Interview de Corinne Cahen avec RTL Radio Luxembourg

"D’Familljepolitik muss sech un d’Familljebild, un d’Liewe vun haut upassen."

Interview: RTL Radio Lëtzebuerg (Claude Zeimetz)

RTL: Gudde Mëtteg nach emol. An ech soen dann och gudde Mëtteg menger Invitée, Corinne Cahen, Familljen- an Integratiounsministesch.

Corinne Cahen: Gudde Mëtteg.

RTL: Wat bedeit d’Famill fir Iech perséinlech?

Corinne Cahen: Bein, Famill fir mech bedeit mäi Mann, meng zwee Kanner, meng Elteren, meng Schwéiermamm, och all meng Cousinen a Cousinnen. Fir mech bedeit d’Famill eppes ganz Wichteges, do wou ee weess, datt ee richteg ass; do wou ee weess, datt een doheem ass; do wou ee weess, datt een op deen anere kann zielen. Famill bedeit wierklech fir mech perséinlech eben en Nascht, en Doheem, a jo, Kanner déi engem Freed maachen, déi ee gesäit grouss ginn, an déi een esou encadréiert, datt et och herno hoffentlech responsabel Erwuessener ginn.

RTL: Wéi eng Missioune muss d’Familljepolitik dann an Ären Aen erfëllen?

Corinne Cahen: D’Familljepolitik muss sech un d’Familljebild, un d’Liewe vun haut upassen, un d’Gesellschaft vun haut. D’Familljepolitik muss am Fong geholl dat leeschte wat d’Famillje vun enger Familljepolitik erwaarden. D’Familljepolitik ass do fir d’Kanner wierklech an de Mëttelpunkt ze setzen, fir d’Zukunftschancë vun de Kanner fir wierklech ze kucken, datt déi déi bescht Zukunftschancen hunn. Mä d’Familljepolitik ass awer och do fir sech ëm de Kanner hir Elteren an deem Sënn ze këmmeren, datt déi Elteren och d’Rahmebedéngunge fannen, fir datt hir Famill, hir Kanner kënnen an engem Environnement grouss ginn, datt se kënnen an engem Environnement liewen, deen hinne passt, deen hinne gefält, a wou se sech da selwer kënnen hire Modell eraussichen, hire Choix maachen, an hire Choix dann och assuméiere par rapport zu sech selwer a par rapport zu hire Kanner.

RTL: Dat gesot, a wéi wäit trëfft dat do op déi nei Familljepolitik vun der Dräier-Koalitioun elo schonn zou, vun deem wat elo ëmgesat ginn ass?

Corinne Cahen: Majo, ech géing emol einfach soen, dat trëfft absolut 100% zou. Et ass esou, datt virun 30 Joer eng Politik gemaach ginn ass, déi deemools richteg war, ganz sécher, mä d’Gesellschaft huet sech geännert. D’Gesellschaft ass haut net méi déi nämmlecht wéi se virun 30 Joer war. Jiddwereen huet a sengem Bekanntekrees, a sengem Frëndeskrees, oder bei sech selwer d’Erfahrung gemaach, datt emol e Mariage kann ausernee goen. Jiddweree kennt bestëmmt Leit déi mono-parentaux sinn, déi sech mussen organiséieren alleng mat hire Kanner. Jiddweree vun eis kennt och Leit deenen et net esou gutt geet, well se vläicht och laang net geschafft hunn. An ech wëll hei just emol ee Chiffer direkt avancéieren, 81% vun de Fraen haut tëscht 25 a 55 Joer schaffen. Dat heescht, et ass un der Politik fir d’Rahmenbedéngungen ze maachen. An et ass virun allem och dee Mentalitéitswiessel awer trotzdem erbäizebréngen, datt mir d’Leit net méi jugéieren, mä datt mir am Fong geholl d’Rahmenbedéngunge schafen, fir datt d’Leit do kënne liewen, datt se hiert Liewe kënnen organiséieren a gestalten.

RTL: Dat gesot, bis elo wat ëmgesat ginn ass, dat si jo nëmme Spuermesuren. Dat anert, d’Gesamtkonzept dat ass bis elo just op Pabeier, an dee Pabeier ass jo awer nach gedëlleg.

Corinne Cahen: Dat ass absolut net de Fall. Mir hu bis elo e puer Mesuren ëmgesat. Mir hu virun allem awer déi ganz Diskussioun iwwer d’Familljepolitik an d’Gespréich bruecht. Mir schwätzen emol endlech iwwer Familljepolitik. Ech mengen, dat war déck Zäit ginn, datt mir driwwer schwätzen, an [gëtt ënnerbrach]

RTL: Mä am Zukunftspak, wat bis elo ebe wierklech um Dësch läit, dat sinn déi zwou Allocatiounen – Allocation d’éducation, de maternité – déi auslafe gelooss ginn, an dat eenheetlecht Kannergeld wat kënnt. D’gratis Kannerbetreiung ass jo fir méi spéit, wou nach kee weess fir wéini a wat da kënnt.

Corinne Cahen: Also, ech géing do emol gären eppes dozou soen direkt. Mir schaffen am Moment um Congé parental, dat hutt Dir jo och héieren an den Diskussioune mat de Sozialpartner [gëtt ënnerbrach]

RTL: Do komme mir direkt nach eng Kéier drop zeréck.

Corinne Cahen: Eis geet et dorëms, a mir geet et dorëms de Leit keng falsch Incentives ze ginn, an och emol déi Mesuren op de Leescht ze huelen, déi et ginn, a vläicht d’Saachen anescht ze maachen, eben datt se ugepasst sinn un d’Welt vun haut, an datt se de Familljen, an de Kanner vun haut och wierklech zegutt kommen. A mir wëllen eben, datt d’Leit hir Responsabilitéit kënnen huelen. Mir wëllen, datt d’Kanner wierklech Zukunftschancen hunn. Mir wëllen, datt den Échec scolaire erofgeet, well mir wëssen alleguer, datt dee vill ze héich ass hei am Land. Vun all de Kanner déi en Ofschloss hunn, hu 70% eng Kéier doubléiert. Dat ass enorm. A mir wëllen awer virun allem d’Leit net an eng Sakgaass manövréieren. Mir wëlle kee falscht Gefill vu Sécherheet méi ginn, wou herno d’Leit dann an der Sakgaass sinn. Well ech hunn et scho gesot, ech mengen zwar dat kéint mir net geschéien, an Dir mengt dat bestëmmt och, mä all Koppel kann haut eng Kéier ausernee goen, a mir wëllen dat falscht Gefill vu Sécherheet net méi vermëttelen. 

RTL: Dat gesot, de Gesamtpackage dee léisst awer nach op sech waarden, dat kënnt Dir jo awer net ofstreiden? Dir kënnt jo och net alles direkt mateneen ëmsetzen. Mä mengt Dir net, da wier déi Pëll och besser erofgaangen? Et muss ee jo awer och soen, d’Reaktiounen nom Zukunftspak, wou et besonnesch jo och Changementer an der Familljepolitik waren, déi annoncéiert goufen, déi ware jo awer gedeelt, an zum Deel och ganz hefteg, wou d’Leit hire Widderstand och manifestéiert hunn.

Corinne Cahen: Also et ass jo esou, datt déi Mesuren, déi Dir genannt hutt, auslafe gelooss ginn, dat heescht, dat trëfft elo am Moment nach kee Mënsch. Et kritt och kee Mënsch eppes ewech geholl, och an Zukunft net. Ech wëll just fir awer d’Richtegkeet soen, datt d’Kannergeld net am Zukunftspak dran ass. Dat gëtt e Projet de loi à part, wou mir am Gaange sinn drun ze schaffen. 

RTL: Déi Mesure soll eben am Juli, August soll dat eenheetlech – vun dann deem Ament un, do gëtt et nach kee geneeën Datum, soll dat kommen.

Corinne Cahen: Et muss ee kucken, dat Gesetz muss jo emol déposéiert ginn, da geet et an de Staatsrot, da muss et aviséiert ginn, dat heescht, dat muss jo säi ganze legislative Wee maachen, wéi do genee den Datum ass, weess ech net. Op jiddwer Fall ass et sécher, datt et kee Kand wäert treffe wat, oder keng Famill wäert treffen, wou d’Kand schonn ënnerwee war dee Moment wou et annoncéiert ginn ass. Also, dat ass Zukunftsmusek.

RTL: Mä an Zukunft gëtt et manner, muss ee jo och fairerweis soen.

Corinne Cahen: Neen, fairerweis muss ee soen, datt kee Mënsch manner kritt. Jiddwereen deen haut eng Zomm X u Kannergeld kritt, dee kritt déi och weider. Et gëtt eben e Kannergeld, en neit Kannergeld, fir déi Kanner déi eréischt op d’Welt kommen, déi deelweis eben, wéi gesot, emol nach net ënnerwee sinn, mä déi kréien awer och aner Leeschtungen amplaz. An dat ass do wou Dir sot, d’Bausteng déi sinn am Fong geholl iwwerall. Mä um Congé parental sinn ech wierklech gudder Déng, well mir mat de Sozialpartner awer wierklech scho wäit sinn an den Diskussiounen, datt mir do deen och da relativ séier – bon, esou séier wéi et ebe geet, dat hunn ech ewell scho geléiert a mengem engem Joer, datt et net iwwer Nuecht geet – datt mir deen dann esou séier wéi méiglech reforméiert kréien. Dat heescht, do déi Mesuren déi wäerte kommen, déi gräifen awer all eng an déi aner. Ech ginn Iech en anert Beispill, wann Dir vum Kannergeld zum Beispill schwätzt. De Claude Meisch hat gesot, datt fir d’Rentrée 2016/2017 dann dee Moment déi gratis Kannerbetreiungsstonnen, respektiv déi bilingual [gëtt ënnerbrach]

RTL: Déi bilingual Sproocheförderung.

Corinne Cahen: Jo, ganz genee. 2016, d’Rentrée 2016, da muss Äert Kand dann, dann huet dat jo ee Joer dann dee Moment wann et, wann dann, bon ech mengen, datt dat awer e bësse séier wier fir [gëtt ënnerbrach]

RTL: Ech wollt elo grad soen, bleift et da bei deem Datum, well dat ganzt Konzept dat steet jo nach net bis elo? Dat misst jo da ganz séier ausgeschafft ginn och, an d’Leit och fonnt ginn.

Corinne Cahen: Do gëtt am Moment absolut dru geschafft am Éducatiounsministère, wéi gesot, dat ass net bei mir am Ministère. Mä wat ech ebe wollt soen, dat ass, déi Kanner, déi dann dat neit Kannergeld kréien, fir dat emol esou ze nennen, déi wäerten dann awer och direkt op där anerer Säit vun deenen anere Leeschtunge kënne profitéieren. Dat heescht, si kréie sécher net manner. Ech wëll och dozou soen, 265 Euro, déi mir jo ugeduecht hu pro Kand, dat ass bäi wäitem dat héchstent Kannergeld wat et wäit a breet gëtt. A just fir vollstänneg ze sinn zum Kannergeld, ech wëll do awer och eng Kéier kloer soen, firwat mir dat och ënnert anerem maachen. Ech mengen, dat versteet och jiddwereen. Am Moment gëtt et e Grupp, dat heescht, wann Dir ee Kand hutt, kritt Dir 185 Euro, bei zwee Kanner kritt Dir pro Kand 220 Euro, bei dräi Kanner kritt Dir pro Kand 267 Euro, an esou weider.

RTL: Et geet ëmmer weider erop.

Corinne Cahen: Dat heescht, et geet ganz séier erop. Bon, ech ginn Iech just ee Beispill, fir datt een dat awer eng Kéier gutt versteet. Dir hutt zwee Kanner, Dir sidd bestuet, Dir gitt gescheet, Dir léiert en anere Mann kennen, deen huet och zwee Kanner, Dir gitt zesumme wunnen, an Dir hutt dann déi 4 Kanner, vläicht deelweis, vläicht ganz, an da kritt Dir nach e Kand zesummen. Wat ass dat dann? Ass dat dann en éischt Kand, oder ass dat en drëtt Kand, oder ass dat e 5 Kand? Mir wëssen, datt 54% vun de Mariagen ausernee ginn. Et ass fir d’Kannergeldkeess einfach net méi ze rechnen, dat Ganzt. A mir waren och ugetrueden, mir hu gesot, e Kand ass e Kand, e Kand ass a priori jo emol, wierklech all Kanner si jo emol a priori wa se op d’Welt kommen d’selwecht, a mir wëlle se alleguer och d’selwecht förderen, a mir wëllen och, datt se alleguer hei am Land déi selwecht Zukunftschancen hunn.

RTL: Dir hutt elo d’Beispill vun den zwee Kanner gesot. Ass et dann net awer wann een der dräi oder méi huet, do änneren d’Besoine jo awer schonn, also Famille nombreuse, do hat Dir jo och esou hallef schonn an Aussiicht gestallt, do kéint een deemno wéi nach de Montant hécken.

Corinne Cahen: Dat brauch ech am Fong elo iwwerhaapt net, brauch ech net drun ze denken, well wann dat Kannergeld da kënnt, ass et jo eréischt fir déi Kanner déi dann op d’Welt kommen, a bis dann e 5 oder e 6 kënnt, verginn emol nach e puer Joer. Dat ass dat éischt.

RTL: Mä Dir kënnt awer elo vläicht schonn eng Ausso maachen?

Corinne Cahen: Ech loosse mech do zu kenger Ausso zéien, well ech jo net weess wat an 10 Joer ass, esou wéi och mir eben elo och Saache wëssen, déi virun 10 Joer net esou waren. Ech géing do och gären eng Kéier drop opmierksam maachen, datt mir awer och gemierkt hunn, dat huet mech selwer iwweregens och iwwerrascht – a Frankräich do ass et an der Mentalitéit esou, datt et nach ëmmer normal war, datt d’Frae mat schaffe gaange sinn. Et ass am Fong ni eng Diskussioun gewiescht. Ech hunn e puer Joer a Frankräich gelieft, well ech ënnert anerem do op der Schoul war, an do war am Fong, och bei menge Frëndinnen do ni eng Diskussioun, datt déi géife schaffe goen. An Däitschland ass dat awer anescht. An Däitschland ass dat awer och am Moment nach ëmmer eng grouss Diskussioun, ob d’Frae sollen, kënnen, dierfe schaffe goen, oder net. Abee, a Frankräich hu se en Taux de natalité vun 2,07 Kanner pro Fra, woubäi an Däitschland se en Taux de natalité vun 1,4 Kanner pro Fra hunn. An dat mierkt een och ganz gutt wann een déi skandinavesch Länner vergläicht mat de südleche Länner aus Europa, do mierkt een am Fong ganz gutt, datt wann d’Rahmenbedéngunge stëmmen, wa mir ophalen de Leit ëmmer ze soen, du bass eng gutt Mamm, du bass eng schlecht Mamm, mä wann ee se liewe léisst, a wann d’Bedéngungen ebe stëmmen, wann d’Politik en sorte mécht, datt d’Bedéngunge stëmmen, datt den Encadrement vun de Kanner gutt ass déi Zäit wou d’Elteren net bei de Kanner sinn, an esou weider, dann hunn d’Eltere méi Kanner wéi wa se am Fong geholl enzwousch gedréckt gi well d’Rahmenbedéngungen net stëmmen.

RTL: Mä déi Rahmenbedéngungen déi mussen nach zu Lëtzebuerg nach besser ginn. Do gitt Dir mir Recht, oder?

Corinne Cahen: Bein, besser muss iwwerall ëmmer alles ginn. Dat ass emol sécher. Mir hunn awer scho Rahmenbedéngungen, déi net schlecht sinn. Allerdéngs hu mir och e risen-Challenge. Mir hunn e Mentalitéitswiessel, dee schonn deels geschitt ass. Ech ginn Iech do e Beispill, Dir hutt gesot, mir kommen nach drop ze schwätzen, de Congé parental. Wann Dir als Fra 1999 de Congé parental gefrot hutt, da sidd Dir schif bekuckt ginn. Wann Dir haut erwaart, dann ass de Patron am Fong scho bal iwwerrascht wann Dir kee Congé parental frot als Fra. Allerdéngs ass dat bei de Männer awer nach ganz anescht [gëtt ënnerbrach]

RTL: Wollt ech grad soen, genee.

Corinne Cahen: An do schwätzen ech ebe vu Mentalitéitswiessel. Well, wien hätt dann 1999 geduecht, datt 2014, oder 2015 op eemol dat dat Normaalst vun der Welt wier, datt d’Fraen de Congé parental huelen? An dat mécht sech net vun engem Dag op deen aneren. An do muss een eben déi richteg Incentives och ginn. Ech mengen, mir brauchen e Mentalitéitswiessel hei am Land. Mir brauchen e Mentalitéitswiessel och, ech soen ëmmer e bësselchen als Witz, wou ech mäin éischt Kand krut, du hat ech meng Mamm déi mir gesot huet wéi et géing goen, a meng Schwéiermamm déi mir gesot huet wéi alles besser géing goen. Et brauch een net och nach d’ganz Gesellschaft déi engem seet, du niers ze vill, du niers net genuch, lee däi Kand mat de Féiss no uewen, a mam Kapp no ënnen, an esou weider. Mir mussen do nees e bësse méi cool ginn, a mir musse vläicht d’Leit emol nees e bësse liewe loossen, amplaz se ëmmer ze jugéieren, an ze mengen, datt wéi ech et maachen, ass et richteg, a wéi all aneren et mécht, ass et falsch, an esou weider. Ech mengen, ech ginn emol dovunner aus, datt jiddwereen dee Eltere gëtt, an ech soen elo emol, all Mamm déi Mamm gëtt, wëll just eppes fir hiert Kand, an dat ass dat Allerbescht. An ech mengen, do ass et egal, ob et eng räich oder eng aarm, eng kleng oder eng grouss, eng auslännesch oder eng lëtzebuergesch ass, all Mamm wëllt dat Bescht fir hiert Kand. Da kommt, mir ginn och e bësse méi cool, a mir hëllefen als Politiker d’Rahmenbedéngungen ze schafen, fir datt déi Mamm och dat Bescht fir hiert Kand kritt, a mir halen op d’Leit ze jugéieren.

RTL: Een Element wat Dir ebe schonn ugeschwat hutt, dat ass de Congé parental. Net méi spéit wéi dës Woch huet d’Regierung e prinzipiellen Accord mat der UEL fonnt gehat iwwer eng Flexibiliséierung vum Congé parental, dat gëtt jo och vun de Gewerkschafte mat gedroen. Vläicht elo fir unzefänken. Wéi soll deen neie Congé parental dann elo ausgesinn? Et gouf jo gesot, méi flexibel, an och de Montant dee geet erop. Kënnt Dir do de Leit eng Kéier kuerz erkläre wat do soll kommen?

Corinne Cahen: Absolut. Also d’éischt emol, dee Congé parental wéi et en elo gëtt, do ännert näischt drun. Dee vu 6 Méint dee kann ee weiderhin 6 Méint ganz, oder 12 Méint hallef huelen. Allerdéngs ännert de Montant, well dee war e bësse gerëtscht, dee war ënnert den net-qualifizéierte Mindestloun gerëtscht, a mir waren och ni [gëtt ënnerbrach]

RTL: En ass ni ugepasst ginn am Fong?

Corinne Cahen: En ass ni ugepasst ginn, e war am Fong, 1999 wéi en agefouert ginn ass, e Stéck driwwer, an en ass du gerëtscht, gerëtscht bis op 6% ënnert den net-qualifizéierte Mindestloun. An do hat ech awer schonn de Gewerkschaften, hat d’Regierung de Gewerkschaften du versprach schonn, datt mir deen emol an deem neien Text direkt emol géingen upassen. An ech sinn och frou doriwwer, datt mir do dann den net-qualifizéierten [gëtt ënnerbrach] 

RTL: 1.900 Euro.

Corinne Cahen: 1.921 sinn et der dann. Ech si frou datt, mir kee Montant draschreiwen, mä carrément de Salaire social minimum, da brauche mir doriwwer net méi ze schwätzen. Dat heescht, wann de Mindestloun an d’Luucht geet, geet automatesch de Congé parental och an d’Luucht. Elo ass et awer esou, bon, éischtens ass d’Feststellung, datt nach ëmmer ganz wéineg Männer de Congé parental huelen [gëtt ënnerbrach]

RTL: Wéi vill waren et der dann d’lescht Joer?

Corinne Cahen: Ma et sinn am ganzen eppes iwwer 4.000 Congés parentaux geholl ginn d’lescht Joer, woubäi awer bal 80% Frae sinn. Et si wéineg Männer déi en huelen, et sinn allerdéngs och nach Fraen aus enger gewëssener Kategorie déi en och wéineg huelen, dat sinn déi, déi e bësse méi verdéngen, well se sech einfach net leeschte kënnen.

RTL: Well den Écart dann och ze grouss ass.

Corinne Cahen: Wann Dir e Prêt hutt op Äert Haus, da musst Dir deen ofbezuelen, dann ass et der Bank am Fong geholl egal, ob Dir am Congé parental sidd, oder net. Bon, et ginn zwee Grënn, firwat d’Leit d’Congés parentaux net huelen. Deen éischten dat ass dee finanzielle Grond, datt se fannen, datt se net genuch kréien, oder datt se sech et einfach net leeschte kënnen. An dat zweet ass awer och d’Zäit. Ech hunn elo iwwer all déi Joeren, wou ech am Fong schonn dofir kämpfen, och als Membre élu vun der Chambre de commerce an esou weider, ëmmer nees, ech mengen, ech si jo och am beschten Alter fir vill Leit ze kennen déi Congé parental geholl oder och net geholl hunn, an ëmmer nees krut ech gesot, ech géing en immens gären huelen, ech géing esou gären e Mount, zwee Méint, dräi Méint, 4 Méint bei mengem – mä 6 Méint, da sinn ech fort am Betrib, oder dann ass mäi Patron net frou, oder et ass mir einfach ze laang. Voilà.An dat sinn déi zwou Ursaache firwat mir gesot hunn, majo da komm mir kucken emol, op europäeschem Niveau hu jo d’Gewerkschaften an d’Patronat matenee verhandelt, wat hu se do matenee verhandelt, dat sinn déi 4 Méint, da komm mir proposéieren e Congé parental vu 4 Méint, deen een och eventuell méi flexibel kann huelen, an da kritt een awer dee Moment, sous condition datt een dat dann och verdéngt, déi 6 Méint op 4 Méint bezuelt dee Moment.

RTL: Dat sinn dann 2.800 ronn [gëtt ënnerbrach]

Corinne Cahen: 2.881.

RTL: 2.881 ganz genee. Déi Flexibilitéit, dat kléngt op alle Fall emol ganz interessant, dat geet awer nëmme mam Accord vum Patron.

Corinne Cahen: Absolut, dat ass och elo esou. Wann Dir e Congé parental à mi-temps wëllt huelen, da geet dat just mam Accord vum Patron. Dat ass och wichteg. Ech mengen, d’Entreprisë musse fonctionnéieren. An et ass ganz einfach, e froue Salarié ass gutt fir d’Entreprise. Wann d’Madame weess, datt hiert Kand a gudden Hänn ass déi Zäit wou si schafft, an datt de Patron – wann de Salarié frou ass, dann ass en natierlech och vill besser fir d’Entreprise, wéi wann en déi ganzen Zäit op der Sich ass no enger anerer Plaz zum Beispill, dat schéngt evident. An et schéngt och evident, datt een net ka vum Betrib, mat engem grousse B schwätzen, dat gëtt et net. Et gëtt net ee Betrib, et ginn esou vill Betriber, an esou vill Meenunge wéi mir Betriber hei am Land hunn. An déi eng wäert et bestëmmt och, wa se d’Mesure bis kennen, arrangéieren, datt se vläicht dann hire Mataarbechter eemol d’Woch net do ass, an net 6 Méint ganz net do ass, anerer wäert dat manner arrangéieren. Dofir, et ass wichteg, datt dat en accord mam Patron natierlech geschitt, well d’Betriber och weider musse fonctionnéieren.

RTL: Verschidde Secteure riskéieren awer do aussen vor ze bleiwen. Ech denken elo emol spontan un d’Handwierk, wou jo och déi negativ Reaktiounen op déi Annonce am vehemenste waren.

Corinne Cahen: Jo, awer nodeems mir matenee geschwat haten, a se dat Ganzt erkläert kruten, a si wësse jo pertinemment datt de Patron muss averstane sinn domat, ass am Fong geholl do och absolut Averständnis. Ech hunn och gesot, ech sinn d’accord fir duerch d’Land ze pilgere bei d’Entreprisen – ech komme jo aus enger Entreprise, ech war jo Chef d’entreprise, ech war Membre élu an der Chambre de commerce, ech kennen der jo vill. A wësst Dir, et ass ganz einfach, mir hu 40% Frontalieren hei zu Lëtzebuerg schaffen. Mä et ass am Intérêt vun de Betriber wa se bis Leit hunn déi gutt sinn, an déi wierklech gutt schaffen, a fir de Betrib do sinn, datt déi natierlech och bleiwen. Et ass am Intérêt vum Betrib, datt déi Leit och frou sinn am Betrib. An et ass am Intérêt vum Betrib, datt déi Leit net déi ganzen Zäit hir Gedanke musse mat anere Saache verschwenden, déi Zäit wou se op der Aarbecht sinn, just well et hinnen eben am Betrib net gutt geet, oder well se mat hirem Patron net eens ginn. Also ech mengen, d’Produktivitéit ass scho besser, wa jiddweree frou ass, an net wann jiddwereen net frou ass.

RTL: Op alle Fall war d’UEL net Demandeur vun enger Flexibiliséierung beim Congé parental. Dat huet och de Generalsekretär vun der UEL, den Nicolas Henckes, gëschter am Interview, deen ech mat him gefouert hunn, nach emol betount.

Nicolas Henckes (O-Toun): De Congé parental ass een Aspekt vun der ganzer Organisatioun vun der Work Life Balance, an esou gesi mir et op jiddwer Fall op der Säit vun de Betriber, an dat hu mir mat der Regierung kloer gestallt. Dat heescht och, datt elo spezifesch op de Congé parental d’UEL net Demandeur war, an nach ëmmer net ass, mä datt mir awer verstinn, datt eis Gesellschaft och evoluéiert, datt do aner Besoinen opkommen, op béide Säiten, dat heescht, vun de Betriber wéi vun de Stéit, a vun den Aarbechter, an datt mir do zesumme mat de Gewerkschaften a mat der Regierung bestëmmt e Progrès kënne maachen, an dat do e bëssen ëmgestalten a moderniséieren. Mä dat ass natierlech e Pak.

RTL: E Pak an eng Gesamtflexibiliséierung déi d’Patronat gären hätt. Et ass eng nuancéiert Ausso, mä et héiert een awer nach gewësse Retizenzen dran. Fäert Dir dann net, datt, wann elo e Patron bei engem Congé parental méi flexibel gëtt, datt en duerno, wann et elo zum Beispill ëm Deelzäit geet, op déi mir och nach ze schwätze kommen, do da méi stur gëtt?

Corinne Cahen: Et ka jo zum Beispill sinn, datt, wann Dir e Congé parental hutt wou Dir zum Beispill op 20 Méint een Dag d’Woch huelt, datt esouwuel de Betrib wéi och de Salarié op eemol feststellen, datt dat am Fong eng ganz flott Aart a Weis ass ze fonctionnéieren.

RTL: Mä wéi vill Betriber mengt Dir dann, datt dat do kéinte maachen, organisatoresch?

Corinne Cahen: Also organisatoresch [gëtt ënnerbrach]

RTL: Dat riskéiert awer wierklech da ganz schwéier ze ginn.

Corinne Cahen: Organisatoresch ass et natierlech eng Erausfuerderung. Mä wann den Här Henckes ganz richteg seet, datt d’Gesellschaft ännert, mir mierken dat och. Et ass e Risenënnerscheed zwëschent jonke Patronen, soen ech emol, a méi ale Patronen. Och do gëtt et e Risenënnerscheed. Well och, viru 40 Joer hunn d’Pappe sech net esou involvéiert an der Erzéiung vun hire Kanner wéi se dat haut maachen. Dat heescht, och do [gëtt ënnerbrach]

RTL: Do waren och d’Fraen nach méi doheem, automatesch.

Corinne Cahen: Jo, mä dat war och kee Choix. Meng Mamm déi huet bei der Arbed geschafft, a wéi se mech kritt huet, huet se missten ophale mat schaffen. Si hat do kee Choix fir weider schaffen ze goen. An ech mengen, mir hunn elo grad héiere vun der Work Life Balance, do ass et awer och esou haut anscheinend, bei deene ganz Qualifizéierten, zum Beispill Ingenieuren hu mir net genuch hei am Land, oder och wierklech ganz héich diploméiert Leit, mat 25, wann déi sech an e Betrib virstelle ginn, an de Betrib seet, du hues e super CV, an deng Vakanzejobe si jo super, an hei mir wëllen dech engagéieren, da seet deen och, wann dee weess, datt e sech deier verkafe kann, da seet deen, jo wéi ass et dann hei mat menger Work Life Balance an dësem Betrib? Dat heescht, d’Gesellschaft huet sech geännert, an ech mengen, datt et ka wierklech gagnant si fir de Betrib, mä awer virun allem och fir d’Leit. Well mir hätte gären, datt d’Leit an der Aarbecht bleiwen, mir hätte gären, datt se finanziell onofhängeg bleiwen alleguer. Mä mir mussen natierlech op dee Wee goen, an do schwätzen ech nees vu Mentalitéitswiessel, fir d’Aarbechtszäiten am Fong unzepassen. Ech géing Iech gären ee Beispill ginn. Eng Fra, alleng [gëtt ënnerbrach]

RTL: Kuerz wann ech gelift, well.

Corinne Cahen: Okay, eng Fra allengerzéiend, dräi Kanner, si schlofen alle 4 op enger Matratz, d’Fra ass gescheet, si huet keen Diplom, si huet näischt geléiert, se schafft an enger Botzfirma. Abee, mir wëssen alleguer, wa mir um Büro schaffen, et kënnt ganz seelen ee mëttes um halwer 3 botzen. Dat heescht, déi Fra déi huet de Choix entweder moies um 6 unzefänken, dat heescht, um 5 aus dem Haus ze goen, si huet wahrscheinlech och nach keen Auto, oder si muss owens bis 10 schaffen, dann ass se net virun 11 doheem. Abee, et ass jo normal, datt mir deene Leit mussen hëllefen, datt mir deene mussen [gëtt ënnerbrach]

RTL: Grad deenen hir Work Life Balance ass jo net mat Héichqualifizéierten, wou Dir virdru gesot hutt, dat kann een net vergläichen. Déi net-Qualifizéiert, déi hu vill manner Choix.

Corinne Cahen: Do musse mir awer d’Rahmenbedéngunge schafen, do musse mir awer kucken, datt déi Kanner net sech selwer iwwerlooss sinn deemno wéi en Alter se hunn, moies um 5 oder owes bis 11. Dat heescht, do ass et awer un der Politik och. An do musse mir och ophalen ze jugéieren, an ze soen, oh, do ass eng Crèche opgaangen, déi ass vu 6 moies bis 10 owes op, da brauchs de jo keng Kanner ze kréien. Mä et féiert jo kee seng Kanner vu 6 moies bis 10 owes an eng Crèche. Mä mir wëlle jo alleguer wa mir e geplatzte Blinddarm hunn, a mir kommen an d’Spidol, da froe mir do d’Doktesch och net, wat hutt Dir dann haut mat Äre Kanner gemaach. An de Moien déi Madame déi hei um 6 Auer d’Noriichte presentéiert huet, déi huet och missten um 3 Auer opstoen, an déi huet och sécher Kanner. Verstitt Dir? Dat heescht, do musse mir awer ophalen och déi ganzen Zäit ze jugéieren, well och wa vläicht do de Papp nach am Bett loung, an d’Kand konnt weider schlofen, vläicht ass de Wecker awer esou haart gaange, datt d’Kand erwächt ass. Dat heescht, do musse mir vläicht ufänken, jo, et ass eben esou, d’Kanner mussen och iergendwann eng Kéier an d’Schoul goen, mir hunn d’Schoulflicht, an do musse se sech dann och e Wecker stellen an opstoen. Dat ass och net richteg. Ech hätt och am Lycée léiwer méi laang geschlof.

RTL: Wat kann d’Politik dann awer konkret maache fir d’Betriber méi ze encouragéieren hire Mataarbechter entgéint ze kommen? D’UEL, dat hat ech och den Nicolas Henckes gëschter gefrot, déi wëllen op alle Fall do net onbedéngt Reklamm maache goe bei déi eenzel Entreprisë fir ebe méi op de Wee ze goe fir de flexible Congé parental unzebidden.

Corinne Cahen: Abee, éischtens emol, wann de Congé parental, wann dann een ee vu 4 Méint hëlt, an net ee vu 6 Méint, dann ass dat jo emol fir de Betrib awer immens interessant. Op där anerer Säit, wéi gesot, ech ka just soen, ech war Member élu an der Chambre de commerce, 2009 haten d’Membres élus vun der Chambre de commerce en Text presentéiert kritt mat Revendikatiounen un déi deemools nei Regierung, wat eng schwaarz-rout Regierung war, an do war einfach ee Saz, do stoung dran, mir sinn der Meenung, de Congé parental soll op dräi Méint reduzéiert ginn, Punkt. Du hunn ech deemools gesot, mä dat ass egal wat, et muss ee jo awer kucke wat gutt ass fir d’Leit, wat gutt ass fir de Betrib. Et kann een dach net einfach pauschal soen – an ech mengen, do ass eben den Ënnerscheed, ob ech mat Leit schwätzen, déi hir Carrière hannert sech hunn, oder ob ech mat Leit schwätzen déi hir Carrière viru sech hunn, an déi selwer Kanner hunn, an dann e Betrib hunn, do ass wierklech eng risen-Differenz.

RTL: Mä wierklech contraignant Mesurë wëllt Dir net huelen, d’Recht an e Gesetz aschreiwen. Ech hat an engem Zeitungsartikel geliest, Dir sot, e Mentalitéitswiessel kann een net opzwéngen. Muss een net awer eng Kéier en Input ginn am Ufank fir eppes ze erreechen?

Corinne Cahen: Am meeschten erreecht Dir jo eppes, wa jiddweree gesäit, datt en och eppes dovunner huet. An ech sinn iwwerzeegt, datt d’Betriber – ech hu jo selwer e Betrib gehat mat 25 Leit, an ech hunn eppes dovunner wa meng Leit, a meng qualifizéiert Leit, an déi déi eppes kënnen, wann déi bei mir bleiwen. An ech hunn eppes dovunner wann déi zefridde schaffe kommen. An ech hunn eppes dovunner wann déi wëssen, datt wann e Problem mat engem Kand ass, an ech kann et arrangéieren, datt ech da soen, ma natierlech ass déi éischt Prioritéit däi Kand, wann dat elo an d’Klinik muss, oder esou. Dat schéngt mir evident ze sinn. Also, do brauch een iwwerhaapt net driwwer ze schwätzen, dat schéngt absolut logesch ze sinn.

RTL: Vläicht nach just ganz kuerz. Et ass och nach net gekläert, bis wéi en Alter vum Kand een de Congé parental huele kann? Am Moment ass et bis dat 5. Liewensjoer. Wat schwieft Iech dann do vir?

Corinne Cahen: Ma do schwieft mir am Fong iwwerhaapt näischt vir. Ech hunn do keng fest Meenung dozou. Ech hunn esouwuel d’Gewerkschafte wéi och d’Associatiounen um Terrain iwweregens, vun deene mir vläicht jo nach schwätzen, wéi och d’UEL gefrot. Do muss ee kucke wat am Fong jiddwerengem am beschte convenéiert. Ech hunn do guer keng fest arrêtéiert Meenung. Wéi gesot, mir schwätze jo am Moment mateneen, an dat ass eng vun deene Froen déi elo nach ze kläre bleift.

RTL: Och mir si matzen an Diskussiounen, mussen awer elo leider eng Paus maache fir de Mëttesjournal, an duerno geet et da riicht weider. 

[Mëttesjournal vum Carine Lemmer]

RTL: Mir ware virum Mëtteg schonn am Gaangen iwwer de Congé parental ze schwätzen. Eng Fro déi ech nach net gestallt hat, wéini kommen déi Changementer dann iwwerhaapt?

Corinne Cahen: Sou séier wéi méiglech. Wéi gesot, de Moment si mir an Diskussiounen, well mir wëllen dat jo richteg maachen a gutt a fir jiddwereen och sou gutt wéi méiglech. Dofir si mir an Diskussioune mat de Sozialpartner. Mä ech sinn awer och a ganz enkem Kontakt mat den Associatioune wéi gesot um Terrain, déi och wierklech do gutt Iddien hunn. Ech schwätze vill mat de Leit. Ech hu wéi gesot geléiert [gëtt ënnerbrach]

RTL: Ee Joer wëll ee jo ëmmer gär héieren als Journalist. Et muss Iech jo eppes virschwiewen awer [gëtt ënnerbrach]

Corinne Cahen: Ah, mir schwieft schonn eppes vir, also the best case, mä dat ass awer wierklech best case, wär natierlech wa mir et elo iergendwann am Fréijoer, am Enn vum Fréijoer deposéiert kréichen an da géing de Staatsrot et iergendwann fir den Hierscht aviséieren an da kéint et dann eng Kéier gestëmmt ginn an da kéint et den 1. Januar a Kraaft trieden. Dat wär best case, mä souwäit si mir awer nach net. Ech wëll mir do och keen Drock operleeën, mä dat wär awer sou, wann ech ee Wonsch fräi hätt, mir sinn zwar lo no Chrëschtdag, mä wann ech ee Wonsch fräi hätt, da wär dat deen.

RTL: Wann de Congé parental jo och geännert gëtt, et ass jo och virgesinn, datt d’Chèques services d’Zäit vum Congé parental dann ewech falen. Gëllt dat eigentlech och wann een e mi-temps nëmmen hëlt?

Corinne Cahen: Dat si mir am Gaangen ze préiwen och, wéi een dat ka wierklech maachen.

RTL: Well dat wier jo awer kontraproduktiv muss ee jo awer soen. Well dann ass d’Kand jo awer, muss jo awer op d’mannst d’Halschent vun där Zäit wou een awer net schafft, muss et jo awer betreit ginn.

Corinne Cahen: Ganz richteg, dofir war d’Iddi jo och déi fir ze soen, de Chèque services soll am Fong geholl net gëlle fir déi Zäit wou een net schafft. Bon, am Moment ass et effektiv sou, datt Leit de Chèque services ufroen, d’Kanner an d’Crèche ginn, obwuel se an engem Congé parental sinn. Dat kann net sinn, hunn ech gesot. Also, de Congé parental ass schonn do fir sech ëm d’Kanner ze këmmeren, fir sech ëm dat Kand ze këmmeren, op jiddwer Fall, fir dat een de Congé parental hëlt. Dofir hat ech dat och gesot. Mä mir sinn am Gaangen ze kucke wéi dat iwwerhaapt technesch machbar ass. Op engem ganze Congé parental ass dat kee Problem. Bei engem halwe fänkt et schonn u méi problematesch ze ginn, well een dat jo net wëll ganz sträichen a sou weider. Mä do si mir mam Éducatiounsministère am Gaangen eben ze kucke wéi mir dat kënne maachen.

RTL: Dat heescht, dat ass awer scho sécher, datt d’Chèques services net ganz ewech falen, wann een de Congé parental dann elo hallef oder eben da méi flexibel hëlt. Dat ass [gëtt ënnerbrach]

Corinne Cahen: Evident. Jo.

RTL: Ok. D’Congés exceptionnels dann, déi sollen och reforméiert ginn. Dat steet och am Accord mat der UEL mat dran. Wat kënnt dann do op eis duer? Congés exceptionnnels, fir nach eng Kéier vläicht de Leit ze soen ier mir driwwer schwätzen, dat sinn déi Deeg déi een dann zegutt huet, wann ee gepacst gëtt oder bestuet gëtt. Den Ament 6 Deeg. A wann ee Papp gëtt, sinn et 2 Deeg am Privatsecteur den Ament.

Corinne Cahen: Jo, déi déi mech scho laang kennen, wëssen datt ech do am Fong op där dote Front scho laang kämpfen. An ech sinn am Fong frou, datt mir dat doranner geschriwwen hunn an deen Accord, dat hätt och kënnen an deem mat de Gewerkschafte stoen. Ech hunn am Fong vun der éischter Reunioun déi ech mat de Gewerkschaften hat, ëmmer dovunner geschwat. Wa mir dovunner schwätzen, datt d’Politik muss d’Gesetzer upassen un d’Gesellschaft. Wësst Dir, wann Dir virun 30 Joer bestuet gi sidd, dann hutt Dir 2 Stéit mussen zesumme féieren, bon, kann ech verstoen, datt Dir 6 Deeg braucht. Ech sinn der Meenung, wann ee sech haut bestiit, brauch een 1 Stonn. Mä sou radikal wëlle mir dat jo net maachen. Ech fannen et awer onméiglech och, an dat hunn ech och gemierkt wou ech meng Kanner krut, ech fannen et onméiglech, datt dir als Papp nëmmen 2 Deeg Congé paternel, nennen ech en dann elo emol hutt, wann Dir Papp gitt. Also, dat geet wierklech vir an hannen net duer. Virun allem haut, wou d’Pappe wéi gesot, sech awer méi involvéieren, wou d’Pappen awer och wëlle bei de Kanner sinn, wou d’Pappen och awer wëllen dozou bäidroen wann d’Kand op d’Welt kënnt fir vläicht anzeriichten fir dat eent oder anert sichen ze goen fir beim Kand ze sinn, fir dat Kand kennen ze léieren, fir déi éischt Bindung opzestellen. Ech kann net verstoen, an dofir hunn och am Fong proposéiert, souwuel de Gewerkschaften wéi och de Patronen, datt mir do déi Deeg switchen. Datt mir einfach soen, ma hei, wann s de bestuet gëss, dann hues de eben 2 Deeg Congé ze gutt a wann s de Papp gëss, hues de awer eng Woch Congé ze gutt. Dat schéngt fir mech awer an der Welt vun haut, 2015, evident ze sinn, datt een einfach déi Deeg muss ëmswitchen. Et geet net dorëms engem eppes ewech ze huelen, ganz au contraire. Et geet dorëms déi Deeg aneschtes ze leeën.

RTL: An do gëtt et dann och en Accord awer, datt dat dote kënnt?

Corinne Cahen: Also, do gëtt et en Accord. A vun de Gewerkschaften, déi hu mir gesot, jo, firwat net. Si hu sech am Fong d’Fro nach net gestallt gehat. A si sinn am Fong awer do och – also ech mengen, am Fong d’Gewerkschaften, déi si jo awer wierklech do fir déi Leit ze vertrieden déi schaffen, d’Salariéen. An ech mengen, et ass jo wierklech am Intérêt vun de Salariéen a virun allem vun de Männer, an och awer vun de Fraen, datt wann e Bébé op d’Welt kënnt, datt de Papp awer e bësse méi Zäit huet wéi 2 Deeg. An ech kenne keen dee kee Congé geholl huet dee Moment wou e Papp ginn ass. An dofir läit dat op der Hand, datt d’Gesellschaft an datt d’Salariéën dat brauchen a wëllen, datt d’Pappe méi Congé hunn, wann e Kand op d’Welt kënnt.

RTL: D’Salariéë jo an d’Patronat? Ass och d’accord?

Corinne Cahen: Si kréie jo dann amplaz, wéi gesot, mir gi jo just nëmmen d’Deeg hin an hir. Also, wann Dir Iech haut pacst kritt Dir 6 Deeg. Dat heescht, Dir pacst Iech jo net alleng, da sidd Dir zu 2. Dat heescht, 2 Mol 6 Deeg, sinn 12 Deeg fir d’Ekonomie oder fir d’Betriber. An 2 Joer bestuet Dir Iech, kritt Dir nach eng Kéier jiddweree 6 Deeg. Also ech mengen, datt et awer och an de Patronen hirem Intérêt ass, fir awer och déi Deeg do ze vertässelen, an datt déi eben, wéi gesot, ech kommen do ëmmer nees op dat Nämmlecht: wann d’Leit frou sinn an zefridde sinn, da geet et och den Entreprisë gutt. An dofir wëlle mir jo fir d’Leit schaffen, fir d’Familljen a fir d’Kanner, an déi éischt Bindung ass wichteg, net nëmme fir d’Mamm, mä och fir de Papp. An dann eben, deen anere Congé, de Congé pour Raisons familiales, do ass et am Moment esou, datt Dir pro Joer, pro Elterendeel 2 Deeg zegutt hutt, wann Äert Kand krank ass, mat engem Certificat médical. Elo ass et awer esou, jiddwereen dee Kanner huet, dee weess dat och, e klengt Kand ass méi dacks krank wéi e grousst Kand. All déi kleng Kanner, och virun allem wann se an d’Crèche ginn, mä och aneschters, hunn Autiten, Bronchiten, Anginen an sou weider. An et kann ee jo net e klengt Kand alleng loossen. An dofir war mäi Virschlag bei de Gewerkschaften, an ech hunn awer och scho mam Patronat doriwwer geschwat, fir ze kucken, ob een net kann e Pool vun Deeg maachen. Dat heescht, am Moment hutt Dir 2 Deeg pro Joer zegutt, dat si jo dann, bis d’Kand 15 Joer al ass, 30 Deeg. Firwat kann een net soen, majo, vun 0 bis 4 Joer zum Beispill hues de am Ganzen 12 Deeg ze gutt an dann hëls de déi eben an deene 4 Joer wéi s de se ebe brauchs wou d’Kand krank ass. An dann huet een nach eng Kéier vu 4 bis 12 Joer, dann de Rescht vun den Deeg, spréch 18 Deeg dee Moment zegutt, wou een dann och, wann ee se geholl huet, dann huet ee se geholl, dann huet ee se och net méi zegutt. An ech hunn awer do nach mat an d’Diskussioun bruecht, datt een awer och fir déi Kanner déi méi al sinn, dat heescht, och méi al wéi 15 elo, bis 18 Joer, datt een do am Fong awer och nach eng Kéier misst iergendwéi drun denken un Deeg wann d’Kand hospitaliséiert gëtt. Well ech mengen net, datt et e Risenënnerscheed mécht, ob Äert Kand 16 Joer al ass oder 14 Joer al ass, wann Äert Kand an der Klinik läit, da wëllt Dir och Zäit hu fir mat Ärem Kand an d’Klinik ze goen a fir bei Ärem Kand ze sinn. Do schwätze mir eben driwwer.

RTL: Dir sot et selwer. D’Kand am Mëttelpunkt. Den Elteren och Zäit gi fir bei hire Kanner ze sinn. Wéi kënnen d’Betriber dann elo nach méi efficace iwwert d’Zäit vum Congé parental eraus encouragéiert ginn de Mammen an de Pappe méi Zäit ze ginn? Do si mir natierlech bei der Deelzäit. 50%, 75%, 60%, 80%. Bis elo musse vill Familljen sech jo nach ëmmer haaptsächlech dem Aarbechtsmaart upassen. De President vun der Salariatskammer de Jean-Claude Reding, deen hat do mol eng Iddi.

Jean-Claude Reding (O-Toun): An dofir muss ee vläicht vun der Regierung aus soen, et geet net nëmmen duer, dat Eent ze soen an och vläicht déi eng oder aner Moossnam ze huelen, mä si schwätze jo oft dovun, datt se gären hätten, datt d’Gewerkschaften an d’Patronat sollen zesummen Accorden negociéieren. Ma si sollen hei de Gewerkschaften an dem Patronat d’Messer op d’Broscht setzen a soen, hei, an 9 Méint hätte mir gären en Accord iwwert eng familljefrëndlech Deelzäitaarbecht. Dat ass nämlech eng Diskussioun déi mir scho säit 10 Joer féieren, a wou mir net weider komme well keen Drock besteet! Keen Drock besteet! An et wier eng wichteg Saach. An elo Kéint een dat dee Moment maachen. An dat wär dann och eng politesch Decisioun fir ze soen, hei, Här Wurth, Här Roeltgen, soen ech dann deen Ament elo mol, setzt Iech zesummen, negociéiert an deenen nächsten 9 Méint en Accord.

RTL: Corinne Cahen, wat sot Dir dozou? Wier dat eng gutt Iddi?

Corinne Cahen: D’Iddi ass net vun der Hand ze weisen a mir wëllen dat jo politesch och sou maachen, andeems mir de Congé parental flexibiliséieren, datt mir ebe soen [gëtt ënnerbrach]

RTL: Mä iwwert de Congé parental eraus. Ech mengen, de Congé parental, da sinn d’Kanner jo nach kleng, d’Leit hale jo, wa se dann ophale mat schaffen, jo och op mat schaffe fir bei hire Kanner ze si wann se méi al nach sinn, fir déi éischt puer Joer. Et si jo awer déi éischt puer Joer déi wichteg si fir eng Bindung opzebauen, fir méi Zäit doheem ze sinn.

Corinne Cahen: Dir sot dat richteg. D’Besoinen ännere par rapport zum Alter vum Kand. Wann d’Kand tëschent 0 a 4 Joer al ass, huet een aner Besoine fir bei sengem Kand ze sinn, wéi wann d’Kand tëschent 4 an 12 ass, wou allgemeng hei zu Lëtzebuerg, mir am léifsten Dënschdes an Donneschdes mëttes alleguer net schaffen. An am Frankräich, déi wou aus Frankräich schaffe kommen, am léifste Mëttwochs net schaffe, well se do Mëttwochs keng Schoul hunn. An ech mengen, iwwert de Congé parental, wëlle mir dat dote jo, mir wëlle jo iwwert de Congé parental och Incentives ginn, datt souwuel d’Betriber wéi och d’Salariéën [gëtt ënnerbrach]

RTL: Mä iwwert de Congé parental eraus? D’Diskussioun déi gëtt jo am Fong, mir schwätzen elo just iwwert de Congé parental. Dat sinn héchstens 12 Méint. Dann ass d’Kand jo nach ganz kleng. Doriwwer eraus, do hunn ech op alle Fall mol d’Gefill, datt do net wierklech geschwat gëtt fir och méi Temps partiels kënnen ze hunn a fir dat méi ze flexibiliséieren.

Corinne Cahen: Also, ech fannen d’Iddi vum Här Reding ass awer absolut net vun der Hand ze weisen, wann do déi 2 Säiten d’accord si fir do sech eng Kéier mol dohinner ze setzen an eppes ze proposéieren. Dat wat mir als Politiker wollte maachen a wëlle maachen a wäerte maachen, dat ass iwwert de Congé parental iwwerhaapt mol de Leit d’Iddi ze ginn, datt ee vläicht kann een Dag d’Woch net schaffen an awer 4 Deeg d’Woch schaffen. Datt ee vläicht mol de Leit d’Iddi gëtt an de Betriber, ma hei, deen doten deen huet e Congé parental vu 40% d’Woch. Dat heescht, e schafft 3 Deeg an 2 Deeg net. Wann d’Mamm 2 Deeg net schafft, de Papp 2 Deeg net schafft, dann hu se 120% Revenu doheem. Dat heescht, 60 plus 60 gëtt jo 120. Si sinn awer 4 Deeg d’Woch doheem. Dat heescht, dat d’Kand dat geet nach 1 Dag d’Woch an eng Crèche, zum Beispill.

RTL: Dat ass da während 4 Méint nëmmen.

Corinne Cahen: Neen, dat ass net während 4 Méint, well dat gëtt jo dann, déi 4 Méint gi jo dann sou opgedeelt, wann Dir zum Beispill een Dag d’Woch de Congé parental dee Moment huelt, sidd dir op 20 Méint. Dat heescht, déi 4 Méint si jo net statesch 4 Méint. Et si jo 4 Méint am Ganzen. Dat heescht, wann déi aneschters opgedeelt sinn, dann dauert dat natierlech méi laang. Mä dorëms geet et eis jo och, fir do och als Politiker den Incentive ze gi fir iwwerhaapt mol d’Leit op déi Iddi ze bréngen, fir och de Betriber ze weisen – ma natierlech ech ginn zou, datt et fir d’Betriber net einfach ass. Fir ganz kleng Betriber ass et ganz komplizéiert. Fir ganz grouss Betriber ass et och net einfach. Well et muss een natierlech dann dee Moment an d’Ressources humaines investéieren. Well wa mir vun engem Supermarché zum Beispill schwätzen, deen all Dag, vun ech hu keng Ahnung, moies 8 bis owes 8 op ass, soe mir mol sou. An deen huet, ech hu keng Ahnung Horairen, Méindes, Mëttwochs, Freides schafft d’Equipe A vun 8 moies bis 4 mëttes. An Dënschdes, Donneschdes, Samschdes dann vun 2 mëttes bis 8 oder 10 owes, oder wéi et dann och ëmmer ass. Jo, dann ass et onméiglech als jonk Mamm, virun allem wann ee monoparentale ass, sech ze organiséieren. Wann een awer en Horaire huet dee regelméisseg ass, Sonndes moies ginn der immens vill gäre schaffen. Da sinn d’Bomien an d’Bopien, deenen ech iwweregens och mol eng Kéier hei wëll Merci soen, well ouni déi geet et och net fir – kommt mir maachen haut en Exercice. Mir sinn haut Samschden, et ass e Jour ouvrable. All déi Leit déi haut de Radio lauschteren. Wann Dir de Mëtten, oder och de Moie vläicht, Dir waart am Supermarché, Dir waart vläicht am Spidol, Dir gitt vläicht de Mëtten een an d’Altersheim besichen iwweregens, wann Dir net wësst wat Dir sollt maachen, ass dat am Fong eng ganz gutt Aktivitéit, well dat deene Leit ganz vill Freed mécht, mä probéiert mol eng Kéier Iech an deen eran ze versetzen deen déi aner Säit ass. Dat heescht, d’Madame déi am Supermarché Är Saache scant, vläicht d’Vendeuse am Buttek, d’Infirmière am Spidol, d’Aide-soignante – mä d’Ekonomie fonctionnéiert och muer. Wann Dir muer mat engem, wéi gesot, mat Nieresteng an d’Spidol kommt, da stellt Dir Iech och net d’Fro, wou d’Kanner sinn. Haut sinn awer déi meeschte Crèchen zou. Ech hunn als Presidentin vum Stater Geschäftsverband hat ech eng Crèche opgemaach an der Uewerstad déi Samschdes op war. Well dat ebe wichteg ass, well d’Rahmenbedéngunge musse stëmme fir d’Personal, fir d’Clienten, fir jiddwereen mussen d’Rahmenbedéngungen...Da kommt mir versetzen eis 1 Sekonn an déi aner Richtung. An ech kann Iech soen, ech sëtze jo lo hei, ech hu meng Kanner jo net dobäi. Dat Eent dat ass mat e Scouten Schlittschong fueren haut, do wëll ech dann och eng kleng Lanz brieche fir de Benevolat, fir all déi jonk Leit déi sech do all Woch awer wierklech Méi gi fir mat de Kanner eppes Sënnvolles ze maachen a wierklech do och se zesummen ze schweessen. An dat Anert, dat ass bei mengen Eltere wahrscheinlech am Gaangen elo de Radio ze lauschteren. Dofir soen ech mengen Eltere Merci, ech soe menge Schwéiereltere Merci, esou fonctionnéiert et fir déi déi Elteren a Schwéierelteren hunn, a Copainen, an esou weider.

RTL: Déi leider Gottes awer och net jiddwereen huet.

Corinne Cahen: Absolut, an dat wëll ech dann och eng Kéier soen.

RTL: Mir schweife grad e bëssen of. Ech wollt nach eng Kéier op déi Drockmëttelen awer zréck kommen, déi d’Politik dann awer huet, oder déi se sech da vläicht misst gi fir eben méi deelzäit-Méiglechkeeten, -Opportunitéiten ze ginn. Ginn et där Posten Ärer Meenung no den Ament scho genuch?

Corinne Cahen: Ech hunn d’Analys dovunner net gemaach, well dat läit jo éischter beim Aarbechtsminister fir dat ze maachen. Ech maachen et awer gäre mat him zesummen, hie weess dat och bestëmmt auswenneg. Ech weess et net.

RTL: Dat gehéiert jo awer och an d’Familljeplanung. Déi Work Life Balance wou mir éinescht geschwat haten, dat ass jo awer e Ganzt.

Corinne Cahen: Mä et gehéiert awer och an dee Mentalitéitswiessel. Et gehéiert jo awer och doranner an de Mentalitéitswiessel op all Säit, souwuel bei de Salariéë wéi awer och bei den Entreprisen. Ech mengen, och do ass de Mentalitéitswiessel awer wierklech ubruecht. A wéi gesot, ech kann nëmme widderhuele wat ech scho gesot hunn. Wann ee senge Salariéen entgéint kënnt. Wësst Dir, ech ginn Iech en anert Beispill vun enger grousser Entreprise déi mir allen zwee ganz gutt kennen. Dat ass RTL. Déi haten eng Ëmfro gemaach viru ville Joeren, ob mir hei am Haus léiwer eng Crèche hätten oder léiwer e Fitness-Studio. Mir wëssen allen zwee wat hei haut am Haus ass. Et ass e Fitness-Studio do. Firwat ass dat sou? Ma eng Crèche braucht Dir punktuell nëmme wann Dir grad erwaart, da kuckt Dir no enger Crèche, oder wann Äert Kand tëschent 0 an 3 Joer al ass. Wann Äert Kand bis 4 Joer al ass, oder Är Kanner iwwer 4 Joer al sinn, da sidd Dir iwwerhaapt net méi interesséiert un enger Crèche. Dat ass wierklech eng kuerz Zäit wou ee sech do anescht muss organiséiere bis d’Kanner an d’Schoul ginn, wou een sech dann nees muss anescht organiséieren. A wann se an de Lycée ginn, changéiert dat nees. Et mengt een zwar, wann een dran ass, dat géing lo ëmmer sou sinn, mä vun 0 bis 3, dat sinn eben déi 3 oder 4 Joer, bis d’Kand an d’Spillschoul geet, vläicht och nach virdrun an de Précoce wou ee sech muss organiséieren. An dat war och de Grond an ech hunn dat deemools och gutt verstanen, firwat hei e Fitness-Studio gebaut ginn ass am Haus a keng Crèche, wéi gesot, well de Besoin ëmmer nëmmen akut ass dee Moment wou Dir selwer dee Besoin hutt.

RTL: Mä deen akute Besoin dee muss mengen ech awer och vun der Familljepolitik mat ënnerstëtzt ginn, an de Leit méi Méiglechkeeten dann awer ginn.

Corinne Cahen: Absolut an net nëmme vun der Familljepolitik, mä [gëtt ënnerbrach]

RTL: Mä Dir setzt awer méi op de Mentalitéitswiessel, dann, dee fräiwëllegen.

Corinne Cahen: Neen, mir setzen och op d’Strukturen; mir setzen och op d’Qualitéit an de Strukturen; mir setzen drop, datt d’Kanner net nëmmen enzwousch kënnen ënnerdag kommen, mä datt se och anstänneg encadréiert ginn, datt se schonn eppes matkréien op de Wee, fir datt mir och déi zukënfteg Problemer an d’Zukunftschancë vun de Kanner net hypothekéieren, mä ganz au contraire, se favoriséieren, datt een an der Spillschoul net mol ufänkt Sproochen ze léieren, mä datt d’Kanner d’Sprooche kënne wa se an d’Spillschoul kommen. Déi Sproochen déi een hei am Land brauch. Well mir gesinn awer, datt d’Sproocheproblematik hei am Land e grousse Problem ass an der Schoul, fir iwwerhaapt weider ze kommen. An ech mengen, déi Zukunftschancen dat ass dat wat es wierklech am Fong geholl fir eis am Mëttelpunkt steet. D’Zukunftschancë vun de Kanner, d’Startchancë vun de Kanner. An do schaffe mir drun un de Strukturen, wéi gesot, um Encadrement. An dorunner, datt d’Kanner dann och wierklech gutt encadréiert sinn an eppes mat op de Wee kréien.

RTL: Esou eng bilingual Sproochefërderung dat wier och quasi e “Background” fir sech, grad sou wéi d’Integratioun. Ech kucken op d’Auer, dat kënne mir leider an deenen 3 Minutten déi eis elo bleiwen net méi thematiséieren. Dofir wollt ech vläicht e bësse Perséinleches nach mat Iech schwätzen. Dir hutt et selwer elo gesot, Dir sidd eng fréier Journalistin, Quereinsteigerin, direkt an d’Regierung komm. Wat géift Dir soen, wat ass dann dat Schwéierst als Ministesch? Wat Dir als Aussenstehende vläicht net esou gesinn hätt.

Corinne Cahen: Et ass ëmmer méi schwéier op Froen mussen ze äntwerten, wéi d’Froen ze stellen. Wann ech elo dat mol ka soen. Ech wëll net soen, datt iergend eppes schwéier ass, et mécht nämlech immens vill Spaass. Et ass flott, kënnen déi Iddien endlech mol ëmzesetzen, fir déi ee joerelaang virdru gekämpft huet. Ech sinn immens vill um Terrain, ech sinn e Bouneweger, Garer Meedchen. Ech kennen immens vill Leit. Joerelaang hu mir am Garer Quartier Leit deenen et net gutt geet mat erduerch geholl, datt se net ënnerdaach komm sinn, well se en Hond haten oder wéi och ëmmer. Dat heescht, ech menge wierklech den Terrain gutt ze kennen. Ech ginn och elo nach ëmmer vill op den Terrain. Onugemellt wa méiglech. An ech mengen, dat Schwéierst ass Zäit ze fannen, Zäit fir alles ënnert een Hutt ze kréie wéi een et gären hätt. Mä et mécht wierklech vill Spaass. A wann ee mierkt, datt ee wierklech awer kann d’Politik dee Moment upassen un d’Gesellschaft wéi ee se kennt, wéi ee se erlieft huet am Betrib, als Journalist virdrun, op der Strooss, am Quartier, bei de Kanner an der Schoul. Ech mengen, dat ass wierklech awer immens motivant. An do gesinn ech am Fong net ganz vill Negatives.

RTL: Wéi vill maachen Iech déi negativ Sondagen aus? Am Politbarometer am Tageblatt sidd Dir bei 26% Zoustëmmungen. 3 Punkte verluer. An der Negativlëscht op Plaz 5. Mécht Iech dat eppes aus, perséinlech?

Corinne Cahen: Also, d’Leit hunn net gäre wann eppes ännert. Dat schéngt mir evident ze sinn. Et ginn awer och sécher Leit déi soen, hatt schwätzt net nëmmen, mä et mécht och. Dat ass mir immens wichteg. Ech si frou wéi gesot, datt mir mol endlech hei d’Familljepolitik hei am Land thematiséieren. A wann Dir mech frot, ob ech léiwer hunn, datt d’Leit mech gär hunn oder net gär hunn, dann äntweren ech Iech ganz kloer, ech hunn och léiwer wann d’Leit mech gär hunn.

RTL: Dir waart och ganz vill op de sozialen Netzwierker aktiv, hutt och gär do Är Meenung matgedeelt. Hutt Dir elo e bëssen zréckgeschrauft, mä et kribbelt Iech awer heiansdo nach ënnert de Fanger, huet een d’Gefill.

Corinne Cahen: Et ass immens. Wann ech Iech uruffen, an Dir wëllt iergend eppes net bréngen, an ech kann et op Facebook da schreiwen, da liesen op d’mannst grad sou vill Leit et iergendwann eng Kéier. Ech mengen, déi sozial Netzwierker ass eng Realitéit vun haut. Et kann een do mol eng perséinlech Meenung äusseren. An ech mengen, dat ass och ganz wichteg an och als Politiker huet ee perséinlech Meenungen an déi muss een och heiansdo kënne soen.

RTL: Mir hate bal 1 Stonn Zäit fir déi Meenungen haut ze soen. Ech soe Merci fir de Besuch am "Background".

Corinne Cahen: Merci och.

Dernière mise à jour