen ass Papp vun 2 Kanner, déi si sou al an déi sinn am Futtball, an esou, an d'Madame sou an sou, déi ass pensionéiert, hir Kanner si grouss an hir Enkelkanner wunnen am Ausland, an esou weider. Da kann dann deen Neien, dat muss net onbedéngt en Auslänner sinn, en neie Lëtzebuerger muss sech och integréieren an enger Gemeng, dee kritt dat Bichelchen an da kann dee soen, oh hei, meng Kanner sinn d’nämmlecht al wéi deem seng, oder meng Hobbye sinn déi nämmlecht wéi deem seng, oder dat interesséiert mech. Da kann e sech bei deem mellen an deen hëlt en dann am Fong bei der Hand.

Wou komme mir doropper eraus? Majo ganz einfach, wa muer en Duerffest ass soen ech mol, do geet een net hin, also ech ginn op jiddwer Fall net dohinner wann ech kee Mënsch kennen. Da steet een e bëssen do an et kennt ee keen. Mä wann ech awer ee kennen deen do ass, ma dat ass jo e Multiplicateur, dee kennt jo da säin Duerf, dee kennt aner Leit, da ginn ech dohinner. Wann dee seet, ma hei, komm dohinner an ech stellen der Leit vir. An esou mengen ech muss Integratioun um Terrain goen op allen Niveauen.

Serge Kollwelter: Ech gesinn dat genau esou, ech géif och nieft dem Beispill vu Jonglënster och eent erwänen, zum Beispill zu Klierf war fir d'Rentrée scolaire vun der Integratiounskommissioun, huet allen Elteren déi mat de Kanner an d'Schoul komm sinn den éischten Dag an d'Ecole fondamentale Kaffi a Croissante proposéiert. Dat heescht, dat ass eng Aart a Weis fir an d'Gespréich ze kommen. Et ass jo och iwwert d'Schoul, ech mengen, d'Elteren hu jo zu eiser Gesellschaft, wa se net laang hei sinn, via Schoul en direkte Bezuch. Ech mengen, dat ass e ganz wichtege Punkt.

An dann, d'Madame Cahen huet dat och scho gesot, nieft Flüchtlingen hu mir déi lescht Joren an der Moyenne 10.000 nei Leit, de Solde, also wa mir déi ewech rechnen déi déi komme minus wou nees zeréckginn, an dat ass sécherlech en Enjeu. Ech sinn och ganz d'accord mat der Aart a Weis fir et de Gemengen unzevertrauen, ech géif awer ee ganz klenge B-mol maachen, well hinnen et einfach uvertrauen, ouni datt si sech d'Moyenen dozou ginn, ouni datt si hiert Personal och, ech wëll och deem lo guer näischt ënnerstellen, mä wann dat méi kleng Gemenge sinn, dann hunn déi och net dee Staff deen och sou multidisziplinär ass an esou weider.

Mä wat awer do interessant ass, a mir hunn och do duerch e Finanzement vum OLAI, vu Säite vun der ASTI matgehollef fir esou Réseaue vu Gemengen och op d'Been ze setzen. Ech mengen, et ass och wichteg, datt d'Leit gesinn, hei, bei eis, mir hunn dat probéiert bei eis an der Gemeng, dat war super. Ah sou. Oder, dat ass d'Baach erofgaangen. Ech mengen, et probéiert ee jo wat fonctionnéiert wat fonctionnéiert manner gutt.

An déi Geschicht vu Réseauen déi weisen awer och  ganz oft, wann een lo hëlt zum Beispill de Leader-Programm, well dat mat deen éischten ass deen e bësselchen an déi Richtung gaangen ass, Réiden-Wolz, do ass dann de Responsabelen, oder de Permanent, wann Dir wëllt, vum Leader-Programm, deen awer och sech dofir kann Zäit huelen. Wann Dir nëmme sot, et ass un de Gemengen, an dann ass och nach ee Beamten deen zwou Stonnen d'Woch Zäit huet – also ech karikaturéieren elo – ech mengen, da muss dat awer och e bësselche sech d'Moyene ginn, an datt et net esou ausgesäit, ok, dir Gemengen hutt lo d'Verantwortung.

An och déi Erfahrung, ech hunn dat mat menge Kollegen déi doranner schaffen, ech hu mech jo e bësselche virbereet, déi soen awer och, datt ganz oft eng Gemeng, wa si domatter befaasst gëtt, scho bereet ass fir eppes ze maachen, awer net onbedéngt weess wat. An dofir mengen ech ass déi Saach vum Échange ënnert de Gemenge ganz wichteg.

Ech mengen, mir haten och, dat war nach ënnert dem Här Spautz, hate mir sou en Treffe gemaach, sou Assisen, wou mir am Fong geholl alleguerten déi Initiativen zesummebruecht hunn. Et geet jo net fir ze soen, mir hunn dat sou gemaach, Copy Paste, an der Nopeschgemeng ass d'Situatioun scho vläicht nees eng aner. Mä et muss ee sech jo awer och net an eisem klenge Land de Kapp wonn renne bei eppes wou deem aneren, wann ee mat deen d'Geleeënheet huet driwwer ze schwätze seet, jo, also maach do léiwer eng Kéier ronderëmmer well do kriss de just, ech soe lo mol, eng bluddeg Nues, oder soss iergendeppes. Also, do mengen ech, geet et net duer fir et un d'Gemengen eriwwer ze ginn, well et jo awer och eng Fro ass vu Kompetenz a vu Kompetenzen och opbauen.

François Aulner: D'Verdeelung vun de Projeten, mä och de Suivi an Madame Cahen, Dir wollt schonn eppes soen dozou?

Corinne Cahen: Jo ech mengen, d'Vernetztheet ass wierklech immens wichteg. Doriwwer hu mir och mam Syvicol geschwat.

Et gi Gemengen hei am Land déi iwwerhaapt nach keng Integratiounskommissioun hunn, aus wéi enge Grënn och ëmmer. Mä do geet et eben och dorëms, fir datt déi Gemengen niewendru soen, ma hei, dat bréngt awer wierklech eppes. Mir bréngen et awer domatter fäerdeg Leit erunzezéien, Leit déi bei eis wunnen z'interesséiere fir eist Liewen hei an eiser Gemeng. Dat ass jo awer och e bëssen d'Zil vun der Saach.

An da wëll ech awer soen, datt d'Associatiounen effektiv eng immens wichteg Roll spillen an der Vernetztheet um Terrain, well och si sinn um Terrain a si kënnen do wierklech och dat Netz do opbauen tëscht de  Gemengen. Mä ech mengen och, de Syvicol ass do absolut bereet op dee Wee ze goe fir eben nach méi z'informéiere fir déi Integratiounskommissiounen och ze ënnerstëtzen. An am OLAI hu mir eng Persoun lo déi sech exklusiv am Fong geholl ëm déi Gemengenaarbecht do këmmert.

Ech mengen trotzdem, et däerf een net vergiessen, d'Gemeng ass wierklech déi éischt Plaz wou d'Leit ukommen, egal ob ech lo plënneren aus der Stad op Wëlwerwolz, déi éischt Plaz wou ech higinn ass d'Gemeng fir mech unzemellen. An ech mengen, dofir si si och déi allerwichtegst Partner wa mir wëlle vun Integratioun schwätzen. Mir mussen hinnen d'Outile ginn, mir mussen hinnen hëllefen.

Et huet, wéi de Serge Kollwelter richteg seet keen Zweck, datt een all Kéiers nees d'Rad nei erfënnt. Wann ee best practicen huet, wann ee Saachen huet déi gaange sinn, da kann een dat jo och vläicht anere Gemenge proposéieren. Grad sou wann et Saache ginn déi vläicht näischt bruecht hunn, kann ee vläicht direkt soen, dat brauchs de net ze maachen, dat bréngt näischt. Ech mengen, do muss ee wierklech awer vernetzt denken an zesumme schaffen.

François Aulner: Wa mir bei der Integratioun ukomm sinn, grouss Erausfuerderunge sinn, lo ganz generell gesot, soen ech mol, d'Kanner scolariséieren, vu Leit déi nei kommen. Dat ass net ëmmer evident, wéinst de Sprooche selbstverständlech. Eng Aarbecht fannen, bon, dat kann ee jo nach net, wann ech mech net ieren, wann ee lo als Asyldemandeur säin Dossier ufänkt. Wann een awer bis Réfugié ass, huet ee Recht op eng Aarbecht. Wéi gitt Dir mat deene Saache lo an Zukunft ëm? Wann och zum Beispill erëm awer méi Leit zesumme kommen. Ech soe mol, et kënnt erëm eng Well, wann déi kënnt. Do gouf et jo och dee Problem virun 2 Joer, datt net genuch Plaze ware fir en Daach iwwert dem Kapp ze fannen. Gewëss Schoulen haten op eemol lauter Schüler déi si hu missen an hir Klasse kréien. Ass den OLAI, ass de Familljeministère do prett fir esou Situatiounen elo?

Corinne Cahen: Mir sinn am Gaangen och do nees zesumme mam Syvicol op dee Wee ze goen, datt mir wëlle kleng Strukture bauen. Mir wëllen net elo risen HLMen doruechter opriichten, mä kleng Strukturen, déi eben och kënnen an en Duerf, an eng Stad fléissen.

Mir hunn an onsem Koalitiounsprogramm stoen, mir géinge kucken ob Quoten eppes géinge bréngen, oder net. Ech perséinlech fannen, datt de mënschlechen Ëmgang a matenee schwätzen a kucke wou eppes Sënn mécht oder net Sënn mécht, méi efficace ass wéi Quoten. Et däerf awer natierlech och net sinn, datt een Duerf iwwerproportional ze vill Réfugiéen huet, well d'Leit eben och fäerten.

D'Schoul, Dir hutt d'Schoul ugeschwat, dat ass wierklech de wonnen Thema bei der ganzer Saach. Da schwätze mir direkt vu Contingenten, wou den Educatiounsministère awer absolut mat op dee Wee geet, datt wa Flüchtlingskanner kommen, datt si do effektiv de Contingent och sprengen, datt do wierklech och Leit à disposition gestallt gi fir deene Kanner ze hëllefen sech z’integréieren an d'Sprooch ze léieren. Dat heescht. dat sinn awer déi Froen déi d'Leit effektiv hunn: wat geschitt lo wann déi Kanner bei meng Kanner an d'Schoul kommen?

Éischtens mol natierlech, mir sinn nees bei der Peur de l'inconnu, mir si jo lo nees bei de Réfugiéen ukomm lo mat Ärer Fro, mä dat gëllt awer am Allgemengen mengen ech fir nei Leit déi kommen. Wien ass dat? Et beschnuppert ee sech an esou weider. An ech mengen, dat ass awer och onse Rôle fir mat de Gemengen zesummen ze kucke fir dat ze verdeelen, sou datt déi Leit och wierklech kënnen integréiert ginn déi Zäit wou se hei sinn.

Ob si da lo Pabeiere kréien oder net, dat läit jo net un ons. Mä ech mengen, mir musse se awer sou gutt wéi méiglech an eis Societéit integréieren déi Zäit wou se hei sinn.

Serge Kollwelter: Ganz oft gëtt da probéiert, zum Beispill an der Weilerbaach, wou sécherlech e gudden Encadrement ass, wou et awer eiser Meenung no den Handicap ass, datt d'Kanner am Haus scolariséiert ginn. Dat heescht, hire Kontakt mat baussen, also Weilerbaach ass jo sécherlech eng idyllesch Lag, schwätze mer net doriwwer [gëtt ënnerbrach]

Corinne Cahen: Am Summer op jiddwer Fall.

Serge Kollwelter: Oder fir mam Vëlo dolaanscht ze fueren iwwert d'Vëlospist, mä dat schränkt dach awer de soziale Kontakt an. Ech mengen, dat war och ee gewësse Moment fir sou, och op anere Plazen, zu Schwéibech, Pont de Schwebach war et och sou, datt do d'Kanner am Haus scolariséiert gi sinn, do war och déi Iddi dobäi, datt wa si ënner sech sinn a si sinn net mat deenen aneren an dann op eng Kéier musse se goen, dann ass keng Solidarisatioun mat deenen, well d'Kanner déi verstinn net wann op eng Kéier een aus hirem Grupp erausgerappt gëtt. Souguer wann dat konform ass zu de legalen Dispositiounen. Ech mengen dat wat och e bësselchen den Hannergedanken dobäi.

Mä wann een a méi kleng Strukture geet, a wann da Kanner an eng Klass kommen, ech mengen, dat hu mir och mat net-Flüchtlingskanner, mat Kanner vun aneren Nationalitéiten, an do musse mir heiansdo als Schoul eng Kéier déif Otem huelen, dat geet net ëmmer alles sou vum selwen. Mä an der Regel fonctionnéiert dat, zumindest wat den Accueil ubelaangt.

Datt dat nach ëmmer Schwieregkeete mat sech bréngt fir d'Kanner an der villsproocheger Schoul virun ze kommen an zum Ofschloss ze kommen, mä gutt, do ziele mir op den Här Meisch.

Corinne Cahen: Jo, et ass och esou, Dir hutt lo vun der Weilerbaach geschwat, dat ass eng kleng Gemeng. An ech mengen, wann do d'Weilerbaach voll ass, dann ass dat natierlech, dat schéngt absolut logesch, datt do déi Schoul dat net kann, datt déi Schoul déi Kanner net alleguer kann ophuelen.

An dofir war déi Situatioun och sou entstanen. Déi hunn effektiv 4 Schoulklassen intra muros, soen ech mol, um Site selwer. A bon, dat ass natierlech keng ganz glécklech Situatioun, allerdéngs muss ech awer och dobäi soen, datt déi Leit jo net do si fir ze bleiwen. Déi syresch Flüchtlinge vun deene mir am Ufank geschwat hunn, am Ufank waren déi do, déi sinn awer lo op 4 verschidde Plazen, et si 4 Famillen déi op 4 verschidde Plazen am Land sinn. Just fir ze soen, et ass wierklech awer just eng Iwwergangsléisung.

Et ass awer sou, datt mir wëllen, datt d'Kanner direkt an eng Schoul gi wa si hei an d'Land kommen. An dofir ass et awer wichteg, datt mir déi an der Weilerbaach hunn, wéi gesot, well déi Gemeng ass och wierklech kleng an dat geet einfach net. Mä déi Kanner bleiwen awer normalerweis wierklech kuerz do, fir dann eben anzwousch aneschters weider ze goen.

François Aulner: Wann Dir et erlaabt, et bleiwe lo nach ongeféier 7 Minutten an dëser Emissioun, ech wollt nach e bëssen den internationale Volet uschneiden. Also, besonnesch betraff vu Flüchtlingswellen, soen ech mol, am Moment si Länner wéi Italien, Spuenien, och Griicheland ëmmer erëm, a Schweden ass eent vun de Länner wou am meeschte Flüchtlingen opgeholl ginn, an Däitschland och.

Et denkt een un déi tragesch Evenementer elo am Mëttelmier, 366 Doudeger wéi e Boot ënnergaangen ass, dat war genee virun engem Joer. Lo huet d'italienesch Marina Militare déi Operatioun do gehat Mare nostrum, déi hält lo geschwënn op. Also, et ass net lo genee een Datum bekannt, soll ersat ginn duerch Frontex Plus, och wou nach net sou vill Detailer bekannt sinn. Madame Cahen, wësst Dir vläicht do wéi et soll virugoen?

Corinne Cahen: Ech hu geduecht, Dir géingt lo den Här Asselborn nees aspillen.

François Aulner: Den Här Asselborn ass leider net do. Hie seet zwar eppes dozou, do kann ech eppes spillen, dat ass allgemeng, mengt hien, datt Frontex misst méi wéi just eng Koordinatiounsagene ginn, Grenzagence ginn. An ech spillen einfach mol vir wat e gesot huet, dat war op der Pressekonferenz nom EU-Conseil vun den Immigratiounsministeren.

Jean Asselborn (O-Toun): Et muss een eng europäesch Politik kréien, fir d'éischt mol wie gëtt eragelooss an ënner wat fir Konditioune gëtt en eragelooss, dat ass evident. Et muss ee kënne seng Demande stellen, jiddwereen. Da wann d'Demande gestallt ass, an datt dann och de Statut vun der Protection internationale accordéiert ass, datt dann och kann eng Repartitioun an de Länner stattfannen, dat heescht, datt déi Leit dann och kënnen an de Länner vun der Europäescher Unioun zirkuléieren.

François Aulner: Madame Cahen.

Corinne Cahen: Jo, also et ass jo kloer, déi Däitsch hate jo gefrot fir Quoten. Dat ass awer net esou zeréckbehale ginn bis elo. Mir hu jo schonn hei am Land grad e bësse lo vu Quote geschwat.

Virun 2 Woche sinn ech am Saarland gewiescht, do war ech d'Flüchtlingsheim vu Lebach kucken. Dat hunn ech mir ganz aneschters virgestallt. Ech krut dat erzielt, do wunnen 1.300 Flüchtlingen – den Här Kollwelter deen otemt eng Kéier déif – ma ja ech hu mir dat am Fong wahrscheinlech sou virgestallt wéi Dir Iech dat lo virstellt.

Ech muss soen, ech war wierklech beréiert a positiv iwwerrascht. Dat ass am Fong wéi en Duerf, dat heescht, dat sinn niddereg Strukturen, dat sinn Haiser déi maximal zwee Stäck hunn a kleng Haiser am Fong, Appartementshaiser, awer klenger. An dat geet fléissend iwwer an dat Duerf vu Lebach. An dotëschent ass am Fong eng Infrastruktur, eng Crèche, souwuel fir kleng Kanner, wéi och eng Kindertagesstätte fir e bësse méi al Kanner, déi schonn an d'Schoul ginn. An ech muss soen, do kommen eben all Dag Leit un. Do wunnen der 1.300 wéi gesot, wat enorm ass, mä wéi gesot, well dee fléissenden Iwwergang an d'Duerf ass a well dat net sou en HLM ass wéi ee sech dat ebe virstellt, ass dat wierklech op dem Terrain aneschters gewiescht wéi ee sech dat virstellt.

Mä meng Kollegin, d'Madame Bachmann, d'Ministesch aus dem Saarland, déi huet gesot, si hunn ee rise Problem, well si hunn immens vill Arrivéeën, firwat, ma jo d'Italiener kréie se am Fong geholl net ... et sinn der einfach ze vill.

François Aulner: Et gouf Virwërf vun der Schwäiz och. Ministeren hu gesot, datt Italien bewosst Asyldemandeure weiderschéckt

Serge Kollwelter: Keng Fangerofdréck, da fannt der se net méi erëm.

Corinne Cahen: Mä de Problem mam Bewosst oder net Bewosst, wann Dir en Aflux massif hutt vu Leit, da musst Dir dat jo awer och packen. Also, Dir musst jo awer och Manpower hu fir déi Leit dann ze emfänken, ze registréieren, hire Pass ze kucken oder wat weess ech wat.

Bref , an dann, jo a Frankräich do schénge se dann ze soen, majo da gitt mol nach e Stéck weider, well Däitschland huet effektiv 200.000 Demandeurs de protection internationale, woubäi Italien der 30.000 huet. Dofir verstinn ech och natierlech den Här De Maizière. Ech mengen och, datt et en europäesche Problem ass. Et kann een net Europa nëmme fir dat Gutt huelen, et muss een eben och europäesch aner Saache regelen. An och do muss ee solidaresch sinn, sinn ech absolut och där Meenung. Mir hu keng Grenze méi, ma da musse mir och esou fonctionnéiere wéi wa mir keng méi hätten.

François Aulner: Ass dann net genuch Solidaritéit? Feelt et u Solidaritéit op deem Plang?

Serge Kollwelter: Jo, manifestement. Wann Dir lo huelt, déi déi an Däitschland kommen, déi komme jo duerch en anert EU-Land. Sou vill Baussegrenzen, Däitschland huet iwwerhaapt keng Baussegrenzen, dach vläicht op der Nordséi, oder op der Ostsee, mä et sinn awer och haaptsächlech EU-Staaten a vun do komme kaum russesch Flüchtlingen iwwert dee Wee eran.

Mä wann Dir jo elo an en EU-Land kommt, bei Italien, déi misste jo da jiddwerengem seng 10 Fangerofdréck huelen an an d'Euro-Datebank setzen. An domat wär da kloer, datt wann ee weiderzitt an et kënnt ee mengetwegen op Lëtzebuerg an déi stelle fest, dee war an Italien, da gëtt en zeréckgeschéckt.

François Aulner: Jo, Dublin Accord 2.

Serge Kollwelter: Mä d'Italiener, mat de Griichen hätte si se alleguerten do sëtzen, well mir eis schwéier di fir se ze verdeelen. Ma wat maache si dann? Si maachen näischt. Dat heescht, e Sonndeg war jo nach déi syresch Dame do beim Jauch, déi huet jo dann och gesot, jo mir krute keng Fangerofdréck geholl a mir sinn an Däitschland komm.

François Aulner: D'Solidaritéit gëtt gezwongen.

Serge Kollwelter: Dann huelt Dir en Zuch an da fuert Dir weider.

Ech wëll awer nach eppes zum Här Asselborn soen, ech géif gären e klenge B-mol op säin Enthusiasmus a punkto Frontex bréngen.

Och lo hei ouni deenen eppes ze ënnerstellen, mä Frontex, dat ass eng Administratioun, déi hu fir d'Grenzen ze bewaachen, ganz genau, kee Schëff, kee Fliger a keng Beamten um Terrain. Dat heescht, déi beméie mengetwegen fir eng Aktioun ze maachen d'Spuenier, datt déi hinne Schëffer zur Verfügung stellen, datt déi hir Schëffer huelen, respektiv d'Italiener. Viru Mare nostrum sinn d'Leit ofgesackt einfach am Mëttelmier. An Italien huet 9 Milliounen Euro de Mount kascht, de Mare nostrum, fir Leit aus dem Mier ze retten.

A Frontex ass do keng Hëllef. D'EU ass am Gaang, den Numm echapéiert mir lo, ech sinn awer net gutt virbereet, e System opzebaue vu Satellitten fir d'Mëttelmier ze iwwerwaachen. Wann ee mir seet, wéi een aus engem Satellit ee kann direkt retten, bis datt dann dee Satellit dat gemellt huet, hei ënnen a Frontex dann zu engem gesot huet, hei fuert Dir lo dohinner, ech mengen, dann ass et schonn eriwwer. Dat ass awer e Programm dee kascht ronn 600 Milliounen Euro. Ech mengen, Frontex, et deet mer Leed Här Asselborn, ass sou wéi et lo opgestallt ass, jiddwerfalls net d'Léisung.

François Aulner: Et bleiwe lo just nach e puer Sekonnen iwwereg an ee wichtege Punkt deen een hätt vläicht nach missen an dëser Emissioun erwänen, dat ass eng vun Äre Revendikatioune gewiescht vun 8 ONGen, déi Dir och dem Ausseminister iwwerreecht hutt en Donneschdeg, dat ass datt méi, déi Länner vu wou d'Flüchtlinge kommen, nach méi muss Entwécklung gemaach ginn.

Ass dat Ärer Meenung no d'Solutioun, fir datt eben d'Flüchtlingsstréim net oniwwerwannbar ginn, sou wéi zum Beispill den zukënftegen EU-President Juncker gesot huet, Haaptsuerg, datt mir dat net wäerte packen. Madame Cahen?

Corinne Cahen: Also et ass ganz kloer, datt mir mussen deene Leit hëllefen, dat hat ech jo lo éinescht scho gesot, datt mir natierlech mussen hëllefe wou mir nëmme kënne fir déi Länner sou op Vordermann ze bréngen ,datt d'Leit do bleiwen.

Mir schwätzen awer hei just vu wirtschaftleche Flüchtlinge, wuelverstanen, an net vu politesche Flüchtlingen.

Mir hunn eng ganz, ganz grouss Kooperatiounshëllef an déi bleift och héich, eis Kooperatiounshëllef, well mir der Meenung sinn, datt et wichteg ass de Leit do ze hëllefe wou se sinn, Schoulen ze bauen, d'Kanner an d'Schoul ze schécken, se ze developpéieren déi Länner, datt déi Leit eng Perspektiv hunn. A wa se eng Perspektiv hunn, da lafe se net fort.

François Aulner: Dat war et leider fir dës Emissioun “Riicht eraus”. Ech muss lo ofschléissen, et ass scho méi wéi eng Auer.

Ech erënneren, eis Invitéë, waren d'Familljen- an d'Integratiounsministesch Corinne Cahen an de fréiere President vun der ASTI, de Serge Kollwelter. Merci datt Dir hei waart, an Iech dobausse Merci fir Ären Interessi.

Dernière mise à jour