Corinne Cahen au sujet de la politique du gouvernement en matière de soutien aux personnes handicapées

"Et gi ganz vill Effortë gemaach"

En Interview vum Gilles Wunsch (Radio 100komma7):

Mir begréissen haut de Moie bei eis am Studio d’Corinne Cahen an hirer Fonctioun als Familljen- an Integratiounsministesch. E ganz schéine gudde Moien, häerzlech wëllkomm!

Corinne Cahen: Gudde Moien!

Gilles Wunsch: Corinne Cahen, de leschten 3. Dezember war internationalen Dag vun de Mënsche mat enger Behënnerung, en Uleiës wou bei eis am Land direkt zwee Ministère gefuerdert sinn, nämlech den Aarbechtsministère an deen, deen Dir de Moien als zoustänneg Ministesch hei vertrëtt, mir haten et elo grad gesot, de Ministère de la Famille et de l’Intégration. Mä ech denken, datt et an den nächste Minutten an der Haaptsaach em grad just Integratioun op der Aarbechtsplaz wäert goen.

Mir kéinten awer vläicht nach emol op d’Pressekonferenz zeréckkommen, wann Dir wëllt, déi Dir zesumme mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit ginn hutt den 3. vun dësem Mount, ugefaange vläicht mat dem nationalen Aktiounsplang fir Mënsche mat enger Behënnerung, an deen nationalen Aktiounsplang geet zeréck op eng Konventioun vum Joer 2007. Wéi gesäit et an deem Kontext mat der Mise en oeuvre aus?

Corinne Cahen: Jo, Lëtzebuerg huet effektiv d’Konventioun 2007 ënnerschriwwen, an 2011 ratifizéiert. 2012 huet Lëtzebuerg de Plan d’action national en faveur des personnes handicapées publizéiert, an deen am Fong geholl definéiert d’Ëmsetze vun der UNO-Konventioun, déi geet nach bis 2017. Am Moment si mir genee à mi-parcours, wann ech esou ka soen, a mir sinn amgaangen eng éischt Évaluatioun ze maachen iwwer dat wat scho geschitt ass, an dat wat nach muss geschéie bis 2017.

Gilles Wunsch: A wat ass dann elo an deem Kader de Koordinatiounsrôle vun Ärem Ministère, Corinne Cahen?

Corinne Cahen: Jo, de Familljeministère koordinéiert d’Politik, d’Legislatioun an d’Aktiounen. Et si ganz vill Ministèren natierlech concernéiert. Dir hutt et elo grad gesot, den Travail natierlech, mä och d’Santé zum Beispill, ganz vill Ministère si concernéiert.

Mir hunn och esougenannte Points de contact an deene Ministère crééiert, déi an deene Ministèren déi am meeschte betraff si fir datt mir eben och do Points de contacts hunn, a relativ einfach kënnen eis och emol zesummesetze punktuell. Ech mengen dat ass ganz wichteg, a mir kucken eben och zesumme fir d’Mise en oeuvre vum Plan d’actions vun der Konventioun ebe weiderzebréngen.

Gilles Wunsch: Kënnt Dir vläicht präziséieren, datt Dir an där Missioun vun der Asbl Info Handicap assistéiert gitt.

Corinne Cahen: Absolut, dat ass ganz wichteg, well et geet jo net drëms eppes iwwer d’Käpp vun de Leit ze maachen. A wie weess besser Bescheed wat d’Besoinë sinn, wie weess besser Bescheed wat ee brauch, wien ass um Terrain, wie lieft mat der Behënnerung, bon dat sinn dacks d’Membere vun Info Handicap. Info Handicap ass e ganz, ganz wichtege Partner an der Ëmsetzung vun der UNO-Konventioun, well si eben och méi mat deene praktesche Saache kommen, an eis och emol wierklech soe wou, où le bât blesse, wéi een op franséisch seet.

Gilles Wunsch: Wat gëtt et dann elo haut als Projeten zu Gonschte, wuel gemierkt, vu Mënsche mat enger Behënnerung am Kontext justement vun der Aarbechtswelt?

Corinne Cahen: Bon, do gëtt ganz vill gemaach, et gi ganz vill Effortë gemaach.

Ech erënnere just drun datt am Familljeministère mir eng Gebärdendolmetscherin agestallt hunn, d’Lynn Menster, wat zënter e puer Méint bei eis schafft, dat iwwersetzt ganz vill an d’Gebärdesprooch, wann een et brauch zum Beispill fir op eng Administratioun ze goen, wann eng Administratioun et brauch, et si verschidden Débaten an der Chamber, déi an d’Gebärdesprooch iwwersat ginn, de Briefing nom Regierungsrot gëtt an d’Gebärdesprooch iwwersat. Et geet jo drëms datt jiddwereen Accès zur Informatioun huet, an dat war eis immens wichteg, datt mir do och beim Staat en Outil, oder eng Persoun an dësem Fall kréien, fir datt Leit mat enger Behënnerung och Accès hunn zu all de Büroe beim Staat.

Ech wëll awer och nach soen, datt d’Lynn Menster e ganz flotte Pilotprojet och mécht an enger Schoul, wou am Fong geholl eemol d’Woch et Coursen hale geet, a Gebärdedolmetschercoursen, also esou awer Initiation, soen ech emol, an déi hunn e rise Succès. Dat ass eng Schoul wou ganz vill jonk Leit wëllen Éducateur zum Beispill ginn, oder an e soziale Beruff goen, an do kënnt dat engem natierlech extrem dann och zegutt, wann een, et ass op d’mannst emol Notiounen an enger Sprooch méi, wann een emol eng Kéier e Kand huet dat vläicht net héiert.

Gilles Wunsch: Wat géingt Dir soen, wéi schwéier ass et iwwerhaapt an der Praxis fir Mënsche mat enger Behënnerung an d’Aarbechtswelt ze integréieren, a wéi gesäit et eventuell mat Quoten aus, ëmmerhi besteet dozou jo och e Gesetz dat zeréckgeet op den 12. September 2003?

Corinne Cahen: Jo, do ass natierlech 2003, sot Dir richteg, do huet een natierlech scho Recul fir kënnen awer e bësselchen ze évaluéiere wat, wéi dat dann elo leeft. Dat leeft ganz gutt.

Et gëtt e Service des salariés handicapés bei der Adem, déi, wou 19 Mataarbechter schaffen, an déi wierklech eng extrem gutt Aarbecht maachen, déi net nëmmen d’Leit vermëttelen, mä och accompagnéieren, coachen, an esou weider. An dat ass extrem wichteg.

Mir stelle fest zanter 2003 datt behënnert Mënschen, an net behënnert Menschen am Fong geholl d’selwecht sinn op der Aarbecht, dat heescht, heiansdo geet et gutt, an heiansdo geet et net gutt. Och valid Leit déi wiesselen heiansdo d’Aarbechtsplaz, oder ginn net emol eens mam Patron, an anerer ganz gutt, an esou ass et eben och bei de Leit mat enger Behënnerung, dat heescht, do ass am Fong kee groussen Ënnerscheed.

Wat allerdéngs immens wichteg ass trotzdem, an dat ass virun allem bei Leit mat enger geeschteger Behënnerung, dat ass datt se encadréiert ginn, datt d’Entreprise och prett ass fir se ze accueilléieren, net nëmmen de Patron, mä awer och de ganze Rescht vun der Entreprise ass wichteg.

Da ginn et zwou Initiative vun Jobcoaching, Zum Beispill eng bei der ATP, dat ass fir psychesch krank Leit, eng awer och bei Autisme Luxembourg, déi am Fong geholl och den Jobcoach kennt, d’Betriber, probéiert dann och déi richteg Leit op déi richteg Plaz ze kréien, an dann och am Betrib nach weider ze accompagnéieren, d’Leit ze encadréiere fir datt dat och gutt geet. An dat si wierklech ganz wäertvoll Initiativen, déi do lafen.

Also am Allgemenge muss ee soen, datt dat ganz gutt geet. Et muss een natierlech och soen, datt de Ministère du travail och wierklech säi Bescht mécht fir datt dat gutt soll goen, notamment ginn Aarbechtsplazen adaptéiert, wann zum Beispill ee méi eng speziell Aarbechtsplaz brauch fir kënnen iwwerhaapt ze schaffen, et gëtt eng Participation au salaire. Also et ginn eng ganz helle Wull vu Mesuren, wou dann och d’Adem hëlleft fir datt d’Integratioun och gelénge soll.

Gilles Wunsch: Dir hat de Ministère du travail ugeschwat. Dir kënnt wuel op dëser Plaz, denken ech, net am Numm vum Aarbechtsminister schwätzen, Corinne Cahen, Dir souzt awer zesummen op dëser Konferenz mat him zesummen. A kennt also den Nicolas Schmit seng Prioritéiten, gëtt et do vläicht Präzisiounen a punkto Integratioun an d’Aarbechtswelt, an och dee budgetäre Volet deen dozou gehéiert?

Corinne Cahen: Bon, ech hunn et elo grad ugeschwat. Effektiv de budgetäre Volet gëtt wierklech ganz grouss geschriwwen. Wéi gesot, ech kann e puer Beispiller nennen.

340 Ateliers protégés hu mir, an d’Participation au salaire ass esouwuel bei deene wéi och bei 223 um éischten Aarbechtsmarché, Persounen, d’lescht Joer iwwerholl ginn. Da gëtt natierlech och d’Cotisation de sécurité sociale iwwerholl bei de Salariés handicapés indépendants, dat gëtt et och. Dann, wéi gesot, d’Amenagement vum Poste de travail, dat waren der 5 2013, déi hu misse reaménagéiert ginn, déi den Aarbechtsministère dunn och ganz gestemmt huet. A bon, d’Salariés handicapés hunn och e puer Deeg Congé méi zegutt, an och déi iwwerhëlt d’Adem, an hunn 2013 zum Beispill 839 Rembousementer vum Congé supplémentaire gemaach.

Gilles Wunsch: Ech denken e leschten Aspekt nach vläicht an eisem Gespréich, wann Dir wëllt Corinne Cahen, dann och als Ofschloss eng Fro en Relatioun mam Begrëff Design for all. For all, fir jiddwereen, wat fënnt een alles do dranner?

Corinne Cahen: Bon, et ass am Fong geholl relativ einfach. Ech ginn emol e Beispill.

Wann Dir en Haus baut, an Dir maacht eng normal Dier fir an d’Buedzëmmer, déi ass normalerweis 90 Zentimeter breet. Bon, dat geet och normalerweis duer. Wann Dir awer engesdaags vläicht musst an engem Rollstull sëtzen, da geet dat net méi esou richteg duer. Woubäi wa mir elo géingen e Standard kréie vun engem Meter breet Dieren, dat géing Iech a mech net stéieren, mir géinge grad esou gutt duerchkommen, allerdéngs wann eng Kéier eng behënnert Persoun am Rollstull zum Beispill géing do liewen, géing et da besser goen, an et bräicht een net ëmzebauen, an et bräicht een net d’Maueren anzerappen.

Ech ginn Iech eng anert Beispill. Wann Dir genuch Kabele leet, bon, ech sinn elo net dee gréissten Techniker, mä wann d’Kabelen all leien an engem Appartement, soen ech emol, a muer kënnt een dohinner wunnen deen net héiert, da kann ee ganz einfach eng Luucht installéieren zum Beispill an d’Plaz vun der Schell. Wann dat natierlech net de Fall ass, da muss een nees d’ganz Maueren oprappen, dat si risen Travauxen.

Design for all heescht, jiddweree kann entzwousch hi wunne goen. Dat ass am Fong geholl wat den Design for all ass. Dat heescht, et baut een direkt esou datt ee kann norüsten, relativ einfach, datt ee kann änneren, relativ einfach, fir datt och Leit mat enger Behënnerung kënnen entzwousch hi wunne goen.

A wa mir dovunner schwätzen, datt d’Populatioun zum Beispill ëmmer méi al gëtt, dann ass den Challenge natierlech risegrouss datt mir ëmmer méi am Design for all bauen. An et ass eis wichteg datt an Zukunft wa Saache renovéiert ginn, oder nei gebaut ginn, datt mir da wieklech d’Notioun vum Design for all ëmmer mat dran hunn, esouwuel bei ëffentleche Plazen, natierlech wou dat absolut prioritär ass, mä awer och, ech soen emol Geschäftslokaler déi ganz frësch gemaach ginn, sollen accessibel si fir jiddwereen. Dat ass jo och am Intérêt vu jiddwerengem datt déi accessibel sinn.

An dofir lues awer sécher wann d’Saachen da frëschgemaach ginn, oder nei gebaut ginn, soll wierklech den Terme Design for all och ëmgesat ginn, Wierklechkeet gi fir wann dann eng Persoun mat iergendenger Beeinträchtegung entzwousch hi wunne geet, datt déi da relativ einfach norüste kann, ouni de ganze Battaklang nees mussen an de Koup ze geheien.

Gilles Wunsch: Weider Informatioune grad just an dësem Kontext deen eis eigentlech alleguer misst interesséieren, kann een och noliese vum Site vun der Fondatioun mam nämmlechten Numm, an dat gëtt da fir den Internet: Designforall.org.

Corinne Cahen, mir soen Iech op alle Fall villmools Merci datt Dir Iech esou fréi op de Wee Direktioun Kierchbierg bis bei eis an de Studio gemaach hutt. A wann Dir wëllt, bis ganz gären eng aner Kéier.

Corinne Cahen: Villmools Merci, gären!

Dernière mise à jour