Pierre Gramegna et Corinne Cahen à l'émission "Kloertext" d'RTL Télé Lëtzebuerg

"Den Haaptbut war d’Staatsfinanze bis 2018 ze sanéieren"

En Interview vum Caroline Mart (RTL Télé Lëtzebuerg):

Gudden Owend. Nach seelen ass mat esou vill Spannung op den Optakt vun der Chambersessioun gewaart ginn, wéi jo elo de Staatsminister en Dënschdeg säi Zukunftspak ausgepaakt huet.

Den Dag drop war et dunn um Finanzminister fir de Budget vun der neier Generatioun ze presentéieren. Hie wier sech bewosst, datt hie mat sengem Verglach mam Kopernikus e groussen Erwaardungsdrock provozéiert hätt, esou de Pierre Gramegna, mä déi kopernikanesch Revolutioun hätt och Joerzéngte gebraucht, a Lëtzebuerg kéint säi System net vun haut op muer ëmstellen. D’Regierung géing awer richteg a konkret dru schaffen.

Ass dat esou? Sinn d’Wäiche gestallt fir d’Finanzen nees an de Grëff, an d’Land moderniséiert ze kréien? An ass den Effort fir ze spueren och gerecht a fair verdeelt?

Am meeschten ëmstridde si jo déi familljepolitesch Mesuren; dee Paradigmewiessel polariséiert. Deemno gëtt et dann och sécher eng kontrovers, an hoffentlech spannend Diskussioun mat dësen Invitéen.

Presentatioun: Amplaz mam décken Hummer, huet d’Regierung mat Fangerspëtzegefill u ville Schrauwe gedréint fir d’Wäiche fir d’Zukunft ze stellen, seet de Pierre Gramegna.

Mir spueren net un de Kanner, mir denken ëm a verdeelen anescht, ouni falsch Ureizer méi. Kee Puppelche muss aus der Maternité an d’Crèche, erkläert d’Corinne Cahen.

258 Mesurë gi presentéiert, déi duebel esou vill Froen opwäerfen. Dëser Regierung feelt et u Visiounen, an hir Familljepolitik ass reng ideologesch, kritiséiert de Claude Wiseler.

Dësen Zukunftspak geet an déi falsch Richtung: ekonomesch falsch a sozial ongerecht, alt erëm ginn d’Bierger zousätzlech belaascht, iergert sech de Jean-Claude Reding.

Och d’Betriber ginn zolitt zur Keess gebieden, mä op d’mannst mécht dës Regierung eppes – allerdéngs net am Dialog, si informéiert just, fënnt de Jean-Jacques Rommes.

“Ech hunn dem Staat vill Sue gespuert, wéi ech meng Kanner selwer gezilt hunn, mä hei denkt jo kee méi un d’Wuel vum Kand, dat ass keng Saach,” seet d’Marion Zovilé.

Caroline Mart: Et ass kee Spuerpak, mä en Zukunftspak, mä gespuert muss ginn, solidaresch an zolitt, an dat well déi virecht Regierung esou vill Scholden hannerlooss huet – dat war den Tenor an der Chamber. De Pierre Weimerskirch resüméiert Zuelen, Aussoen a Reaktiounen.

Reportage vum Pierre Weimerskirch:

Am Joer 2007 loung d’Staatsverschëldung bei 2,5 Milliarden Euro, mëttlerweil huet de Staat eng Schold vu ronn 11 Milliarden. Dat ass eng pro-Kapp Verschëldung vu 14.000 Euro. Am Zukunftspak deen de Premier de leschten Dënschdeg presentéiert huet, goufen 258 Mesurë virgestallt. Schonn d’nächst Joer wëll een esou 551 Milliounen Euro aspueren.

Am Joer 2018 sollen d’Staatsfinanzen dann nees am Equiliber sinn.

Pierre Gramegna (O-Toun): Säit Joere gëtt den Defizit ëmmer méi grouss, a säit Joere wiisst eis Staatsverscholdung. Dat musse mir erëm an de Grëff kréien.

Robert Urbé (O-Toun): Et hat jo wuel kee geduecht et kéime Spuermoossnamen, an et géing keen treffen.

Gast Gibéryen (O-Toun): Déi kleng Leit ginn hei virun allem betraff, d’Famillje gi betraff.

Viviane Loschetter (O-Toun): D’Méiglechkeete fir Famill a Beruff ze vereinbaren, musse gefördert ginn.

Auditeur (O-Toun): Ech sinn e Papp vun dräi Kanner, a fir elo bei de Kanner ze spueren, ech weess et net ob dat dee richtege Wee ass.

Alex Bodry (O-Toun): Wa mir nach ëmmer an deenen ale Schemen denken, gutt/schlecht, an net bereet sinn eis selwer emol a Fro ze stellen, a kritesch op dat zeréckgoe wat ee gemaach huet, wéi solle mir dëst Land da virubréngen?

Xavier Bettel (O-Toun): E Beamten deen a Pensioun geet, kritt vum éischten Dag u wou en an der Pensioun ass och eng Pensioun, an net wéi bis elo nach dräi Méint laang seng Pai.

Romain Wolff (O-Toun): Dat gëtt einfach gemaach, decidéiert, ouni datt mir eist Wuert an där do Geschicht kënne matrieden.

Auditeur (O-Toun): Et géif Zäit ginn, datt eis héich Hären emol d’Halschent vun der Pai ofginn.

Xavier Bettel (O-Toun): Elo fir ze soen, hei elo ginn d’Paie vun den Deputéierte gestrach oder gekierzt, also bei de Ministere gi se gekierzt, dat kléngt gutt. Wann een awer elo mengt, datt ech mat där Kierzung géif et fäerdegbréngen 11 Milliarde Schold ofzebauen, dat wier e bësse simplistesch.

Justin Turpel (O-Toun): An et ass esou datt effektiv déi Leit, déi wierklech vill Suen hunn, déi vill Suen och geschenkt kréien, well se keng Steiere bezuelen, do gëtt net kontrolléiert wat mat deene Sue geschitt.

Xavier Bettel (O-Toun): D’Loyere wäerten duerch dës Changementer net an d’Luucht goen

Romain Schmit (O-Toun): Elo wäerte schonn d’Loyere sech adaptéieren. Den Investisseur deen hëlt déi TVA do net alleng an d’Box.

Auditeur (O-Toun): Elo gëtt emol eppes gemaach, et gëtt probéiert fir eppes ze maachen, an elo ass all Mënsch dogéint.

Romain Wolff (O-Toun): Et ass een net an alle Beräicher ganz vill schlau ginn. Do sinn nach vill Detailer déi feelen. A wat fir engem Zäitraum gëtt dat alles ëmgesat?

Caroline Mart: Tjo, mir hunn och nëmmen eng Stonn Zäit. Mir probéieren awer op d’mannst e puer Saache kloerzestellen.

Claude Wiseler, Dir hutt et wierklech net einfach. Dir hutt ee Joer misste waarde bis Dir endlech offiziell dann éischte Fraktiounschef waart. Da sidd Dir elo an enger Situatioun, et gëtt e Budget presentéiert, an egal wat Dir sot, kritt Dir an de Kapp gehäit, Dir sidd jo souwisou Schold, well Dir hutt d’Scholde provozéiert. Sidd Dir verdaamt en zahnlosen Tiger ze sinn?

Claude Wiseler: Neen, ech mengen, déi Excusen, datt d’CSV, respektiv déi virecht Regierung un de Saache Schold ass, déi muss iergendzwousch eng Kéier och elo ophéieren.

Ech mengen, dës Regierung muss hir Responsabilitéit huelen, dës Regierung muss hir Decisiounen huelen. An de Rôle vum Oppositiounschef dat ass kloer an däitlech fir drop opmierksam ze maachen op dat wat dës Regierung mécht, op hir Responsabilitéit, op hir Decisiounen. Dat wëll ech an Zukunft maachen.

Caroline Mart: An engem virechte Liewe waart Dir eng Kéier Prof, zwar keen Ekonomist, mä Dir sidd e Littéraire. Trotzdem, wann Dir misst Punkte verdeelen, a wann ech gelift opgedeelt a Form an Inhalt, fir den Här Bettel a fir den Här Gramegna, fir hir zwee grouss Oralen.

Claude Wiseler: Elo stellt Dir mir natierlech schwiereg Froen. Also ech géing soen, fir d’Kommunikatioun a fir d’Form si se allen zwee gutt. Ech fannen am Inhalt léisst déi ganz Saach no, an am Inhalt géing ech sécher keng Genügend ginn, haaptsächlech mat deem wat an der Form virdru versprach ginn ass. Well et war villes versprach ginn, ganz héich Erwaardunge gestallt, an d’Resultat ass fir mech wierklech net dat erwaartent.

Caroline Mart: Pierre Gramegna, ech hat et schonn ugeschwat an der Introduktioun. De Kopernikus ze zitéieren, géift Dir dat nach eng Kéier maachen, oder hutt Dir domat Iech selwer och den Drock e bëssen héich gemaach?

Pierre Gramegna: Et ass nëmme mat Drock wou een Decisioune ka bewierken. Et ass e Processus, deen hunn ech jo du beschriwwen. Ech muss soen, datt ech frou sinn iwwer dat wat mir an engem Joer fäerdegbruecht hunn. An ech géing hei ganz ausdrécklech gären all deene Beamten, déi immens vill geschafft hunn, an all menge Ministerkollegen, déi mir gehollef hunn dee Budget zesummenzesetzen, Merci soen, well dat hei ass en Effort gewiescht, wann een nach ëmmer beim Kopernikus bleift, deen nach ni esou gemaach ginn ass.

Caroline Mart: Jo, mä Dir hutt gesot, et geet awer méi lues, och méi lues wéi Dir geduecht hat. Esou laang sidd Dir jo nach net op der politescher Säit. Hutt Dir ënnerschat wéi schwéier et ass bestëmmte Gewunnechten ze änneren, oder gëtt et Resistenzen?

Pierre Gramegna: Also, do wou ech gesot hunn, datt et méi lues geet, dat ass an der Technik fir de Budget ze maachen. Dat ass jo nëmmen eng Saach.

Wann een awer elo kuckt wat mir deposéiert hunn. Mir hu fir d’éischt an der Geschicht vu Lëtzebuerg, och well dat vun Europa gefuerdert ass, e Budget vu 4 Joer op den Dësch geluecht. A mir hunn déi Zuelen net einfach weider geschriwwen, mir hunn all Mesuren eenzel ausgerechent.

Zweete Punkt, mir hunn 258 Mesuren op den Dësch geluecht.

An drëttens, mir hunn dat disponibel gemaach och fir de grand Public. Also ech mengen, dat ass e grousse Fortschrëtt an der Transparenz.

Caroline Mart: Transparenz, pluriannuel, woubäi pluriannuel ass jo zum Deel och scho vu Bréissel virginn, et ass jo net, datt dat elo just vu Lëtzebuerg kënnt. Här Reding, sidd Dir averstanen, sot Dir dat do ass gutt?

Jean-Claude Reding: Eise Problem ass deen, datt mir déi Grondaschätzung net deelen. Wann iwwer d’Schold zum Beispill geschwat gëtt, wat den Här Gramegna och gemaach huet, an och pro Kapp, dann hutt Dir dat a Verbindung zum Beispill mat Däitschland bruecht, déi schonn eppes gemaach hätten. An Däitschland ass d’Schold pro Kapp vill méi héich wéi zu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg huet déi nidderegst Schold pro Kapp, déi mir iwwerhaapt hunn.

An eise grousse Problem ass och deen, datt mir en Excédant schonn 2013 haten, an datt mir soen, datt mir eis fixéieren, einfach nëmme fixéieren op den Equilibre budgétaire.

A mir liewen awer an enger Situatioun wou mir eng ekonomesch Kris hunn déi nach laang net eriwwer ass, an déi am Gaangen ass erëm zeréckzekommen an Europa. An dofir soe mir, hei dat do ass ekonomesch eigentlech net adaptéiert un déi Situatioun déi mir hunn. Mir maachen eigentlech eng vill ze vill streng Austeritéitspolitik; mir hu vill ze vill e strenge Spuerpak, deen ass net adaptéiert un déi lëtzebuergesch ekonomesch Situatioun. Dee wäert eis vill Problemer maachen, a mir kréien dann eng ganz düster Zukunft, an net eng schéin Zukunft, fir datt déi Regierung jo ugetratt ass.

Ech fäerten, datt déi Regierung einfach op der Schinn bleift vun deem wat virdru schonn déi al Regierung gemaach huet.

Caroline Mart: Dir waart awer ugetrueden alles anescht ze maachen?

Pierre Gramegna: Also, ech kann natierlech deem wat den Här Reding elo grad gesot huet, einfach net zoustëmmen.

Éischtens emol hu mir en Zukunftspak gemaach wou mir iwwer 500 Millioune Sue fanne fir d’Zukunft ze preparéieren.

Zweetens, dëse Budget ass esou gemaach, datt d’Depensë 4% an d’Luucht ginn, 4%, mat enger Inflatioun déi relativ niddereg ass, wéi mir alleguer wëssen.

Mir hunn Investitioune vun 1,7 Milliarden d’nächst Joer, dat geet 16% erop par rapport zum nächste Joer. Dat heescht, mir hu justement versicht den Equiliber ze fannen tëscht intelligent d’Leit an d’Land preparéieren, dat ass den Zukunftspak, an awer d’Wirtschaft net ze penaliséieren. Dofir fannen ech, datt mir an der Linn si vun deem wat Europa prekoniséiert, an zwar, datt mir sollen oppassen, datt mir net an eng Stagnatiounsperiod kommen. Lëtzebuerg huet dëst Joer 2,8% Croissance, a kritt d’nächst Joer och en ähnlechen Taux de croissance.

Caroline Mart: Jo, dat ass [gëtt ënnerbrach]

Jean-Jacques Rommes: Ech soen, do kréie mir manner, mir kréien der manner.

Caroline Mart: Dat ass dann eppes, also de Jean-Jacques Rommes an Dir, dir sidd jo net ëmmer op enger Linn, a mat allem averstanen. Mä ech mengen, op deem Punkt sidd Dir averstanen, vläicht net elo a wéi wäit d’Spueren noutwenneg ass, mä datt déi Croissancezuelen ze vill optimistesch sinn. Där Meenung sidd Dir och, Här Rommes?

Jean-Jacques Rommes: Jo, där Meenung sinn ech sécher. Ech mengen, d’Regierung huet eis de Plëséier gemaach e Plan pluriannuel virzestellen. Dofir wësse mir ganz genee wat se denkt iwwer 5 Joer, dat ass och exzellent esou. Ob et vu Bréissel kënnt oder vun eis, ass och egal, gutt ass gutt.

Mä an der Tat gesäit dee Programm ebe vir, datt mir eng Croissance hunn, déi bei 3,5% läit, am gréissten Deel vun där Period. An do muss ee sech froen, wou soll dee Wuesstem hierkommen? Et kann een och ëmgedréint soen, wa mir dee Wuesstem wëllen, da musse mir och elo eppes dofir maachen. An dat geet dann net ouni d’Entreprisen.

Claude Wiseler: Also ech deelen u sech genee déi selwecht Meenung. Ech hunn dat schonn beim leschte Budget, 2014, gesot gehat. Menger Meenung no sinn effektiv déi Zuele fir d’Zukunft einfach ze vill optimistesch agesat, an ech géif mech wonnere wann déi géingen an d’Realitéit ëmgesat ginn. Et muss een natierlech ëmmer iergend eng Zuel asetzen. Mä hei, egal wat geschitt, dee klengsten Ausrutscher, da fänkt dat Ganzt erëm vu vir un, an da musse mir erëm vu vir ufänken.

Pierre Gramegna: Ech si ganz mat Iech d’accord, datt déi Ziffere vläicht optimistesch sinn. Mä ech fannen, et gëtt keng aner Method wéi d’Ziffere vum Statec ze huelen. De Statec ass eng indépendante Institutioun, déi vun Europa esou ugesi gëtt. A wou soll ech anescht Ziffere siche goen?

Ech wëll och hei ganz kloer soen, ech sinn iwwerzeegt, datt mir d’Ziffere fir 2014 vun 2,8% wäerten erreechen. An d’Zukunft liese ka keen. Ech freeë mech, wann déi Zifferen esou héich sinn. Wa se net esou héich sinn, da gëtt et ebe méi schwéier. An ech wëll och nach dobäi soen, datt grad wann d’Croissance héich ass, a si ass relativ héich fir eng Period no der Kris, et ass grad dee Moment wou ee muss Mesuren huelen. An där Hisiicht si mir net ganz d’accord an der Analys.

Jean-Claude Reding: Do hunn ech genee eben de Problem, well ech der Meenung sinn, datt elo e Risiko besteet, op Grond vun där europäescher Politik, déi gedriwwe gëtt, datt mir an eng ekonomesch schwiereg Situatioun kommen, an datt mir elo eng Rëtsch vu Laaschte méi op d’Leit bréngen, déi da kënnen och zu Lëtzebuerg fir ganz Deeler vun eiser Ekonomie nach méi grouss Schwieregkeete maachen.

An ech ginn dovun aus, datt Lëtzebuerg ganz gutt Parameteren huet, a ganz gutt Situatiounen eigentlech huet par rapport zu den europäeschen Normen. Mir hu keng, am Verglach zu all deenen anere Länner, keng grouss Schold, mir hu kee groussen Déficit budgétaire. Mir kéinten also elo eigentlech antizyklesch fonctionnéieren, mir kéinten eigentlech elo géigesteieren. An dofir ass Är Linn wéi Dir schafft vill ze vill dogmatesch a menge Begrëffer fir kënnen do virzegoen.

Caroline Mart: Jo, Här Rommes an dann de Claude Wiseler.

Jean-Jacques Rommes: Ech si jo frou, datt den Här Reding sech Suerge mécht iwwer d’Gesondheet vun der Ekonomie. Dat [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: An d’Kafkraaft vun de Bierger, géing ech mengen.

Jean-Jacques Rommes: Nëmmen, et ass awer net esou, datt mir eng Politique d’austérité hei am Land gemaach hunn, oder och maachen. Mir hunn de Schied vun enger Politique d’austérité nach guer net gesinn, an et ass eng Beleidegung fir déi Länner déi dat wierklech mussen duerchmaachen.

Mir hunn e Budget, deem seng Ausgabe si gewuess ëm 6% quasi all Joer, zënter datt déi Kris am Gaangen ass. Mir wuesse weider mat 4%. Also, et kann ee Munches behaapten, mä net de Staat géing eng Politique d’austérité fueren. An ech mengen, mir kënnen eis dat och guer net leeschte fir weiderhi Scholden ze maachen, an der Hoffnung mir géifen dann déi lëtzebuerger Betriber stäipen, well, dat hu mir natierlech och gekuckt, dat geet esou net op.

Caroline Mart: Claude Wiseler.

Claude Wiseler: Ech wëll just soen, datt meng Partei a sech mat de generellen Zilsetzunge vun der Regierung d’accord ass fir e Surplus vun 0,5% ze kréien, net méi wéi 30% Verscholdung par rapport zum PIB. Just, de Wee elo dohinner, deen dëst Joer gewielt ginn ass, dee fanne mir an de Proportiounen net richteg. Hei ass gewielt ginn dëst Joer zwee Drëttel u Steieren a sech anzespueren, an op där anerer Säit just een Drëttel u richtege Spuermoossnamen ze maachen.

Or, an deene Proportioune fanne mir et net richteg, fanne mir net, datt et sënnvoll ass op där enger Säit, an op där anerer Säit, wann een dann d’Spuermoossname kuckt, déi haaptsächlech op der Familljepolitik, respektiv op der Sozialpolitik leien, da fanne mir déi Choixen och net richteg.

Caroline Mart: Schlecht verdeelt?

Pierre Gramegna: Jo, also d’Verdeelung ass net zwee Drëttel een Drëttel, mä si ass hallef an hallef. Dat heescht, d’Halschent ass [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Bis 2018.

Pierre Gramegna: Jo, bis 2018. Jo, well eben, et ass ganz richteg wat den Här Wiseler seet, et ka ee jo net d’Fotoe vun 2015 nëmme kucken. Bis 2018 kréie mir en Zukunftspak deen hallef doduerch finanzéiert ass, datt ee manner Depensë mécht, an d’Halschent datt ee Recetten an d’Luucht setzt.

Ech wëll och soen, wat d’Recetten ubelaangt, datt de Choix vun der Augmentation de TVA och ganz bewosst gemaach ginn ass, well dat déi Steier ass, déi d’Croissance am mannste belaascht. An dat ass international esou ugesinn. A mir hu justement aus sozialen Iwwerleeungen de super taux réduit vun 3% net an d’Luucht gesat.

Caroline Mart: Jo, den Här Reding wëllt dorop reagéieren.

Jean-Claude Reding: An deem Spuerpak vu 510 Milliounen à terme, do sinn 18% wou mir Leeschtungen um Niveau, zum Beispill vun de Chômageindemnitéite virgesinn, wou mir de Chômage partiel erofsetzen. A mir hunn awer eng Situatioun wou mir de Chômage net am Grëff hunn, weder déi Regierung virdrun, nach déi jëtzeg konnt eppes maachen, fir datt et manner Chômeure ginn.

Elo gi mir hin a mir soen, mir reduzéieren d’Chômageindemnitéiten erëm, déi mir 2009 wéinst der Kris, eigentlech eens waren deemools an engem Kader Tripartite, fir déi héich ze hunn.

Mir huele 25% Reduktioune bei der Assurance maladie, wou mir net soen, an och bei der Assurance dépendance, wou emol net an Ärem Pak steet wat dat da genee ass. Dat gëtt einfach emol als Zommen eragesat. A mir hunn dann, wéi dat scho gesot ginn ass, 18% bei de Prestations familiales.

Dat heescht, 61% vun deem Spuerpak dee kënnt nach eng Kéier bei déi 0,5% dobäi. An da soen ech, da geet d’Kafkraaft vu ville Leit, a ville Famillje massiv erof, an déi ass schonn an deene leschte Joere stagnéiert, respektiv zeréckgaangen. An do soe mir, dat ass eigentlech net dee richtege Wee. Et ass keng eng Moossnam an Ärem Pak wou mir bei deene Leit emol Sue siche gaange wieren, déi wierklech héich Akommes hunn.

Jean-Jacques Rommes: Dozou muss een allerdéngs soen, datt d’Regierung d’Kafkraaft vun de Leit probéiert huet ze erhalen um Bockel vun den Entreprisen. An domat wëll ech d’Regierung net verdeedegt hu géint den Här Reding, wann ech dat hei esou soen, mä si huet jo, ouni laang mat eis doriwwer ze schwätzen, dekretéiert ier mir iwwerhaapt ugefaangen hunn, datt eng Indextranche géif erfale quasi direkt no der Augmentatioun vun der TVA. An anere Wierder gëtt e groussen Deel vun der Charge fiscale, wou hei d’Halschent vun deene Spuermoossnamen dréit, déi gëtt gedroe vun den Entreprisen. An dat ass natierlech eng Aart a Weis fir d’Kafkraaft vun de Leit ze erhalen.

Caroline Mart: Jo, wat ass dat dann elo? Also Dir sot, Dir sidd virun de Fait accompli gestallt ginn, Dir waart jo laang, also wann een esou héiert, dann héiert een nach esou déi al Gewunnechten eraus. Dir hutt laang un engem Strack gezunn, aus deem selwechten Eck op d’Politik gedréckt, an trotzdem gitt Dir hei virun de Fait accompli gestallt. De Sozialdialog dee stockt?

Jean-Jacques Rommes: Also, déi hei Regierung huet manifestement, ech mengen, do sinn all déi Sozialpartner sech eens, déi hei Regierung huet manifestement d’Methodologie fundamental geännert.

Während fréier probéiert ginn ass an engem Dialogue tripartite, fir deen et e legale Kader gëtt, ze verhandelen, an dann do eng Solutioun ze fannen – déi allerdéngs och, muss ech soen, ëmmer méi schwéier ginn ass ze fannen, mä ëmmerhin – ass dat elo dës Kéier guer net probéiert ginn, an et ass och net verhandelt ginn. Mir goufen alleguer informéiert, verschidde Saache si gewiesselt ginn hei an do, mä herno sinn d’Decisiounen alleguer gefall mat der Guillotine, an zum Deel och par surprise.

Pierre Gramegna: Jo, also zu deem leschte Punkt wëll ech awer soen, datt ech gemengt hat ze verstoen, datt an deene leschte Joere vun der virechter Regierung d’Tripartite iwwerhaapt net méi fonctionnéiert huet. Dës Regierung dës Signatioun erkannt huet, an den Dialog erëm ugefaangen huet, deen et guer net méi gouf [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Ass et Dialog, oder ass et – also wann ech richteg verstinn, war et méi Informatiounsversammlungen?

Pierre Gramegna: Den zweete Punkt ass, mir hunn d’Partner zesummegeruff fir hinne verschidden Decisioune matzedeelen.

An ech mengen, et ass awer och normal, datt wann et haaptsächlech dorëm geet, datt een den Équilibre des finances publiques erëm hierstellt, datt de Staat dat emol selwer bei sech kuckt. Et ass jo net esou, datt de Staat ka jo bei d’Sozialpartner goen a si froen, wéi kréien ech den Equiliber vum Staat zesummen. Déi Dialogen déi mir mussen zesumme maachen, dat sinn eben Dialogen iwwer sozial Sujeten, iwwer ekonomesch Sujeten, déi en direkten Impakt hunn. An dat war hei net den Haaptbut. Den Haaptbut war d’Staatsfinanze bis 2018 ze sanéieren.

Claude Wiseler: Wann ee wëll den Dialog maachen, da setzt ee sech seng Zilsetzunge fest, a mat deenen Zilsetzunge geet ee bei d’Partner, an et diskutéiert ee mat hinne fir ze kucke wéi een déi Zilsetzunge kéint erreechen. Et geet een net bei d’Partner an et mécht een eng Informatioun. Dat ass keen Dialogue social, dat ass dat wat ech e soziale Monolog nennen, an et ass dat wat d’Regierung hei gemaach huet.

Ech weess, datt e sozialen Dialog, well ech oft dobäi war, heiansdo ganz, ganz schwiereg ass. Ech weess och, datt en net ëmmer eppes gëtt. Mä ech weess awer, datt mir an deene Joere virdrun ëmmer probéiert hunn, datt e sollt eppes ginn. Dann hate mir heiansdo Sträit mateneen, mä zumindest ass awer probéiert ginn.

A wann ech elo hei kucke wéi déi Spuermoossnamen, wann ech dierf dorop zeréckkommen, och nach eng Kéier agedeelt ginn: 146 Millioune Spuermoossname gi gemaach am Budget central, 44 Millioune gi gemaach an der Famille, 22 ginn der op de Gemenge gemaach, an da sinn der och nach eng 26 vun deem wat Dir Spuermoossnamen nennt, wat an deem Pak och nach zousätzlech Taxen, an zousätzlech Einname sinn iwwer Taxen, dat sinn emol nach guer keng Spuermoossnamen. An ech fanne wierklech den Equiliber, wéi e presentéiert ass, net richteg.

Caroline Mart: Et ass och ganz schwéier fir esou eng Diskussioun ze féieren, fir ze verhënneren, datt allzevill Zuele kommen, fir d’Leit elo net domat ze erschloen.

Et ware jo eng Partie Zuelen, dat wichtegst am Fong, déi gréisste Mesuren déi ware jo scho gewosst, dat heescht, déi elle Kaz war jo scho virdrun aus dem Sak, déi 0,5% déi ware gewosst, d’TVA war gewosst.

Da si ganz vill Mesuren doranner, si keng ganz grouss, mä et sinn och eng Partie symbolescher, symbolescher wéi zum Beispill d’Parkplaze fir d’Staatsbeamten, wou dann de Staatsminister sot, et ass eng Fro vu Gerechtegkeet. Mir haten och d’Leit am Virfeld vum 14. gefrot, si sollten eis eraschreiwen. Mir kruten immens vill Echoen, a grad wann ee bei der Symbolik ass, do koumen dann awer och Froen am Sënn vun: Majo, mä wéi ass et da bei iech?

Froe vun Auditeuren: Firwat ginn d’Membere vun der Regierung net mam gudde Beispill vir? Fänkt Dir dann och elo un op Äert ganzt Akommes Steieren ze bezuelen? Wéini gëtt dann och bei der Cour grand-ducale gekierzt?

Caroline Mart: Einfach e bësselchen Extraite vu ganz villen Zouschrëften. Déi Fro vu firwat geet een net mam gudde Beispill vir, wann hei eng Symbolik gefrot ass?

Pierre Gramegna: Also ech mengen, de Budget 2014 dat war deem säin Haaptzil. Ech hunn dat jo och viru 6 Méint hei gesot op der Chamberstribün, de Budget 2014 hu mir nëmme beim Staat gespuert, déi Mesuren déi mir annoncéiert hunn. Mir hunn d’Fonctionnementskäschte vum Staat ëm 50 Millioune gekierzt. Mir hu manner agestallt beim Staat. An ech hat dat annoncéiert, mir fänke bei eis un.

An et ass och esou, ech kréien oft och gesot, datt an der Fonction publique elo näischt gemaach gëtt. Ech mengen, mir hunn och do Initiative geholl. An ech wëll och hei rappeléieren [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Et gi Privilegien ofgeschaaft.

Pierre Gramegna: Jo, den Trimestre de faveur schafe mir of, an de Congé deen een am leschte Joer hëlt, dee gëtt proratiséiert, dat ass eppes dat hätt ee scho laang misste maachen, dat maache mir. Ech wëll awer och [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Et sinn awer net dat wat elo déi grouss Zommen och bréngen?

Pierre Gramegna: Jo, dat bréngt Milliounen an. An ech wëll och hei ënnersträichen, datt d’Fonctionnairen och TVA bezuele wéi all Mënsch anescht. Dat heescht, mir menge schonn, datt dee Pak hei équilibréiert ass. Et ass normal, datt kee mat deem hei Zukunftspak, a mat deene Mesuren zefridden ass.

Ech soen awer Folgendes. Wa besser Alternativen um Dësch sinn, da soll ee se maachen. Mir hunn elo während bal engem Joer dorunner geschafft, wéi richteg ënnerstrach ginn ass, hu mir do u ville Schrauwe gedréint, a mir hu versicht dat esou ze maachen, datt et e solidareschen Effort ass, an datt et équilibréiert ass.

Jean-Claude Reding: Här Gramegna, Dir hutt iwwerhaapt net iwwer Alternative mat eis geschwat. Dir hutt emol net gefrot. Mir sinn net an déi Diskussioun komm. Mir hätten der nämlech eng Rëtsch kéinte virleeën, kënne mir och nach ëmmer maachen. Amplaz vun deenen 0,5% kéint een aner Saachen.

Ech hunn awer ee grousse Problem, dat ass wann ee seet, mir hunn eng sozial ausgeriichte Politik, wann een 8,4 Millioune wëll aspuere bei engem Mënsch dee seng Aarbecht zu Onrecht, oder well et ekonomesch eben ass, verluer huet, an engem Sozialplang well de Betrib Faillite gemaach huet. Do hu mir extra agefouert, datt deen no 6 Méint dann awer nach dat géif behale wat hien huet. Dat schafe mir elo einfach of, ouni datt doriwwer diskutéiert gëtt. Do stierze mir Leit a Misère, an dat ass net richteg. Dat si falsch Moossnamen. Wann dat eng Symbolik ass, dann hu mir och eng grouss falsch Symbolik.

Pierre Gramegna: Ech mengen, déi Mesuren, déi ginn am Comité permanent de l’emploi geschwat [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Reding: Déi sinn do net diskutéiert ginn, dat ass net wouer. Do sinn ech mat dran, an do ass dat ni ee Moment de Sujet gewiescht, kee Sujet, entschëllegt.

Pierre Gramegna: Da kann dat kommen.

Caroline Mart: Dee Sujet kënne mir elo awer net ausdiskutéieren. Mir maachen eng ganz kuerz Paus, an da geet et ëm d’Familljepolitik.

[Paus]

Caroline Mart: “Et ass keng Ideologie an och kee Spuerwahn, et ass d’Realitéiten unerkennen”, esou huet de Staatsminister déi nei Familljepolitik vun der Regierung beschriwwen an eng ganz Panoplie u Mesuren a senger Ried presentéiert.

Reportage: D’Allocation d’éducation an d’Allocation de maternité ginn ofgeschaf. Béides Zoulage fir Famillje wou 1 Partner bei de Kanner doheem bleift. 75 Milliounen Euro kënnen esou agespuert ginn. Bäihëllefe wiere jo souwisou zäitlech begrenzt.

Xavier Bettel (O-Toun): Net zäitlech begrenzt ass d’Ofhängegkeet, an déi mat leider virun allem d’Frae stierzen. Eng Ofhängegkeet vum Staat an eng Ofhängegkeet vum Partner. Déi vill Fraen an och domat hir Kanner an d’Aarmutsfal dreiwen.

Reportage: De Congé parental bleift bestoen, gëtt awer reforméiert. Eng Ännerung gëtt et dogéint beim Kannergeld. Fir all Kand gëtt an Zukunft déi selwecht Zomm ausbezuelt: 265€. Vill gouf och iwwer d’Contributioun vun 0,5% diskutéiert. Dësen Zukunftsbäitrag soll 119 Milliounen Euro 2015 abréngen. Vum September 2016 un, gëtt d’Betreiung fir Kanner tëscht engem an 3 Joer gratis.

Claude Wiseler (O-Toun): Dës Regierung fënnt just 1 Familljemodell als richteg a jiddwereen deen eng aner Meenung huet an eppes anescht wëll liewen deen hat Pech.

Eugène Berger (O-Toun): Dee Choix deen Dir verstitt dat ass an der Logik vun K, K, K. D’Fra huet de Choix tëschent Kirche, Küche oder Kinder. Dat ass dat wat bei Iech de Choix ass.

Gast. Gibéryen (O-Toun): Hei am Fong eng ideologesch orientéiert Familljepolitik, gemeet gëtt wéi mir se fréier an der DDR kannt hunn. Dat heescht de Staat seet, setzt e Kand op d’Welt an da gitt der eis se an d’Strukturen a Fra a Mann solle schaffe goen.

Caroline Mart: Tja, Corinne Cahen, gudden Owend. Dir hutt schonn direkt reagéiert gehat, Dir hutt gesot also keng Angscht et gëllt elo net vun der Maternité direkt eriwwer an d’Crèche ze goen, mee et ass jo awer schonn esou, datt d’Regierung hei eng kloer Wiel getraff huet. De Pierre Gramegna sot a senger Ried, mir hunn am Fong 2 ënnerschiddlech Mesuren. Déi eng incitéiert doheem ze sinn, déi aner déi incitéiert fir weider schaffen ze goen. Dat heescht et ass schonn eng kloer Wiel fir ze soe mir ënnerstëtzen ee bestëmmtene Familljemodell, do wou Papp a Mamm schaffen.

Corinne Cahen: Nee, iwwerhaapt net. Mir si just der Meenung, entweder et muss ee richteg ënnerstëtzen oder et brauch een net ze ënnerstëtzen. Mat 485€ an engem Cent während 20 Méint kann ee jo net soen, datt een lo aus iergendenger finanzieller Nout géing erauskommen. Wat awer elo, ech wëll richteg stellen, dat heescht déi Allocatioune ginn net ofgeschaaft, déi ginn auslafe gelooss. A beim Kannergeld ass et am Fong esou, datt dat fir Kanner gëllt déi no engem Dag X op d’Welt kommen. All déi aner behalen hiert Kannergeld, also respektiv d’Eltere behalen d’Kannergeld plus de Boni, wat awer zesumme geschloe gëtt an als eng Zomm dann dee Moment ausbezuelt gëtt.

Caroline Mart: Et si ganz vill Froe komm och zu deem Kannergeld. Datt och vun elo un all Kand d’selwecht kritt, zemools da vu Leit déi méi wéi 1 Kand hunn. 2, 3, 4, déi soen vun deem Moment u gëtt jo och alles vill méi deier. Firwat fir alleguerten d’selwecht?

Corinne Cahen: Ma dat ass net esou, datt alles méi deier gëtt. Bei engem zweete Kand z.B. gëtt et manner deier. Mir wëllen och méi a Sachleeschtungen a manner a Geldleeschtunge stiechen. Dat hu mir och an eisem Koalitiounsprogramm sou stoen. Et ass och esou bewisen, datt am Fong, dat wat wichteg ass, ass datt d’Rahmebedéngunge stëmmen. Fir jiddwereen, fir Mammen a fir d’Pappen an natierlech fir d’Kanner a wann ee vun Zukunftschancen vun de Kanner schwätzt, da mussen d’Rahmebedéngunge stëmmen. Mir gesinn an deene Länner wou et nach ëmmer normal war, datt d’Fra schaffe gaangen ass, wou d’Rahmebedéngungen eben stëmmen a wou se net un de Pranger gestallt gëtt, wéi Frankräich zum Beispill. Do hunn d’Frae vill, vill méi Kanner wéi zum Beispill an Däitschland wou awer nach dee klassesche Modell, wou d’Fra dacks doheem ass éischter zielt. Mä ech wëll awer just nach eng Kéier och soen, mir encouragéiere kee vun deenen 2 Modeller, mä mir gesinn awer, datt iwwert 1 Mariage vun 2 gescheet gëtt an dofir ass et awer och wichteg, datt jiddwereen ofgeséchert ass, och herno bei de Pensiounsrechter.

Caroline Mart: Äre vis-à-vis de Claude Wiseler ass net domatter averstanen. Wat ass et fir Iech? No der Regierung a mat der neier Regierung ass gesot gi Schluss mam CSV-Staat an och elo Schluss mat all Äre Wäerter?

Claude Wiseler: Also ech si guer net domatter averstanen. Well et kann een net soe mir ënnerstëtzen kee Modell wann een deem enge Modell d’Suen alleguer ewech huelt a bei deem anere Modell dann d’Saachen alleguer gratis mécht. Dat ass kloer Favorisatioun vun engem Modell. Wann hei gesot gëtt 480€ dat ass net vill. Da soen ech, et gi vill Leit fir déi 480€ ganz vill, ganz vill Sue sinn an déi frou sinn, datt se dat haten als Complément vun engem Salaire an dat se mat iwwert d’Ronne bruecht huet. Also fir mech ass dat hei ganz kloer eng Regierung déi seet, an den Här Bodry huet et op der Chambertribün kloer ausgedréckt, eng Regierung déi seet, datt se ee Modell virun engem anere bevorzugt an datt se deen imposéiere wëll als Liewensmodell fir d’Familljen. An ech soe ganz kloer: eis gëtt reprochéiert dat Eent an dat Anert gemaach ze hunn an näischt richteg gemaach ze hunn. Mee genau déi Linn, dat Eent an dat Anert ze proposéieren an deene jonke Koppelen ze soen, dir kënnt wiele wéi dir wëllt liewen. Dat fannen ech dee richtege Wee an dat ass och dat wat mir als Politik wëlle maachen. Mir wëllen, datt d’Leit fräi hire Choix huelen a mir wëllen, datt déi 2 Modeller, sou wéi si hire Choix huelen och ënnerstëtzt gëtt. Ech wëll net, datt den Här Bettel oder d’Madame Cahen oder wien och ëmmer decidéiert wat meng Kanner duerno als Liewensmodell ze huelen hunn. Ech wëll, datt se fräiwëlleg, ech ënnerstëtze se als Eltere bei hirer fräier Wahl an ech fannen et normal, datt d’Regierung dat och mécht, datt d’Politik dat och mécht. D’Politik soll net decidéieren.

Corinne Cahen: D’Politik decidéiert och an dësem Fall guer net. Mir ënnerstëtzen d’Leit bei hirer fräier Wahl. Mir ginn hinnen och d’Méiglechkeet...

Claude Wiseler: Dir huelt hinnen d’Suen ewech wa se dat Eent wielen.

Corinne Cahen: Wat maacht Dir da wann d’Kand bis 2 Joer al ass? Da sinn d’Suen net méi do, et ass keen Aarbechtskontrakt méi do. Kommt mir sinn awer mol e bësselchen, kommt mir ginn emol….

Claude Wiseler: Da kuckt emol wat mir an der Legislatioun ageféiert hunn. Mir hu Babyjoeren agefouert, mir hu Congé sans soldes agefouert mat Reintegratioun.

Corinne Cahen: Dir hutt awer och Congé parental agefouert. Dir hutt 40.000 Crèchëplaze gebaut an sou. Elo maacht awer net wéi wann Dir hei....

Claude Wiseler: Ma mir si stolz drop 40.000 Crècheplaze gebaut ze hunn.

Corinne Cahen: Ma mir sinn och frou a mir wäerten dat och weider ausbauen, natierlech.

Claude Wiseler: Well dat genau heescht, datt mir op der enger Säit ënnerstëtzen déi Leit déi d’Decisioun geholl hu fir schaffen ze goen an op där anerer Säit déi aner déi decidéieren eng Zäitchen doheem ze bleiwen.

Corinne Cahen: Mä Dir verkennt d’Realitéit, Här Wiseler.

Claue Wiseler: Mir wëllen déi 2 Saachen, mir wëllen déi fräi Wahl.

Corinne Cahen: Wann Dir d’Chiffrë kuckt, wëll ech awer just eng Kéier soen, da muss een awer och kloer feststellen, datt d’Allocation d’éducation ëmmer manner geholl gëtt an de Congé parental ëmmer méi. An dat ass eben awer deen Trend deen do ass. Mir hunn et ebe just nach e bëssen abreviéiert.

Claude Wiseler: Et sinn 8.500 Familljen déi d’Allocation d’éducation huelen, well do d’Allocation....

Corinne Cahen: Et waren der nach iwwer 10.000 virun e puer Joer.

Claude Wiseler: Jo, well do de Congé parental nach net agefouert ginn ass.

Corinne Cahen: Nee, nom Congé parental, no der Introduktioun vum Congé parental.

Claude Wiseler: Duerno 8.500, dat sinn der 4.200 pro Joer dat ass 40% vun alle Familljen déi hei Resident zu Lëtzebuerg sinn, huelen nach de Congé d’éducation.

Corinne Cahen: Nee, d’Halschent dovunner si jo Frontalieren Här Wiseler.

Claude Wiseler: Jo, mä soss wieren et der méi. Mäi Calcul ass scho richteg.

Caroline Mart: Ganz kuerz Här Gramegna.

Pierre Gramegna: Ech wëll just soen, datt Lëtzebuerg am Kader vun de Plans nationals de réformes, dat heescht Direktive vun Europa sech engagéiert huet zesumme mat deenen aneren europäesche Länner Ziler z’erreechen fir datt méi Fraen op de Marché du travail kommen. Wann een esou een Zil ënnerstëtzt a sech engagéiert dozou, dann ass et inkompatibel wann een donieft Politiken huet déi d’Fraen encouragéieren doheem ze bleiwen.

Jean-Claude Reding: Da wär et lo Zäit datt mir endlech de Congé parental elo géifen opwäerten an datt mir dee Moment zum Beispill, deen ass säit 2006 net méi adaptéiert ginn, dee gëtt ëmmer manner wäert. Datt mir deen a sengem Montant géifen héijen.

Corinne Cahen: Mir hunn do jo schonn déi éischt Gespréicher ugefaangen. Ech hunn ënnert anerem mat Iech geschwat. Ech hunn awer och scho mat Äre Kollege geschwat, souwuel vum LCGB wéi vun der UEL. An ech mengen och an dësem Fall, mir hunn eis och scho gesinn e puer Mol. Dat heescht de Sozialdialog huet an dësem Fall an der Familljepolitik ganz gutt fonctionnéiert, géing ech mol sou soen aus menger Vue aus. Mir hunn dacks matenee geschwat. Mir hunn eis gesinn. Souwuel, wéi gesot, hunn ech Iech gesinn, wéi och all déi aner. Ni all zesummen. Mä ech hat awer jiddwerengem et scho gesot a mir haten och driwwer geschwat. Och wat ee soss nach gesellschaftspolitesch ka maachen, an do schaffe mir och drun, un deene Saachen, déi ech natierlech och gesot hunn.

Jean-Claude Reding: Ech hu just nach keng Äntwerte kritt doropper. Wat gëtt da verbessert? Ech hunn, an ech stellen einfach fest, datt mir d’Kannergeld ass 13% manner wäert ginn iwwert d’Joren, a mir kommen an eng Situatioun, datt mir elo ab deem 2. Kand och eigentlech manner hunn, well de Boni integréiert gëtt. Et däerf een dat jo net vergiessen an ech weess, datt mir driwwer diskutéiert hunn ob ee kann an eng Richtung goen, datt ee fir jiddwer Kand dat nämmlecht gëtt. Datt mir do och gesot hu prinzipiell ass dat eng Diskussioun déi net falsch ass fir doriwwer ze schwätzen. Mir hunn awer gläichzäiteg gesot, da musse mir eng Augmentatioun maache vun der Ënnerstëtzung vun de Familljen an déi kënnt awer elo net. A mir hunn och näischt gemaach fir déi Kanner iwwer 12 Joer. Well och wann Dir higitt an Dir sot mir maachen eppes Gratisses a Sachleeschtungen, hu mir awer fir déi iwwer 12 Joer näischt. An dat ass awer och e ganz grousse Käschtepunkt.

Caroline Mart: Jo, an ech probéieren einfach elo mol enger Fra d’Wuert ze ginn. Et ass elo vill, vill hei iwwer Mammen, iwwer Kanner geschwat ginn an déi déi 4 Kanner huet an déi Mamm ass an déi ech dofir invitéiert hunn, Marion Zovilé, gudden Owend. Dir sidd lo awer wierklech genau de Géigendeel vun deem wat do gesot ginn ass. Dir hutt 4 Kanner. Wéi al sinn se elo?

Marion Zovilé: 26, 24, 22 an 19.

Caroline Mart: Wéi laang hutt Dir opgehalen?

Marion Zovilé: 20 Joer.

Caroline Mart: Bei der Gebuert vum Éischten?

Marion Zovilé: Jo. Ech hat, muss ech éierlech soen, deemools och gefrot fir eventuell kënnen hallef ze schaffen. Dat krut ech direkt ofgelehnt. Ech hunn op enger Bank geschafft. Et war awer ni eng Diskussioun, well ech och e Mann hat dee ganz onregelméisseg doheem war. A ganz oft deeglaang net doheem war. Dat heescht ech hätt mech souwisou net kéinten doropper verloossen.

Caroline Mart: An et deet Iech net leed?

Marion Zovilé: Et deet mir absolut net leed. Ech géif dat selwecht nach eng Kéier maachen. Ech géif et vläicht keng 20 Joer méi maachen. Mä ech si ganz kloer. Ech fannen et relativ schockant an discriminatoire wat de Moment geschitt mat all deene Leit déi et derwäert fanne fir doheem ze bleiwen, ob se studéiert hunn oder net, ob se eng gutt Aarbecht haten oder net. Well se einfach an en Eck gedréckt ginn. De K, K, K dat ass esou e bëllege Cliché, dat ass schonn net méi ze héieren. Ech fannen dat schued, datt mir op deem Niveau schwätzen iwwer sou Leit déi deenen hir Kanner einfach wichteg sinn. Ech mengen et ass, all Elteren huelen hir Kanner fir wichteg an ech fannen et soll een all Elteren de Choix loossen, Mann oder Fra ob e wëllt doheem bleiwen oder net. An dat wat elo geschitt ass genau de Géigendeel. All déi Elteren déi dat als Beruff huelen, dat ass e Beruff. Ech kann een invitéiere bei 4 Kanner eng Kéier heem ze goen. Dat ass e Beruff. Dat si méi Beruffer. Dat ass Aarbecht.

Corinne Cahen: Ech hu selwer Kanner.

Marion Zovilé: Ech weess dat. Ech mengen, ech hat Chance muss ech soen, eng mega Chance, datt ech konnt doheem bleiwen, finanziell gesinn. Wann ech et net gehat hätt, hätt ech vläicht net esou vill Kanner, mä ech wär ganz sécher awer doheem bliwwen.

Caroline Mart: Also ass et fir Iech perséinlech e Problem wou Dir sot, et geet fir d’éischt och emol un d’Unerkennung?

Marion Zovilé: Et geet ëm d’Unerkennung an et geet mir awer als alleréischter Stell ëm d’Kand. E Kand wat moies um 7 an enger Maison relais oder an enger Crèche ofgeliwwert gëtt bis owes 7 Auer, dat sinn 12 Stonnen. E klengt Kand dat schléift tëscht ganz gär 10 Stonnen, soen ech elo mol. Dat sinn 22 Stonnen. Dat wat maachen dann d’Elteren? Dann hu se nach 2 Stonnen. Dovunner geet eng Stonn am Stau verluer fir se hin an hir ze féieren an déi aner Stonn, vläicht wann et d’Chance huet, bei enger Geschicht am Bett. Sou, ech soen elo net, datt all Mënsch soll doheem bleiwen. Ech soe ganz einfach, komm mir loossen de Leit de Choix a komm mir ënnerstëtzen déi genau sou finanziell, well wann ech Iech soen eng Crèchëplaz kascht iwwer 2000€ de Mount de Moment, ech hu 4 Kanner, dat sinn 8000€ de Mount déi ech dem Staat gespuert hunn. Einfach nëmme gespuert hunn. Ech hu weder d’Infrastrukture gebraucht nach d’Personal an sou weider an sou fort. Si hunn doheem giess. Ech fannen einfach, komm mir loossen de Leit de Choix a mir ginn hinnen hir Primen. Mir ginn hinnen hir Primen. Mir ënnerstëtzen se. An ech hunn eng aner Propose. Firwat cotiséiert de Staat net fir déi Persounen déi wëlle während engem oder 2 Joer dat dote maachen? Dat do als hire Beruff gesinn fir doheem ze bleiwen an do d’Aarbecht ze maachen.

Corinne Cahen: Also, ech si mat verschiddene Saache ganz averstan. Zum Beispill  mat der Deelzäitaarbecht. Effektiv wann Är Kanner schonn sou al sinn, dat war deemools e Problem. Dat kann een och ganz kloer noliesen am Exposé des motifs vun deem Gesetz vun der Allocation d’éducation. Dat ass awer haut aneschters. An och do si mir awer amgaange grouss Schrëtt ze maachen. Mir schwätzen och, bon elo ass den Här Rommes net méi um Dësch, mä mir schwätzen natierlech mam Patronat. Mir schwätzen natierlech mat den Entreprisen, mir ginn natierlech hin a mir soen Deelzäitaarbecht ass extrem wichteg an och d’Flexibilitéit an der Aarbechtszäit, well mir si jo alleguer och frou wa mir moies um 6 Auer mat engem geplatzte Blinddarm an d’Klinik kommen, wann do eng Infirmière ass, och déi muss hir Kanner anzwousch hi setzen. An ech muss soen, ech mengen och hei. Dir hutt och immens Chance gehat, well et ass jo net wéinst deenen 20 Méint an et ass jo och well Dir nach mat Ärem Mann nach zesumme sidd. Mä 54% vun de Mariagë gi gescheet. Dat erfannen ech net. Dat ass einfach nun emol sou an duerfir mengen ech, ass et awer och wichteg, datt jiddwereen, all Partner, do geet et guer net ëm d’Fraen, mä all Partner an enger Relatioun seng Responsabilitéit iwwerhëllt an och...[gëtt ënnerbrach]

Marion Zovilé: Da komm mir ginn hinnen awer och d’Chance. Komm mir schafen net eppes of ir mir eppes Neies geschafen hunn. Ech weess net wou Dir déi Aarbechtsplaze wëllt siche goen. Wou Dir déi Problemer wëllt ewech huelen vun deene ganz ville Fraen déi ech kennen, déi eng Deelzäitaarbecht sichen. Ob dat 50%, 75% ass. Do ass nach guer net vill Flexibilitéit. Ech weess der ganz vill déi sichen an déi keng fannen. Déi einfach keng fannen. Dann ass et, da géif ech elo net ufänken esou Saachen eben ofzeschafen iert ech aner geschafen hunn. Mir bezuelen elo en halwe Prozent. All Mënsch bezilt elo en halwe Prozent, dat soll dann an d’Zukunft vun de Kanner fléissen. Och déi Leit, ech soen elo 70, 80 Joer hunn, déi Leit haten näischt. Ech hat keng Crèche, keng Maison relais. All déi Leit bezuelen elo mat fir datt déi Kanner vun haut dann déi éischt 3 Joer solle gratis versuergt ginn. Éischtens froen ech emol, eng gratis Versuergung. Wat elo an de Maisons relais lass ass, wéi ass dat méiglech? Wéi maachen d’Gemengen et fir bis 2016 déi Infrastrukturen do ze bauen? Dat ass guer net machbar. Dat ass net machbar, wann all déi Kanner elo nach solle kommen, quasi forcéiert ginn fir datt se finanziell herno genau sou.... ...[gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Den Engagement héiere mir eraus. Wann Dir all d’Froe beienee stellt, da bleift net méi Zäit genuch fir se ze beäntwerten.

Marion Zovilé: Ech hunn der ganz vill, also et sinn der ganz vill.

Caroline Mart: A mir wäerten nach méi wéi eng Kéier, just och stellvertriedend. Mir hu jo gesot mir spillen och e puer vun eise Reaktiounen an déi mir vum Public kruten. Duerfir wannechgelift och den zweete Panneau fir einfach och ze weisen, datt et effektiv eppes ass wat immens d’Gemidder erhëtzt.

Reportage: Wisou gëtt un eise Kanner gespuert? Sidd Dir net der Meenung, datt d’Kanner hir Eltere brauchen? Firwat ginn déi Fraen a Mammen net belount déi doheem bleiwen?

Caroline Mart: Sou, mir wëllen de Fraen hëllefen onofhängeg ze sinn. Dat sot Dir jo. D’Regierung, d’Argumentatioun déi net jiddwereen iwwerzeegt, net nëmmen d’Madame Zovilé net, mä och aner Mammen net. Wéi zum Beispill d’Natascha Heinz, well mir sinn och einfach eng Kéier Heem gaang. Dir hutt jo gesot et muss een Heem kucke goen wéi et ass. Ben, mir si mat der Kamera bei eng Famill Heem gaang.

Reportage: D’Famill ass an de leschte Joren ëm 3 Meedercher gewuess. Dat Jéngsten huet 10 Méint an dat Eelste 6 Joer a geet zanter kuerzem an d’Schoul. De Choix d’Kanner doheem z’erzéie war séier getraff an et war eng Entscheedung déi di jonk Mamm net mësse wéilt.

Natascha Heinz (O-Toun): Ech sinn einfach och der Meenung, d’Kanner, si brauchen eng Bezuchspersoun an dat ass, wien soll dat aneschters sinn wéi hir Mamm.

Reportage: D’Aarbecht fir 3 Kanner alleng doheem grouss ze zéien dierft een och net ënnerschätzen. Et wier schliisslech e Fulltime-Job. D’Natascha Heinz krut fir all hir Kanner d’Allocation d’éducation an d’Allocation de maternité déi künfteg Mammen net méi bezuelt kréien.

Natascha Heinz (O-Toun): Dat hunn ech ëmmer als Wäertschätzung gesinn. Ech hunn ëmmer geduecht hei do gëtt awer unerkannt vum Staat, datt ech souzesoe schaffen doheem ebe fir meng Kanner.

Reportage: Dat wat d’Politik bis dato gemeet hat, wier eng grouss Ënnerstëtzung fir d’Famillje gewiescht. Datt elo zukënfteg Familljen net méi déi Ënnerstëtzung vum Staat kréien, kann déi jonk Mamm net verstoen.

Natascha Heinz (O-Toun): A mengen Aen ginn eis Kanner e bëssen zum Objet vum Staat. Mir kréien se zwar nach selwer, mä no kuerzer Zäit, jo ginn se dann ewech geholl. Also déi meescht mussen se bal wech ginn an eng Crèche oder wéi och ëmmer fir schaffe kënnen ze goen. An ech fannen dat läit einfach net méi an der Natur vum Mënsch. Dat war ni sou virgesinn vun der Natur.

Caroline Mart: Corinne Cahen, hätt Dir mat sou vill Widderstand gerechent?

Corinne Cahen: Ech mengen et ass wéi den Här Wiseler ganz am Ufank vun dëser Emissioun gesot huet. Wann ee Politik mécht, da muss een Decisiounen huelen. Dat hei ass eng Decisioun. Et géing mech natierlech och interesséieren e Reportage ze gesinn vun enger Madame déi doheem bleift an déi elo, wou de Mann vläicht lo net méi do ass. Well dat sinn nämlech déi di mir awer all Dag gesinn, och op eisem Ministère, och an den Offices sociaux. Och déi Associatiounen um Terrain. Déi hunn da wierklech grouss, grouss Problemer. Dann hu mir nach wahrscheinlech e Contrat de mariage, da stinn se do ouni näischt. An dat musse mir awer évitéiere wa mir soen, datt 54% gescheet ginn. An da wëll ech awer och nach soen, mir wëllen d’Elteren net aus der Verantwortung zéien, mir wëllen d’Elteren an d’Verantwortung zéien an mam System wéi et am Moment ass, ass ee jo mol op mannst 15 Méint kann een doheem sinn wann een de Congé de maternité, d’Allaitement an de Congé parental zesumme rechent. An ech mengen et geet iwwerhaapt net drëms, wéi ech och schonn Uganks gesot hunn, fir d’Kanner aus der Maternité an d’Crèche ze féieren an et geet och net drëms se vu 7 moies bis 7 owes anzwousch ze loossen, mä et geet drëms och d’Eltere mat an d’Verantwortung ze zéien, well d’Kanner brauchen, an do ginn ech der Madame am Reportage ganz Recht, déi brauchen eng Bindung a si brauchen eng Bindung doheem a si brauchen hir Elteren a si brauchen och hir 2 Elteren.

Marion Zovilé: Also et soll awer ee mir erklären wéi eng Bindung kann entstoen bei engem Nouveau né wann deen awer da muss ëmständehalber, well se ebe mussen zu 2 schaffe goen, well se och absolut näischt, keng finanziell Ënnerstëtzung hunn, wéi dann do soll eng Bindung entstoen. Also een, wann ee säi Kand moies, et deet mir Leed, wann ee säi Kand moies um 7 Auer an den Auto paakt, et gëtt een et an enger Crèche of, wou Éducatricen, verschidden Éducatricen, Éducateuren sinn, déi bestëmmt absolut hiert Bescht maachen.

Jean-Claude Reding: Ech kann net domatter d’accord sinn. Also ech ka vill Saache verstoen, mä ech kann net mat deem Schema do d’accord sinn, datt do déi béis Elteren do sinn déi hir Kanner an d’Crèche ginn.

Marion Zovilé: Hunn ech ni gesot.

Jean-Claude Reding: Mäi Meedchen ass an eng Crèche gaange vun 11 Méint un. Dat huet eng Bindung zu senger Famill. Mir hunn eng ganz gutt Situatioun doheem. An ech akzeptéieren einfach déi dote Säz och net. Ech hunn e Verständnes duerfir an an der Propositioun vun der Familljeministesch hu mir eng ganz Rëtsch vu Kritiken, och als Gewerkschaft zu Saachen, mä déi doten Duerstellung, et deet mir Leed. Dat soen ech ganz perséinlech, net als Gewerkschaftler mä einfach perséinlech.

Caroline Mart: Sinn d’Kritiken och Kritiken wat d’Finanze betrëfft, well éineschters ass jo schonn ugeklongen wéi d’Madame Cahen gesot huet, dat wären am Fong guer net genuch Suen, hutt Dir gesot, iwwer 400 Euro si vill Suen. Mir hunn nämlech ee Rechebeispill wat mir och era kruten. An da kucke mir eis dat einfach mol un.

Reportage: Wéi mécht et an Zukunft eng allengerzéiend Mamm mat 4 Kanner, déi bis elo 26.119€ am Joer verdéngt huet an lo duerch d’Ewechfale vun der Erzéiungszoulag 5.820€ manner huet? Hei bleiwen nach 1.691€ am Mount fir 5 Leit?

Corinne Cahen: Ech wëll wëssen déi 1.691€ ass dat d’Kannergeld dann dee Moment oder ass dat eng Pai? Ech hunn elo d’Fro an deem Sënn net ganz richteg verstan, duerfir froen ech dat léiwer eng Kéier no.

Caroline Mart: Et ass eng Fra déi schafft.

Corinne Cahen: Ma do kënnt jo da mol nach Kannergeld dobäi. Ech weess et elo net auswenneg fir 4 Kanner, mä dat ass dann och nach eng Kéier an där dote Gréisstenuerdnung. Da si mir schonn op 3.200€, wann net souguer e bësselche méi. Ech hunn elo d’Chifferen net dobäi. Mä duerfir hunn ech déi Präzisioun awer effektiv gefrot. Allerdéngs ass et effektiv wichteg, déi Fra ass jo weider da sozialverséchert. Si huet awer de Rescht Congé parental ze huelen an do kritt se méi wéi wann se d’Allocation d’éducation huelt, well de Congé parental wann een e ganz huelt ass bei 1.778€, wann een en hallef huelt ass e bei 889 mengen ech. Dat ass jo awer da vill méi wéi déi 485€ Allocation d’éducation.

Jean-Claude Reding: Also et gëtt ee soziale Problem, dee vläicht an der Diskussioun bis elo net ropgeworf ginn ass. Et kann een zu 2 schaffen mat nidderegem Revenu. Ech huelen eng Vendeuse an e Bauaarbechter. An déi konnte bis elo d’Allocation d’éducation kréien. Déi hunn net opgehal, déi hunn also weider, déi sinn also an där Logik vun deem wat Dir selwer gesot hutt, datt Dir et eigentlech wëllt d’Onofhängegkeet schützen déi hunn also do hire Beitrag kritt. Déi kréien dee mar net méi, wann se an Zukunft an d’Situatioun kommen. Do hunn ech e Problem. Do stellen ech mir d’Fro wat maache mir deen Ament fir déi z’ënnerstëtzen fir datt déi dat net kréien.

Corinne Cahen: Déi meescht effektiv déi huelen de Congé parental, déi an deem doten.... [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Reding: Manner, well ech hunn nach elo mat Personaldelegéierten aus dem Commerce ënnert anerem geschwat déi mech drop higewisen hunn, datt si ëmmer méi Leit hunn déi eigentlech an deen anere System eriwwer ginn, well de Congé parental net méi attraktiv genuch wier.

Corinne Cahen: Ma dee wëlle mir souwisou méi attraktiv maachen. En ass jo nach ëmmer méi héich [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Wéi konkret? Dir sot mir wëllen e méi attraktiv maachen.

Corinne Cahen: Majo éischtens emol méi flexibel. Zum Beispill virun allem d’Männer froen eis, soen eis datt en ze laang ass 6 Méint ganz oder 12 Méint hallef. Dat kann och net jiddwereen sech leeschten. Dat heescht scho vun deem hir wëlle mir eis méi no vläicht un dat eru ginn wat mir vun Europa gefrot gi sinn. An dann de Rescht an deem Sënn vläicht flexibiliséieren, den OGBL zum Beispill huet eng Propose gemaach fir dann ze flexibiliséieren esou datt ee vläicht dann iwwert e puer Joer Deeg kann huelen fir dann och emol bei sengem Kand ze bleiwen wann et vläicht mol krank ass oder sou. Dat heescht do sinn am Fong elo déi éischt Sondagë gemaach ginn an do wäerte mir elo ganz ferm dru schaffen.

Claude Wiseler: Also ech muss soen, ech versti jo der Madame Cahen hir Suerg fir all déi Scheedungen déi stinn, an déi Leit déi wann se alleng sinn, schlecht do stinn. Ech soen awer, datt d’Äntwert net ass fir da just ee Modell ze bevirdeelegen an deen anere quasiment de Choix ewech ze loossen. Ech soen wann Dir wëllt do präventiv sinn, da ginn et eng Rei Méiglechkeeten wéi zum Beispill de Congé sans traitement, respektiv d’Réinsertion professionelle, respektiv d’Babyjoeren. An souguer, effektiv wéi Dir richteg sot, um Congé parental schaffen. Mä ech wier natierlech frou gewiescht, Dir, haut elo fir 2015 schaaft Dir mol dat eent of an Dir sot eis hei Dir wiert amgaang z’iwwerleeën an ze kucken wat da vläicht anescht kënnt. Da wier ech wierklech frou gewiescht, wann Dir e ganze Pak op den Dësch geluecht hätt a gesot hätt, hei ass eis Gesamtsolutioun zum Problem. Quitt, datt Dir souguer gesot hätt, dat fänkt dann aus finanziellen oder technesche Grënn réischt Jore méi spéit un. Mä awer zumindestens datt ee gesäit wou Dir hi wéilt. Esou schaft Dir elo mol eppes of an de Rescht kucke mir dann.

Corinne Cahen: Jo, ech muss awer natierlech och dobäi soen, ech sinn iwwerzeegt a wierklech iwwerzeegt, datt d’Madame Zovilé dat super gemaach huet. Allerdéngs wësse mir awer och, datt vill Leit hir Kanner doheem halen déi dat net sou super maachen. Dat gëtt et och. Et ginn natierlech, dat si wierklech déi glécklechste Kanner déi kënnen doheem sinn a wou da Mamm oder de Papp oder vläicht souguer déi 2 doheem sinn an déi sech dann och intensiv mat hire Kanner beschäftegen. Mir wëssen awer och alleguer datt et awer och där anerer ginn an do ass et awer och wichteg deene Leit de Message mat op de Wee ze ginn, déi Kanner ze förderen. Et geet eis jo ëm d’Zukunftschancë vun de Kanner. An ech sinn iwwerzeegt, datt der Madame Zovilé hir Kanner déi allerbeschten Zukunftschancen haten an hunn. Mä et ginn awer och vill där Familljen déi net hire Kanner dat kënnen erméiglechen. Mir gesinn dat jo wann d’Kanner och an d’Primärschoul kommen. Et gi ganz vill Kanner aus soziale méi defavoriséierte Millieuen, déi nëmmen d’Halschent vum Vokabuläre hunn vun deene Kanner déi eben aus de sozial méi staarke Milieuen kommen. An do musse mir awer och den Échec scolaire, deem virbeugen a mir mussen déi Kanner méi fréi mat erun zéien. Dat ass awer och an deem ganze Pak mat dran. Et ass jo net wéi wa mir hei einfach blannemännerchers eppes ofgeschaf hätten.

Pierre Gramegna: Jo, ech wollt awer op eppes reagéieren wat den Här Reding gesot huet. Mir schafe jo eng Zukunftskeess wou alleguerten d’Prestatiounen en nature an och a Geld zesumme lafen. Do ass de Chèque Service Accueil ass agefouert ginn 2010. Dat leeft dann och an déi Zukunftskeess. De Käschtepunkt vum Chèque Service Accueil ass vu 60 Milliounen 2010, 2014 op dat véierfacht op 240 Millioune geklommen. Dat ass einfach gemaach ginn an dat an der Krisenzäit. Dat heescht do war kee Géigefinanzement do. Ech wëll just soen, datt mir de Moment 1,2 Milliarde fir d’Kanner ausginn. Duerfir, dat ass eng riseg Zomm an déi Contributioun déi elo agefouert gëtt déi wäert 120, 130 Milliounen abréngen. Dat ass also e ganz klengen Deel vun all deem wat mir do fir d’Kanner maachen  [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Reding: Här Gramegna, d’Regierung, net Är Regierung mä virdrun, awer ech mengen Dir hutt deemools, Är Partei huet deemools dat mat gestëmmt wéi den Impôt sur la fortune ofgeschaf ginn, do hu mir 180 Millioune Leit geschenkt, da kënnt der se och dohinner rëm siche goen anstatt datt mir se och elo bei de Mindestlounbezéier siche ginn.

Claude Wiseler: Dat heescht jo awer just, datt de Chèque service e grousse Succès war an datt d’Leit dovunner profitéiert hunn an datt e Besoin hei am Land war. Also ass et positiv.

Pierre Gramegna: Jo, mä e war net finanzéiert. En huet eben zum Defizit bäigedroen. Dat ass de ganze Problem. Wann een nei Leeschtunge mécht ouni datt een e Finanzement virgesinn huet, da kann dat nëmmen doranner landen, datt mir méi Schold hunn.

Caroline Mart: Jo, just zur Klärung, well et jo ganz vill Froen déi sech stellen. Et gëtt jo Ënnerschiddleches wann ech lo richteg verstan hunn. Dann ass dat eent, dat gëtt rattachéiert un d’Schoul. Dat ass déi bilingual Sproocheförderung, dat gëtt quasi integral e Bestanddeel vun der Schoul. Op der anerer Säit sinn d’Chèques services, déi Chèques services déi sollen dann och exportabel sinn.

Corinne Cahen: Also dat bilingualt gëtt keng Obligatioun doranner ze goen. Dat heescht et ass net wéi d’Schoul, et ass keng Flicht do.

Caroline Mart: Et gëtt awer e Recht.

Corinne Cahen: Et gëtt e Recht. Absolut. Fir d’Résidenten gëtt et sécher e Recht.

Caroline Mart: Vu wéini un?

Corinne Cahen: Vun der Rentrée 2016 un.

Caroline Mart: Ok. Wéi ass et mat de Chèques services? Do ass jo schonn zeréck gefuer ginn. Am Ufank war dat jo méi generéis. An Dir sot jo do sinn d’Käschten déi aus dem Rudder lafen. Wat hutt Dir domatter Wëlles?

Corinne Cahen: Majo mam Chèque service ass et esou. Mir wëlle contrairement zu deem wat virdru gemaach ginn ass net waarde bis mir verklot sinn um europäesche Geriichtshaff a mir sinn der Meenung, datt déi Leit déi hei Steiere bezuelen an déi hei schaffen och mussen dovunner profitéieren. Duerfir si mir am Moment amgaangen ze kucken fir d’Exportabilitéit vun de Chèques services eben anzeféieren. Da féiere mir allerdéngs, mä dat ass wéi gesot dann eng Virschoul wann ee wëll dat an mam bilinguale System vun 1 – 3 Joer wou d’Kanner da vun de Résidenten kënnen higoen an d’Kanner vun den Non-Résidenten kënnen awer vun de Chèques services profitéiere fir a privat Strukturen zum Beispill ze goen hei zu Lëtzebuerg fir eben och dann do sozial gestaffelt e bësse wéi bei de Studenteboursen wou se dann awer, wou dann d’Revenuen vun den Eltere gekuckt ginn fir dann d’Kanner an eng Struktur kënnen ze ginn.

Caroline Mart: Ech menge mir mussen eis Zäit huelen fir nach eng Kéier e ganze Kloertext ze maachen reng iwwer Kannerbetreiung, a Crèchen ze goen, a verschidde Familljen ze goen.

Marion Zovilé: Ech wëll just awer hei richteg stellen, well ech hu mat kengem Wuert gesot, datt dat béis Eltere sinn déi hir Kanner an d’Crèchë féieren, absolut net. An ech wiere mech och do dogéint. Ech fannen einfach, datt mir endlech sollen ophalen de Gruef deen tëschent de schaffenden Elteren an den net schaffenden Mammen oder Pappen ass, endlech opzehalen. An et kann net sinn, datt de Staat dat nach ënnerstëtzt. Well dee Gruef deen ass risegrouss [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Reding: Madame Zovilé, da sinn ech zefridden wann Dir dat sou sot. Ech hat mech an Ärer Wuertwahl effektiv [inaudibel] well ech och schonn d’Erfahrung hat virdrun mat Virleefer vun der Madame Cahen déi mir dat dote gesot hunn an do war ech eigentlech ënnerlech enorm rosen.

Caroline Mart: Bon, dann ass et jo schéin. Dir hutt Iech jo dann rëm fonnt. Dat ass wonnerschéin an ech muss probéieren iergendwéi de Bou awer fäerdeg ze maachen. Déi Contributioun, Dir hat jo sou eng Angscht, dat dierf een nëmmen net Steier nennen. Et ass also deen Zukunftsbäitrag fir d’Kanner oder fir d’Zukunft vun eise Kanner. Ech wëll awer ganz zum Schluss nach eng Kéier op d’Steieren zréck kommen. Mir krute ganz vill Mesurë presentéiert. Eng Saach déi awer net onwichteg ass, dat ass déi grouss Steierreform. Wat kënnt do nach op eis duer a wéini? Dir hutt just nach eng Minutt fir ze äntwerten Här Gramegna.

Pierre Gramegna: Dir stellt mir nach Froen iwwert de Futur, ech wëll just soen, vu datt mir an der leschter Ronn sinn wann ech richteg verstinn, wëll ech just soen, ech mengen datt mir gutt geschafft hunn. Mir halbéieren den Defizit 2015 par rapport zu deem wat virgesi war. Mir hunn 2014 näischt opgeholl als Emprunt. Mir hunn 900 Millioune par rapport zum Szenario gespuert. An ech mengen domatter hu mir d’Weiche gestallt fir datt mir eisen Triple A behalen, datt eist Land attraktiv bleift fir datt mir nei Investisseurë kréien an nei Aarbechtsplazen. Dat ass d’Équatioun mat där mir schaffen.

Caroline Mart: Dir hutt jo awer och gesot, Politik dat ass engersäits Decisiounen huelen, anerersäits och an Ärem vireschte Liewen, d’Politik ass och de Leit Wourecht soen, soen wat ass. Kënnt dann, mengt Dir dann datt dann awer lo nach entscheedend Aschnëtter an den nächste Joren duer kommen?

Pierre Gramegna: Also mir hunn hei alles op den Dësch geluecht, extrem transparent. A mir soen de Leit wat den Défi ass. Contrairement vun deem wat virdrun de Fall ass. Wou mir all Joers 1 Milliard méi Emprunten gemaach hunn fir de Staatsdefizit vum Zentralstaat vun enger Milliard ze kompenséieren. D’Leit musse wëssen, datt den Defizit beim Zentralstaat 800 Milliounen, déi musse mir léine goen. Mir mussen dat léisen. An d’Steierreform [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Reding: Dat ass keng europäesch Zuel. Wichteg ass, d’Administration publique.

Pierre Gramegna: Nee, nee, nee, nee. Mir mussen se léine goen Här Reding. Mir mussen se léine goen.

Jean-Claude Reding: Nee, Dir musst se net léine goen. Dat ass net wouer.

Pierre Gramegna: Ech weisen Iech am Trésor wéivill mir do musse léinen.

Jean-Claude Reding: Och kommt, kommt. Ech gesi jo d’Zuelen déi Dir op Bréissel schéckt. Dir fuert an der Linn weider vun der vireschter Regierung. An Dir maacht dee Moment eng Wirtschaftspolitik déi ass falsch an eng Sozialpolitik déi falsch ass.

Pierre Gramegna: 2015 musse mir eng Milliard léinen an dat steet am Budget dran an ech soen Iech mir mussen déi léinen soss kënne mir d’Gehälter net méi ausbezuele wa mir déi nächst Joer net léine ginn. Ech soen Iech dat. Ech soen Iech et.

Jean-Claude Reding: Dat ass jo net wouer dat doten, dat ass jo net wouer.

Caroline Mart: Ben voilà. Dann bleiwe mir bei där Conclusioun a mir bleiwe bei der Conclusioun, datt et sécher och nach spannend wäert ginn fir dee sozial Dialog erëm an d’Form vun engem richtegen Dialog zerguttstert ze relancéieren. Ech soen den Invitéeën villmools Merci fir deen Austausch. Fir haut ass d’Diskussioun eriwwer. Si ass laang net ofgeschloss. Ech weess net ob et 516 Froe sinn, wéi de Claude Wiseler sot, déi den Zukunftspak provozéieren. Mir si sécher, datt mir nach oft déi nächst Wochen a Méint drop zréck kommen. An och nach eng Partie wichteg Explikatiounen an Detailer da kréie wäerten.

 

Dernière mise à jour